Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Däitschland huet Pedophilie net entkriminaliséiert

Faktencheck: Däitschland huet Pedophilie net entkriminaliséiert - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

© AFP / RTL Grafik

Däitschland wëll e Gesetz aus dem Joer 2021 iwwerpréiwen, dat déi minimal Strofe fir de Besëtz an d’Verbreedung vu Kannerpornografie verschäerfe soll. Nodeem d’Regierung dat ugekënnegt hat, sinn am Februar 2024 falsch Behaaptungen an englescher a serbescher Sprooch an Ëmlaf gaangen, dass d’Notzung an d’Verbreedung vu Kannerpornografie an Däitschland net méi strofbar wären. Dat ass awer falsch.

“An Däitschland ass de Besëtz an d’Verbreedung vu Kannerpornografie net méi strofbar”, steet an der Iwwerschrëft vun engem Artikel, deen den 10. Februar 2024 op Serbesch publizéiert gouf. Links, fir bei den Artikel ze kommen, oder Screenshotte vun der Schlagzeil goufen zu Dosenden op Facebook gedeelt (hei, hei). Den Artikel ass och op Telegram an engem Bäitrag am Ëmlaf, dee bannent e puer Deeg iwwer 6.300 Mol gekuckt gouf, souwéi op der Plattform X.

Den Internetsite an déi mat him verbonne Social-Media-Konten hunn an der Vergaangenheet zuelräich falsch Behaaptunge publizéiert, vun deenen d’AFP der e puer iwwerpréift huet (hei, hei an hei). Dësen neien Artikel ass eng Iwwersetzung vun engem engleschen Text, dee vun “The People’s Voice” publizéiert gouf. Dës Internetsäit ass dofir bekannt, falsch Informatiounen ze verbreeden – beispillsweis gouf et déi widderhuelte falsch Behaaptung, dass sech de Weltwirtschaftsforum fir d’Entkriminaliséierung vu Pedophilie ausschwätzt, oder dass d’Duechter vum Klaus Schwab “Klima-Lockdowns” ugekënnegt hätt.

Mat dem Gesetz (§ 184b StGB iwwer d’Verbreedung, d’Beschafen an de Besëtz vu kannerpornografeschem Contenu), dat 2021 votéiert gouf, goufen déi minimal Strofen ugehuewen a speziell d’Strof fir “d’Ofruffen oder d’Verschaffe vu kannerpornografeschem Contenu, deen eng tatsächlech oder eng realistesch Handlung erëmgëtt, oder de Besëtz vun esou Contenuen” op ee Joer bis fënnef Joer eropgesat. Wärend d’Gesetz d’Zil huet, sexuell Gewalt géint Kanner ze bekämpfen, gouf et vu Policebeamten, Procureuren a Kannerschutzexperte kritiséiert, well et dozou geféiert huet, dass automatesch juristesch Schrëtt géint Persounen ageleet goufen, déi kee kriminelle Virsaz haten – wéi an dësem Artikel vun der “Tagesschau” vum Januar 2024 (hei archivéiert) opgewise gëtt. Den neie Gesetzesentworf ziilt dorop of, Plaintë géint esou Persounen ze vermeiden.

RTL © AFP

Anescht wéi d’Bäiträg op Serbesch vermudde loossen, ass d’Gesetz nach net votéiert. Déi däitsch Bundesregierung huet de Gesetzesentworf den 9. Februar 2024 dem Bundesrat fir eng Stellungnam virgeluecht. De Bundesrat huet sechs Wochen Zäit, dozou Stellung ze huelen. Dëst ass eréischt den Ufank vun der Prozedur, fir d’Gesetz duerchzebréngen. Duerno kann d’Regierung dorop reagéieren an de Gesetzesentworf dem Bundestag virleeën, an d’Prozedur ka weidergoen. De 14. Februar 2024 war op der Internetsäit vum Bundestag ze liesen, dass de Bundesrat de Gesetzesentworf nach net diskutéiert huet.

RTL © AFP

Astellung vu Plaintë géint Elteren a concernéiert Léierpersonal

Wéi de Gesetzesentworf vum Bundesministerium für Justiz (BMJ) duerleet, ass dat aktuellt Recht an déi minimal Strof vun engem Joer Fräiheetsstrof “besonnesch da bedenklech, wann de Beschëllegten offensichtlech net aus eegenem sexuellen Intressi u kannerpornografeschem Contenu gehandelt huet, mee (…) [fir] eng weider Verbreedung oder en ëffentlechen Accès zu kannerpornografesche Contenuen ze verhënneren oder opzeklären.”

