
D’Europäesch Zentralbank (EZB) huet am Juli 2021 eng Phase d’étude ageleet, fir bannent 5 Joer en digitalen Euro anzeféieren.
A Sozialen Netzwierker hunn Internetnotzer argumentéiert, dass d’EZB am Kader vun dësem Projet eng “Steier” fir all Depot vu méi wéi 3.000 Euro op Compte-courante virgesäit. Dat ass awer falsch, wéi eng Rëtsch Experte fir Bankinstituter géintiwwer der AFP erkläert hunn.
Weider hunn d’Experten op d’rechtlech Onméiglechkeet vun esou enger Moossnam higewisen. D’EZB envisagéiert par contre eng Uewergrenz vun 3.000 Euro fir d’Abezuelen op digitalen Euro-Portmonnien, déi näischt mat de Compte-couranten ze dinn huet.
“D’Europäesch Zentralbank plangt, Depoten iwwer 3.000 Euro ze bestrofen, fir d’finanziell Fräiheet vun Eenzelen anzeschränken”, argumentéieren Internetnotzer a Bäiträg, déi am Januar 2025 op de Plattformen X a Facebook gedeelt goufen (1, 2, 3, 4).
“D’europäesch Diktatur gesäit eng Steier fir 3.000 Euro vir, déi op engem Bankkont steet. Den Digitalen Euro ass d’Enn vun der Fräiheet…”, heescht et weider am Text, deen am vun den Notzer gedeelte Video – och op TikTok – ze gesinn ass (1, 2).
© AFP
Eng ëmgekéiert Billersich weist, dass dësen Extrait aus engem Video vum russesche Staatsmedium “Sputnik” staamt. Doran trëtt den Eric Verhaeghe, Grënner vum Blogg “Le Courrier des Stratèges” op. Seng Äusserungen iwwer d’Covid-19-Kris an iwwer den Impfpass ware scho Géigestand vun AFP-Faktenchecken.
D’vollstänneg Emissioun mam Titel “D’digital Identitéit an d’Enn vum Boergeld” ass schonn zënter Oktober 2021 op der Videoplattform “Odysee” am Ëmlaf wéi och am russesche Sozialen Netzwierk VKontakte.
An der Sequenz vun ongeféier enger Minutt, déi haut am Ëmlaf ass, behaapt den Eric Verhaeghe: “D’Europäesch Zentralbank huet schonn ugedeit, dass si bei méi wéi 3.000 Euro, déi op engem Bankkont stinn, d’Geld anzéien oder Stroftaxen imposéiere wäert. Well si der Usiicht ass, dass Mënschen an Zukunft net ze vill Boergeld besëtze sollten.”
“D’Zil ass natierlech, […] d’Onofhängegkeet vun de Leit ze briechen. Si an eng Situatioun ze bréngen, an där si sech der staatlecher Kontroll net méi entzéie kënnen. Verstitt Dir, wann Dir 3 Milliounen op Ärem Bankkont hutt, kënnt Dir soen: ‘Ech loosse mech suspendéieren, ech refuséieren Impfungen, ech hu genuch Suen, fir eng Zäit iwwer d’Ronnen ze kommen, éier ech aarm sinn.’ Wann Dir 3.000 Euro op Ärem Bankkont hutt, hutt Dir net méi d’Méiglechkeet, der Regierung net ze follegen. An dat ass den totalitäre Projet, deen um Wee ass”, sot hie weider.
Den maximale Montant vun 3.000 Euro, op deen hie sech bezitt, concernéiert awer net d’Compte-couranten. Et handelt sech ëm eng hypotheetesch Uewergrenz, déi vun der Europäescher Zentralbank (EZB) am Kader vum Projet fir d’Aféiere vum Digitalen Euro bis 2027 oder 2028 a Betruecht gezu gëtt. Dëse géif Banknouten a Mënz ergänzen an eng zousätzlech Bezuelméiglechkeet duerstellen, fir op déi klammend Entmaterialiséierung vu Payementer an d’Zouhuele vu Kryptowärungen ze reagéieren.
