Scroll Top

Faktencheck “Doppelgänger”: Meta profitéiert finanziell vu prorusseschem Desinformatiounsnetzwierk

Faktencheck "Doppelgänger": Meta profitéiert finanziell vu prorusseschem Desinformatiounsnetzwierk - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

Zënter dem Ufank vum Krich an der Ukrain goufen europäesch Medien ëmmer nees vun Hacker-Säite kopéiert, déi Artikele mat prorusseschen an antiwestlechen Narrativer verbreeden.

Schonn am September 2022 gouf dës Desinformatiounscampagne ënner dem Numm “Doppelgänger” bekannt. Zënterhier huet se sech konstant weiderentwéckelt an ass 2025 souguer op der Plattform Bluesky opgedaucht.

Fuerscherinnen a Fuerscher hunn erausfonnt, dass Meta am Joer 2024 e puer Honnertdausend Dollar duerch gesponsert Contenue vun dëser Campagne verdéngt huet.

Karikaturen, déi mat Politikerinnen a Politiker de Geck maachen, prorussesch Meldungen, déi europäesch Ukrain-Hëllefen diskreditéieren a weider tendenziéis, gesponsert Contenuen: E puer Zéngdausend Facebook-Notzer a Frankräich, Däitschland, Polen an Italien krute Contenue vun dësem Muster scho gewisen. Fachleit no stécht hannert dëse Bäiträg, déi zënter 2022 bekannt prorussesch Desinformatiounscampagne “Doppelgänger“, wéi e Bericht mam Titel “Influence by Design” zesummefaasst.

An dësem Bericht, dee Mëtt Januar 2025 vun Check First, Reset Tech an AI Forensics publizéiert gouf, heescht et, dass Meta tëscht August 2023 an November 2024 ongeféier 338.000 US-Dollar dofir krut, op d’mannst 8.000 gesponsert Contenuen ze publizéieren.

D’Desinformatiounscampagne “Doppelgänger” hat am Joer 2022 domat ugefaangen, westlech Medien ze imitéieren, fir antiukrainesch an antiwestlech Messagen ze verbreeden. An de Joren duerno huet sech d’Campagne weiderentwéckelt an ass a verschiddene Sozialen Netzwierker opgedaucht, ënner anerem och duerch Reklammen op Facebook.

Däitlech méi wéi bis elo noweisbar

Zwou russesch Entreprisë goufe beschëllegt, hannert de Contenue vun der “Doppelgänger”-Campagne ze stoen. Se goufe schonn am Juli 2023 vun der Europäescher Unioun a spéider vun de Vereenegte Staate vun Amerika an dem Vereenegte Kinnekräich sanktionéiert. Mä eng vu béiden – d’Social Design Agency (SDA) – huet dem Bericht no weiderhi Reklammen op Facebook geschalt.

“Trotz dëse Sanktiounen huet Meta weiderhi Reklammen, déi mat der SDA a Verbindung stoungen, iwwerpréift, geneemegt a verbreet”, sot de Guillaume Kuster, President vun “Check First”. “Dat léist kritesch rechtlech Bedenken hisiichtlech dem Anhale vun internationale Sanktiounsreegelen aus.”

D’Spezialiste goufen un, dass d’Zuel vun de kritesche Bäiträg warscheinlech nach däitlech méi héich wär, wéi déi genannt 8.000, well si sech an deem Bericht just op d’Revelatiounen aus engem Leck vun SDA-Dokumenter konzentréiert hunn, iwwer déi fir d’éischt an esteschen an däitsche Medie bericht gouf.

Ouni d’Desinformatiounscampagne direkt ze benennen, hat Meta am September 2022 d’Existenz vun “Doppelgänger” confirméiert an op eng “koordinéiert Aflosscampagne” am Zesummenhang mat Russland op Facebook verwisen.

Op eng AFP-Ufro wéinst den aktuelle Revelatiounen huet Meta op seng fréier Rapporte verwisen, an deenen digital Menacen am Zesummenhang mat Russland ernimmt goufen. Dorënner ass och e Rapport, dee Mëtt 2024 publizéiert gouf an an deem d’Existenz vun Annoncen am Zesummenhang mat “Doppelgänger” confirméiert gouf.

Meta huet ausserdeem betount, et wär “déi éischt Technologieentreprise, déi d’Campagne opgedeckt huet”, an huet bäigefüügt, dass een zéngdausende vu Bäiträg am Zesummenhang mam Netzwierk blockéiert hätt.

Eng duerchduecht Desinformatiounscampagne

Dem Joseph Bodnar no, deen um Institute for Strategic Dialogue (ISD) fuerscht, ass “Doppelgänger” vu sengen ufängleche Bäiträg mat Reklammen op Facebook op hierkëmmlech Bäiträg an anere Sozialen Netzwierker iwwergaangen. Ufank 2025 sinn “Doppelgänger”-Bäiträg eng éischt Kéier op der Plattform Bluesky opgedaucht. D’Plattform gëtt vu ville fréieren X-Notzerinnen an -Notzer benotzt, déi mam Elon Musk sengem Ëmgang mat der Plattform onzefridde sinn.

Bot-Konte mat änleche Mierkmoler verstäerken d’Wierkung vun de Bäiträg an der Reegel: KI-generéiert Profilfotoen, identesch Biografien, Dosenden Äntwerten op Noriichten, déi alleguer bannent e puer Deeg erstallt goufen. “D’amerikanesch Demokraten hunn an der Ukrain d’Polverfaass preparéiert, an d’EU-Länner mussen dat elo ausbueden!”, huet zum Beispill en Notzer mam Numm  “Jake Fitzgerald” op Bluesky geschriwwen.

D’Desinformatounscampagne “passt sech den aktuellen Evenementer un […], konzentréiert sech op reell Problemer a versicht, ze iwwerdreiwen, fir dës nach méi schlëmm wierken ze loossen”, sot de Bodnar.

Op Bluesky reagéiere Profiller am Allgemengen op aflossräich Konten, fir méi Opmierksamkeet ze kréien, huet de Valentin Chatelet vum Labo fir digital Analyse vum Atlantic Council erkläert. D'”Doppelgänger”-Campagne géif dowéinst “e gewëssent Mooss u Raffiness” weisen.

Bis elo hunn d’Contenue vun “Doppelgänger” awer iwwer all d’Plattformen ewech kee grousse Public ugezunn. Eng Gefor gesäit de Guillaume Kuster vun Check First doran, dass sech “en Deel vum Erfolleg vun ‘Doppelgänger’ och an der Berichterstattung vun der Press, de Plattformen a Berichter vu Fuerscher” moosse géif. Well dat eigentlech Zil vum Netzwierk wär flagrant russesch Propaganda.

Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.