Mat der Gesetzesännerung soll “séchergestallt ginn, dass an all Eenzelfall nees eng strof- an der Schold ugemoosse Reaktioun méiglech ass”, heescht et am Entworf no Kritik vun Organisateure wéi dem “Deutschen Anwaltverein“, der Bundesrechtsanwaltskammer an der “Deutschen Vereinigung für Jugendgerichte und Jugendgerichtshilfe.”

D’Leontine Päßler, Referentin fir d’Press an Ëffentlechkeetsaarbecht vum gemengnëtzege Veräin “Freiwillige Selbstkontrolle Multimedia-Diensteanbieter e. V.” (FSM), dee sech fir Jugendschutz am Internet asetzt, huet confirméiert, dass dat aktuellt Gesetz zu onerwënschten Auswierkunge geféiert hätt.

Duerch d’Gesetz vun 2021 gouf “och an net-strofrechtleche Fäll ermëttelt. Dëst huet zu enger Hausse vun Enquêtë géint Persoune geféiert, déi offensichtlech net aus eegenem sexuellen Intressi u kannerpornografesche Contenue agéiert hunn. Besonnesch heefeg war dat de Fall bei Elteren oder Léierpersonal, déi op den Apparater vun hire Kanner oder Schüler kannerpornografescht Material fonnt hunn, dëst dokumentéiert oder weidergeleet hunn, fir op e Mëssstand opmierksam ze maachen, Strofdoten opzeklären oder ze verhënneren”, huet si den 13. Februar 2024 an enger E-Mail un d’AFP geschriwwen.

Am August 2023 hunn däitsch Medien iwwer de Fall vun enger Léierin bericht, déi en intime Video erofgelueden hat, deen an der Schoul am Ëmlaf war, fir d’Eltere vun der Schülerin ze alarméieren. “De Parquet ass verflicht, géint d’Fra ze ermëttelen an Uklo ze erhiewen, och wann d’Ermëttler dovun ausginn, dass d’Léierin a beschter Absicht gehandelt huet”, heescht et an deem Artikel (hei archivéiert).

De Gesetzesentworf zitéiert och de Fall vun enger Fra, op där hirem Handy schwéier belaaschtend kannerpornografescht Material war, dat onabsichtlech duerch en automateschen Download gespäichert gouf.

D’Behaaptung, dass Pedophiller, déi wéinst Besëtz vu Kannerpornografie iwwerféiert ginn, elo just wéinst engem Bagatell-Delikt ugeklot ginn, ass falsch, well de Gesetzesentworf d’Héchststrof dir däraarteg Verbriechen net ännert, mee just erméiglecht, dass een, vun deem d’Autoritéite souwisou net gleewen, dass hien oder si mat kriminellem Virsaz agéiert, och net ugeklot muss ginn – wéi déi uewe genannt Léierin.

Den däitsche Justizminister Dr. Marco Buschmann huet an engem Pressecommuniqué matgedeelt, an deem hien och d’Unhuele vum Gesetzesentworf duerch d’Bundesregierung de 7. Februar ugekënnegt huet, dass d’Verbreedung vu kannerpornografesche Contenuen eng schwéier Strofdot wier, déi mat bis zu zéng Joer Prisong bestrooft kéint ginn. Dat wier richteg an doru géif sech och näischt änneren. (hei archivéiert).

D’Soziologin Dr. Barbara Kavemann, wëssenschaftlech Mataarbechterin um Sozialwissenschaftlichen Forschungsinstitut zu Geschlechterfragen Freiburg a Member vun der onofhängeger Kommissioun fir d’Opschaffe vu sexuellem Kannermëssbrauch (dt. Unabhängigen Kommission zur Aufarbeitung sexuellen Kindesmissbrauchs), huet géintiwwer der AFP an enger E-Mail vum 14. Februar 2024 erkläert, dass et bei der geplangter Ännerung dorëm goe géif, dass zum Beispill Elteren, déi op dem Handy vun hire Kanner pornografescht Material fannen an et u Berodungsstellen oder un d’Police weiderginn oder Kanner a Jugendlecher, deene pornografescht Material zougeschéckt gëtt, net wéinst enger Strofdot ugesicht kéinte ginn.

D’Verbreedung, d’Acquisitioun an de Besëtz vu Kannerpornografie “ass nach ëmmer illegal a gëtt strofrechtlech verfollegt”, sot och d’Leontine Päßler géintiwwer der AFP. “Duerch d’Gesetzesännerung wäerten déi däitsch Autoritéiten hoffentlech méi Capacitéite kréien, fir mat de schwéiere Fäll vu sexuellem Kannermëssbrauch ëmzegoen”, huet si erkläert.

