Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: De Weltwirtschaftsforum huet keng global digital Wärung ageféiert

Faktencheck: De Weltwirtschaftsforum huet keng global digital Wärung ageféiert - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

De Weltwirtschaftsforum (WEF) ass ëmmer nees Bestanddeel vu verschiddene Konspiratiounstheorien, déi d’Organisatioun als Sproochrouer vun enger globaler Elitt ugesinn, déi d’Welt kontrolléiere wëll. Am Januar 2024 ass op Facebook an op der Plattform X e Video opgedaucht, an deem de Chef vum chineeseschen E-Commerce-Gigant Alibaba ze gesi war. An de Bäiträg dozou gouf fälschlecherweis behaapt, dass hien de WEF representéiere géif an d’Aféierung vun enger globaler digitaler Wärung ugekënnegt hätt, fir d’Konsumenten ze “verfollegen”.

“De WEF huet grad eng global CBDC confirméiert”, heescht et an engem engleschsproochege Facebook-Bäitrag vum 17. Januar 2024. Digitaalt Geld vun der Zentralbank (“Central Bank Digital Currency”, CBDC) ass déi digital Form vun der offizieller Wärung vun engem Land.

“Si ginn zou, dass si suivéiere wäerten, wat s du ëss, deng Reesen, mat wiem s du schwätz an alles Aneres, wat s du am Liewe méchs. Awer natierlech maache si dat, fir eis virun dem ‘Klimanoutstand’ ze retten”, sou de Bäitrag op Facebook. E puer Notzerinnen an Notzer vun der Social-Media-Plattform schénge gegleeft ze hunn, de Video géif wierklech de WEF weisen, deen d’Aféierung vun enger globaler digitaler Wärung confirméiert. “Keen huet dofir gestëmmt!”, steet an engem Kommentar. “Deem wäert sech keen uschléissen. Si wäerten et erzwénge mussen an dat wäert net ouni Gewalt goen”, huet en aneren Notzer geschriwwen.

Déi falsch Behaaptung staamt anscheinend aus engem Bäitrag op der Plattform X vun der US-amerikanescher Bloggerin Layah Heilpern, déi op dëser Plattform méi wéi 600.000 Follower huet. Déi meescht Kryptowärunge sinn dezentraliséiert a bidden Anonymitéit bei Transaktiounen, wärend digitaalt Zentralbank-Geld zentral organiséiert a reguléiert ass an d’Parteie vun den Transaktioune bekannt sinn.

RTL © AFP

Den Donnéeë vum amerikanesche Think-Tank “Atlantic Council” no hu schonn eelef Länner digitaalt Zentralbank-Geld agefouert. China test am Moment seng eegen digital Wärung an engem Pilotprogramm an d’Europäesch Zentralbank preparéiert e potenziellen digitalen Euro.

D’Aféierung vun digitalem Zentralbank-Geld huet zu villen Desinformatioune geféiert – wéi zum Beispill d’Behaaptung, dass de Plang dohannert wär, Konsumenten den Zougang zu Boergeld ze verspären.

An deem Video ass awer de President vun der chineesescher E-Commerce-Entreprise Alibaba ze gesinn – also kee Vertrieder vum WEF. Dëse kënnegt d’Entwécklung vun enger Technologie un, déi den CO2-Foussofdrock tracken, also suivéiere, kann an näischt, wat mat dem digitalen Zentralbank-Geld ze dinn hätt.

Tracker fir CO2-Emissiounen

Eng Sich no Schlësselwierder aus der Ried huet zu verschiddene Berichter vum Mee 2022 iwwer d’Ried vum Michael Evens, President vun der Alibaba Group, op dem Jorestreffe vum WEF zu Davos an der Schwäiz gefouert. Den Evans ass am offizielle Programm tatsächlech als Riedner zum Sujet “verantwortungsvolle Konsum” de 24. Mee 2022 opgefouert. E Video op dem YouTube-Kanal vum WEF weist den Evans bei der Veranstaltung – den Extrait, deen an de sozialen Netzwierker gedeelt gëtt, fänkt bei der Minutt 29:39 un.

D’Moderatrice vum Panel, d’Jane Nelson, Direktesch vun der “Corporate Responsability Initiative” op der Harvard Kennedy School, huet den Evans no Strategië fir d’Kontroll vun CO2-Emissioune gefrot. “Mir entwéckele mat Hëllef vun enger Technologie eng Méiglechkeet fir Konsumenten, hiren eegenen CO2-Foussofdrock ze moossen. Wat bedeit dat? Wou Dir reest, wéi Dir reest, wat Dir iesst, wat Dir op der Plattform konsuméiert… Also, en individuellen Tracker fir CO2-Emissiounen”, sou den Evans. “Bleift drun, en ass am Moment nach net asazfäeg, mee mir schaffen drun.”

Am August 2022 huet Alibaba schliisslech säin CO2-Foussdrock-Tracker op de Maart bruecht. Der Internetsäit vun der Entreprise no kënne Konsumenten op den E-Commerce-Plattforme vun Alibaba Rabattpunkte sammelen, wa si “kuelestoffaarm Entscheedungen” treffen – wéi beispillsweis energieeffizient Apparater ze kafen.

Ausserdeem huet e Vertrieder vum Weltwirtschaftsforum d’Behaaptung entkräft, et géif een digitaalt Zentralbank-Geld aféieren. “Dës Behaaptung ass fräi erfonnt, fir absolutt onbegrënnt Konspiratiounstheorien ze beschwieren an déi wichteg Aarbecht vum Weltwirtschaftsforum op eeschte globalen Erausfuerderungen ze diskreditéieren”, sot de Spriecher den 19. Februar géintiwwer der AFP.

De WEF ass reegelméisseg Zilscheif vun abstrusen Desinformatiounen, dorënner d’Falschbehaaptung, e géif Pedophilie begënschtegen, géif d’Ëmbrénge vu Kazen an Hënn fërderen a géif soen, dass bis 2030 all Bëbeeën “am Labo geziicht” sollte ginn.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.