Op eng AFP-Ufro vum 23. Januar 2025 huet den Edwin Le Héron (Link archivéiert), Universitéitsprofesser op der Sciences Po Bordeaux, Spezialist fir Ekonomie an Auteur vum Buch “A quoi sert la Banque centrale européenne?” (La documentation française) erkläert: Evidenterweis steet dës Limitatioun a kenger Relatioun mat de Compte-courante vun europäesche Stéit an Entreprisen. D’Geld vu Bankkonte gëtt vu Privatbanke geréiert an ni vun der Europäescher Zentralbank. Just d’Banken hu Konte bei der EZB.”
Den Alexandre Barbelane, en op Bankrecht spezialiséierten Affekot vun der Etude BfB Avocats (Link archivéiert), deen de selwechten Dag vun der AFP kontaktéiert gouf, huet och matgedeelt, dass d’Behaaptungen, déi an de Sozialen Netzwierker kurséieren, “kee Sënn erginn”. “Dofir misst et méiglech sinn, dass d’EZB op vertraglech Bezéiungen tëscht enger Privatpersoun an hirer Bank awierke kéint. […] D’EZB huet dës Aufgab net, se huet dës Muecht net. […] Rechtlech gesinn ass dat net méiglech.”
De Christophe Blot, stellvertriedenden Direkter vum Departement fir Analysen a Prognose beim Observatoire français des conjonctures économiques (OFCE ; Link archivéiert) a Spezialist fir Geldpolitik, huet de 24. Januar 2025 géintiwwer der AFP zougestëmmt: De lafende Projet [vun der EZB] huet keng Auswierkungen op d’Reguléierung […] vun de Compte-courante bannent der EU. D’EZB ka keng Entscheedung treffen, déi Strofen als Zil huet. Se trëfft keng Entscheedungen iwwer d’Féiere vun dëse Konten, déi an den Decisiounsberäich vun de jeeweilege Banke falen, wéi et an de geltende Bankreglementatioune steet.”
En digitale Portmonni mat enger méiglecher Limitt vun 3.000 Euro
Wéi d’EZB op hirer Internetsäit iwwer de Projet Digitalen Euro matdeelt (Link archivéiert), géif den Digitalen Euro éischter wéi e Portmonni wéi wéi e Spuerkont funktionéieren. “Soubal Dir Ären Digitalen-Euro-Portmonni ageriicht hutt, kënnt Dir e mat Sue fëllen, entweeder vun engem verbonnene Bankkont oder duerch Abezuele vu Boergeld. Da misst Dir just nach eng éischt Kéier mat den disponibelen digitalen Euroe bezuelen.”
No enger éischter Investigatiounsphas zum Digitalen Euro, déi vun Oktober 2021 bis Oktober 2023 duerchgefouert gouf, huet d’EZB am selwechte Mount eng Preparatiounsphas ageleet, déi besonnesch dora besteet, seng “Funktiounsreegele” festzeleeën an technesch Froen ze léisen, déi “mat senger Aféierung a groussem Moossstaf” verbonne sinn, sou de franséische Ministère fir Ekonomie a Finanzen op senger Internetsäit (Link archivéiert).
An der Propositioun fir e Reglement vum Europäesche Parlament a vum Europäesche Rot (Link archivéiert) fir d’Aféiere vum Digitalen Euro heescht et eendeiteg, dass eng Utilisatioun ouni Restriktioune vum Digitalen Euro “d’Finanzestabilitéit vum Euroraum a Gefor brénge” kéint, firwat et “noutwenneg” erschénge kéint, dass d’EZB d’Benotze vum Digitalen Euro limitéiert, besonnesch duerch “quantitativ Limitte fir individuell Avoiren an digitaler Form.”
“Am Moment läit déi geplangt Uewergrenz bei 3.000 Euro a bezitt sech just op dësen digitalen Euro-Portmonni, wat a kengem Verhältnis zu de Beträg steet, déi Eenzelpersounen op hirem Compte courant oder hire Spuerkonten hunn”, stellt de Christophe Blot fest.
Am November 2023 hat d’EZB an enger Nott iwwer déi méiglech Auswierkunge vum Digitalen Euro op d’Finanzstabilitéit effektiv de wirtschaftlechen Notze vun esou engem limitéierte Montant betount (Link archivéiert). Enger Zesummefaassung vum franséische Senat iwwer den Digitalen Euro aus dem Juni 2024 (Link archivéiert) no kéint dës Limitéierung “moderat makroekonomesch Auswierkungen betreffend d’Ofwandere vun Depoten” no sech zéien.