Falsch Behaaptungen iwwer Frankräich an Neiséiland

“The People’s Voice” widderhëlt och eng Rei vu falsche Behaaptungen, déi schonn am Januar 2023 op dëser Internetsäit verbreet goufen, dorënner zum Beispill, dass Natiounen engem Opruff vum Weltwirtschaftsforum (WEF) nokomme géifen, Pedophilie ze entkriminaliséieren. Am Artikel ass e gefälschten Tweet ze gesinn an et gëtt keng Spuer dovun, dass eng däraarteg Strategie jeemools vum WEF ugestrieft gouf.

Et ass och falsch, dass Frankräich “Sex mat Kanner entkriminaliséiert” huet, wéi den Text op Englesch a Serbesch behaapt. D'”Schiappa-Gesetz” aus dem Joer 2018 gouf zwar kritiséiert, well et net streng genuch war, awer mëttlerweil goufen nei Gesetzer votéiert. D’Gesetz vun 2021 beseet, dass sech keng erwuesse Persoun op déi sexuell Zoustëmmung vun engem Kand verloossen däerf, wann (et) ënner 15 Joer oder – am Fall vun Inzest – ënner 18 Joer al ass. No dësem Gesetz gëtt den Tatbestand vun der Vergewaltegung vun engem Mannerjäregen oder enger Mannerjäreger ënner 15 Joer mat bis zu 20 Joer Prisong bestrooft.

E weidert Beispill fir déi verschäerft Gesetzgeebung a Frankräich ass d’Gesetz géint “Revanchepornoen”, dat 2016 gestëmmt gouf.

Och d’Wierder vun engem neiséilännesche Riichter ginn an den Texter, déi zënter Februar 2024 am Ëmlaf sinn, falsch erëmginn. E Riichter hat 2022 de Geschwuerenen, déi iwwer de Fall vun engem Mann ze entscheeden haten, dee wéinst enger Rëtsch Sexualstrofdoten un engem 12 an un engem aacht Joer ale Meedchen ugeklot war, déi juristesch Ënnerscheeder am Gesetz illustréiert. Fir ënnerschiddlech Ukloe géint dëse Mann hunn ënnerschiddlech Gesetzer gegollt. De Riichter hat net nom Alter vun der Persoun, déi agewëllegt huet, ënnerscheet. Hien hat och erkläert, dass hie mat dem Scholdsproch vun de Geschwuerenen “averstane” wär.

Wärend an Neiséiland allgemeng dovun ausgaange gëtt, dass Persounen ënner 16 Joer keng Awëllegung zu sexuellen Handlunge kënne ginn, konnt d’Defense an deem hei behandelte Fall, an deem d’Uklo als “Vergewaltegung” bezeechent gouf, ëmmer nach versichen ze argumentéieren, dass d’Affer seng Awëllegung ginn hätt. Dat hat zu enger ëffentlecher Revolt wärend dem Prozess an zu Fuerderungen no enger Ännerung vum Gesetz geféiert.

Däraarteg Behaaptungen, déi dem Narrativ nokommen, dass westlech Länner Kanner a Gefor bréngen a Sexualverbrieche wéi Pedophilie fërderen, hunn an de leschte Joren un Opmierksamkeet gewonnen. Se sinn eent vun den Haaptsujete vun der russescher Propaganda fir d’Rechtfäerdegung vum Ugrëffskrich op d’Ukrain, souwéi vu konservativen Organisatiounen, déi sech géint d’Rechter vun LGBTQ-Persounen asetzen.

D’AFP huet esou falsch Behaaptungen iwwer eng angeeblech Entkriminaliséierung oder Ënnerstëtzung vu Pedophilie schonn e puer Mol iwwerpréift (hei, hei, hei an hei).

Fazit: D’Behaaptungen a sozialen Netzwierker, deenen no d’Notzung an d’Verbreedung vu Kannerpornografie an Däitschland duerch eng Gesetzesännerung net méi strofbar wär, si falsch. D’Zil vun der proposéierter Gesetzesännerung ass et, ze verhënneren, dass Persounen, déi Beweiser fir d’Police sammelen oder däraarteg Inhalter ongewollt kréien, strofrechtlech verfollegt ginn. Déi däitsch Regierung huet de Gesetzesentworf dem Bundesrat fir eng Stellungnam virgeluecht. Op der Internetsäit vum Bundestag ass ze liesen, dass de Bundesrat de Gesetzesentworf nach net diskutéiert huet.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.