
E Video, dee milliounefach an de Sozialen Netzwierker geklickt a gedeelt gouf, suggeréiert, dass den Emmanuel an d’Brigitte Macron hir Descente aus engem “falsche Fliger” inzenéiert hätten. Dobäi handelt et sech awer ëm e Montage, dee vun ierféierende Messagë begleet gëtt.
D’Originalversioun gouf wärend enger echter Rees vun der Presidentekoppel op Madagaskar den 23. Abrëll 2025 vun engem AFP-Journalist agefaangen. D’detournéiert Versioun vum Video gouf mat Spezialeffekter beaarbecht a vun engem satireschen Account op TikTok verbreet.
“Huel Fligere fir huel Leaderen” (“Des avions creux pour des leaders creux”), “D’ganz Welt ass eng Bün!”: Dës béisaarteg Kommentarer begleeden zënter e puer Deeg e virale Video, deen op de Plattformen X (1, 2, 3), Facebook (1, 2), Instagram (1, 2) oder nach TikTok (1, 2) verbreet gouf. Dora gëtt behaapt, dass eng vun der franséischer Presidentekoppel orchestréiert Inzenéierung opgedeckt géif.
D’Sequenz weist den Emmanuel an d’Brigitte Macron beim Erausklammen aus engem Fliger mam franséische Presidentelogo. E puer Sekonne méi spéit ass d’Kameraastellung awer erweidert: De Fliger schéngt erausgeschnidden, op engem Gerüst ze stoen, wéi wann e just eng Kuliss wär. Ageblent ass d’Ausso “Elysée vs Reality” ze gesinn.
© AFP
Dëse Video gouf a ville Sprooche gedeelt, dorënner Englesch, Japanesch oder nach Russesch. D’Presidentekoppel gëtt an all Versioun beschëllegt, d’Leit ze “veraarschen“.
“Dës Feiglingen hu wärend aacht Joer 24 Stonne laang just Fakenews bruecht. Et ass eng Sauerei, dës pathologesch Ligener Frankräich regéieren ze loossen”, schreift beispillsweis en Internetnotzer op X.
En detournéierten AFP-Video
D’Biller, déi fir d’Erstelle vun dësem Montage benotzt goufen, sinn zwar echt, goufen awer manipuléiert. Se goufen den 23. Abrëll 2025 vun engem Videograf vun der Norichtenagence AFP wärend engem offizielle Besuch vun der Koppel Macron zu Antananarivo, der Haaptstad vu Madagaskar, opgeholl (hei archivéiert).
Eng einfach ëmgekéiert Billersich erméiglecht et, den Originalvideo ze fannen, deen um YouTube-Kanal vun der AFP diffuséiert gouf.
© AFP
D’Presidentekoppel klëmmt aus dem Fliger fir eng offiziell Staatsvisitt vun zwee Deeg op der afrikanescher Insel.
An der gefälschter Versioun dauchen zwee Logoen op: de Logo vu Mediapart an e weidere mam Numm “VinzA”. Op den offizielle Kanäl vum Investigativ-Medium ass dëse Video awer net ze fannen. An den zweete Logo verweist op e parodistesche Kont op TikTok.
Op dësem Kont mam Numm VinzA ass de Video duerchaus ze fanne mam explizitten Hiweis: “Dëse Video ass en Detournement, deen ech mat Hëllef vun engem Montage an Trickserei hiergestallt hunn (wéi iwwregens all Videoen op mengem Kanal). Iwwerpréift ëmmer Är Quellen, wann Dir Iech onsécher sidd!” De Kont gëtt iwwregens a senger Biografie op Englesch un: “Falsifying the truth editing and special effects” (“D’Wourecht mat Hëllef vu Montage a Spezialeffekter fälschen”).
© AFP
Dëse Kont spillt op satiresch Manéier domadder, dass ee virageholl ass. En ass och op humorvoll Montagë vu politesche Sequenze spezialiséiert.
Operatioune vun Desinformatioun
Ee vun de Facteuren, déi staark zu der Viralitéit vun dësem Video bäigedroen hunn, ass d’Deelen duerch de Kont @Camille_Moscow, deen haaptsächlech op der Plattform X aktiv ass. D’AFP huet scho méifach falsch Contenuen opgedeckt (1, 2), déi vun dësem Kont verbreet goufen an dacks en anti-ukraineschen, anti-europäeschen a pro-russeschen Toun opgewisen hunn.
An hirem 2025 publizéierte Rapport nennt d’franséisch Agence Viginum, déi mat der Iwwerwaachung vun auslänneschen digitalen Amëschunge beoptraagt ass, @Camille_Moscow ënner de franséischsproochege Relaise vun enger russescher Informatiounsoperatioun mam Numm “Storm-1516”. Dëse Mechanismus, deen zënter 2023 aktiv ass, ass der Agence no fir eng Rëtsch Desinformatiounsoperatioune verantwortlech, déi dorop ofzilen, d’ëffentlech Debatt a Frankräich an Europa ze destabiliséieren.
D’Netzwierk verbreet besonnesch Deepfakes, manipuléiert Videoen oder ierféierend Contenuen, déi wéi journalistesch Berichter ausgesinn, mam Zil, sou Viginum, “d’demokratesch Institutioune vun Europa ze delegitiméieren” an “d’westlech Ënnerstëtzung fir d’Ukrain ze ënnergruewen”.
Zesummegefaasst:
- De Video, deen d’Koppel Macron beim Erausklammen aus engem “falsche Fliger” weist, ass eng ierféierend Montage.
- D’Biller, déi fir dës Montage benotzt goufen, si reell: Se goufe vun engem AFP-Journalist op Madagaskar opgeholl.
- Den Auteur vun der ierféierender Montage behaapt, Saachen an engem satiresche Kontext ze produzéieren, awer Internetnotzer hu se weiderverbreet an dobäi absichtlech oder onabsichtlech d’satiresch Dimensioun ewechgelooss.
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.