© AFP
E maximale Plaffong fir d’Finanzstabilitéit ze erhalen
Well wéi de Julien Prat, Fuercher um CNRS, CREST an der l’École polytechnique (IP Paris ; Link archivéiert), den 22. Januar 2025 géintiwwer der AFP erkläert huet, géif et eng gréisser finanziell Sécherheet erméiglechen, den Digitalen Euro mat engem maximale Plaffong auszerëschten. “Haut befanne mir eis an engem Pyramidesystem, an deem Dir iwwer d’Geschäftsbanke fuert, déi hirersäits Fuerderunge vun der EZB hunn. Awer Dir stitt ni direkt mat der Zentralbank a Kontakt.”
“Mam Digitalen Euro géif Äre Kont direkt bei der EZB registréiert ginn, et géif kee Kredittrisiko méi, well d’Zentralbank net bankrott goe kann. […] Also mécht den Zenario vun enger Bankepanik, [bei där d’Spuerer aus Angscht virun engem Zesummebroch vun de Banken hir Erspuernesser massenhaft vun de Banken ofzéien, Um. v. d. Red.], iwwer d’Zentralbank kee Sënn. D’Zentralbank wäert ëmmer kapabel sinn, de Mënschen ze déngen. […] Kuerz gesot, e Kont bei der Zentralbank ass e Kont, dee vill méi sécher ass wéi e Kont bei enger Geschäftsbank”, sou den Expert weider.
Et wär awer noutwenneg, dësem digitale Portmonni e maximale Plaffong zouzeweisen, fir d’Gläichgewiicht vum Finanzsystem ze erhalen. “D’Geschäftsbanke wëllen net desintermeditéiert ginn, well se op dës Depoten ugewise sinn, fir ze funktionéieren. Dowéinst gëtt d’Uewergrenz [fir den Digitalen-Euro-Portmonni, Um. v. d. Red.] a Betruecht gezunn, fir dass d’Leit net alles bei der EZB abezuelen a bei de Geschäftsbanke just nach Depoten iwwereg bleiwen”, betount de Julien Prat.
Dat erkläert, firwat d’Geschäftsbanken hirersäits éischter fir eng niddereg Limitt plädéieren. Sou huet de Laurent Quignon, Chef vum Ekonomie-Departement, am November 2023 an engem Podcast vun der Direction des études économiques vu senger Bank BNP Paribas (Link archivéiert) geurteelt, dass eng individuell Limitt an der Gréisstenuerdnung vu 500 Euro vill méi räsonabel wär, virun allem well den Digitalen Euro kengem echte Bedarf entsprécht an ugesiichts de verschiddene bestoende Bezuelméiglechkeete keen neie Service bidde géif.”
“D’EZB hirersäits schwätzt vun enger Limitt an der Gréisstenuerdnung vun 3.000 Euro pro Notzer, wat potenziell en Digitalen-Euro-Bestand vun 1.000 Milliarden Euro bedeite kéint, wann all individuell Avoire vun den 340 Milliounen Awunner vum Euroraum dës Grenz notze géifen. Dat géif 7 Prozent vun den ausstoende Bankdepoten am Privatsecteur entspriechen”, huet hie geschriwwen.
Digitalen Euro gëtt nach diskutéiert
Wéi d’Banque de France am Dezember 2024 op hirer Internetsäit resuméiert huet (Link archivéiert), “gouf an dësem Stadium d’Entscheedung, en Digitalen Euro anzeféieren, nach net getraff.”
“Dës Entscheedung ka vum Eurosystem eréischt getraff ginn, wann de rechtleche Kader festgeluecht ass. Sollt den EZB-Rot d’Aféierung vun engem Digitalen Euro decidéieren, kéint dësen dann ab 2027 oder 2028 schrëttweis agefouert ginn”, sou d’Bank weider.
De Projet vum Digitalen Euro war schonn am Dezember 2022 Géigestand vun enger viraler Rumeur gewiescht, wéi Internetnotzer behaapt haten, dat géif d’Enn vum Boergeld an der Europäescher Unioun bedeiten. Zu Onrecht, wéi d’AFP an engem Faktencheck erkläert hat.
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.