Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Dës Behaaptung iwwer déi däitsch Futtballtrikote ass Satir

Faktencheck: Dës Behaaptung iwwer déi däitsch Futtballtrikote ass Satir - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Opgrond vun der Kritik, d’Réckennummer 44 op den neien Trikote vun der däitscher Futtball-Nationalekipp géif un déi verbueden SS-Runen aus dem Nationalsozialismus erënneren, huet den Däitsche Futtball-Bond (DFB) de Verkaf vun dëser Zuel am Abrëll 2024 gestoppt. Am Moment gëtt eng Alternativ fir den Design vun der Ziffer 4 entwéckelt, wéi et heescht. Trikote mat der Nummer 18 goufe fir de Moment awer net ofgeschaaft, wéi am Moment am Internet diskutéiert gëtt.

“No der 4 an der 44 +++ Breaking News +++ DFB schaaft op den Trikote vun allen Ekippen den Trikot mat der Nummer 18 of”, heescht et an engem Facebook-Bäitrag vum 2. Abrëll 2024. An de Bäiträg gëtt e Spriecher vum DFB zitéiert. Seng angeeblech Ausso: “D’Zuel 18 steet bei den ‘Neie Rietsen’ a bei den ‘Alen Nazie’ fir d’Initiale vum A. Hitler. Dovu wëlle mir eis selbstverständlech distanzéieren!” Och op der Plattform X gouf d’Behaaptung zënter Ufank Abrëll 2024 e puermol gedeelt.

RTL © AFP

Bei de Lännermatcher géint Frankräich a géint Holland Enn Mäerz 2024 hat déi däitsch Futtball-Nationalekipp fir d’éischt Kéier hir nei Trikoten un. Deenen hiren neien Design huet awer fir Kontroverse gesuergt: A sozialen Netzwierker gouf kritiséiert, dass d’Nummer 4 am neien Design un eng Run erënnere géif. D’Nummer 44 géif de Rune vun der Schutzstaffel (SS) aus der Zäit vum Nationalsozialismus änelen. Zwar hätt keen Nationalspiller dës Nummer, sou Medieberichter, se konnt awer online op personaliséierten Trikoten iwwer offiziell Säite bestallt ginn.

NS-Symboler a rietsextreem Coden

Nieft dem Hakekräiz ass och d’S-Run e Symbol, dat däitlech mat der NS-Diktatur associéiert gëtt. Déi duebel Siegrune, déi aus zwou S-Rune kombinéiert ass, war d’Zeeche vun der SS an der NSDAP, déi Konzentratiouns- a Vernichtungslagere bedriwwen huet, an deene Millioune Leit ermort goufen. Déi einfach Siegrune war den Emblème vum “Deutschen Jungvolk” an der Hitlerjugend. An Däitschland an Éisträich sinn eng Rei nationalsozialistesch Symboler verbueden – dorënner och déi duebel Siegrune an d’Hakekräiz.

Esou NS-Symboler ginn dacks duerch Zuelecoden ugedeit. D’AFP huet huet sech schonn an der Vergaangenheet mat Zuelekombinatiounen ausenanergesat, déi Rietsextreemer benotzen, fir verschlësselt Messagen ze verbreeden. D’Zuel 88 gëtt vun Neonazien zum Beispill als Code benotzt, fir op d’Ufanksbuschtawen vum Hitlergruß unzespillen, zu deem dacks d’Wierder “Heil Hitler” gesot goufen. H ass den aachte Buschtaf am Alphabet.

DFB reagéiert op Kritik zu Nummer 44

De Sportartikelhiersteller Adidas souwéi den DFB hunn op d’Kritik um Design vun der Nummer 4 op dem neien Trikot reagéiert, wéi an enger Rei Artikelen ze liese war (z.B. hei an hei). De Verkaf gouf Ufank Abrëll 2024 gestoppt, den Design gëtt iwwerschafft, huet et a Medieberichter geheescht.

Op AFP-Ufro housch et vum DFB den 3. Abrëll 2024 konkreet: “Wéi op Social Media dorop higewise gouf, dass d’Nummer ’44’ eng Änlechkeet zu enger Symbolik, déi am dem Nationalsozialismus benotzt gouf, opweist, hu mir dësen Hiweis direkt opgeholl an dës Nummer an eise Fanshops späre gelooss.”

Op AFP-Ufro huet Adidas den 3. Abrëll 2024 geschriwwen, dass d’Personaliséierung am eegenen Online Store gespaart gouf. Virdru konnt jiddereen eegen Trikote mat Numm a Nummer erstellen. Weider housch et awer: “Fir den Design vun den Nimm an den Nummeren ass den DFB mat sengem Partner 11teamsports responsabel.” Den Teamsporthändler 11teamsports ass Lizenzpartner vum DFB, wéi dësen och der AFP confirméiert huet. Eng Ufro bei 11teamsports blouf bis zur Publikatioun vun dësem Faktencheck ouni Äntwert.

Bestëmmt Nimm mat Bezuch zum Nationalsozialismus konnte bei Adidas a beim DFB scho virdrun net bestallt ginn – zum Beispill och d’Zuel 88, sou den DFB géintiwwer der AFP.

DFB huet Behaaptung widdersprach

Vum DFB huet et en plus generell geheescht, dass 11teamsports fir déi nei Trikoten eng eege Schrëftaart entwéckelt a mat dem DFB ofgestëmmt hätt. Am Developpementsprozess vum Trikotdesign wär et net opgefall, dass d’Symbolik ganz no un där vum Nationalsozialismus wär: “Eleng déi ëffentlech Diskussioun, dass et optesch ganz no doru kéint sinn, geet eis duer, e Changement unzegoen.” Den DFB wär elo mat 11teamsports am Austausch, “en alternativen Design vun der Typographie vun der Nummer 4 ze entwéckelen an uschléissend an Ofstëmmung mat der UEFA dësen offiziell unzepassen”.

D’Behaaptung, dass den DFB Trikote mat der Nummer 18 ofschafe géif, wéi am Internet behaapt, gouf vun dësem géintiwwer der AFP awer explizitt niéiert. Och Adidas huet dës Behaaptung net confirméiert.

Eng Stéchwierdersich iwwer déi angeeblech Ofschafung vun Trikote mat der Nummer 18 huet der AFP och keng weider  schlësseg Resultater geliwwert.

Bäiträg als Satir gekennzeechent

Eng ëmgekéiert Billersich huet d’AFP zu weidere Bäiträg mat der Behaaptung geféiert. An enger Rei Bäiträg op der Plattform X gëtt op e Kont mam Numm “FreifrauvonFranken” higewisen. Do gouf d’Falschbehaaptung den 1. Abrëll 2024 publizéiert. Aus engem Kommentar ënner dem Bäitrag op X geet awer ervir, dass et sech ëm Satir handelt. Och op Facebook sinn eng Rei Bäiträg mam Verweis “Satir” gekennzeechent.

RTL © AFP

An anere Bäiträg gouf dësen Hiweis awer ewechgelooss. User weise sech do iwwer déi angeeblech Ofschafung vun der Nummer 18 revoltéiert: “Alter Schwede, wou soll eis dësen Onsënn nach hibréngen? (…) No #véier a #véieravéierzeg elo och nach #uechtzéng?”, heescht et zum Beispill an engem Bäitrag vum 2. Abrëll op X. “Sorry, déi hunn esou lues alleguer eng un der Rësel!!!”, steet an engem Kommentar ënner engem Facebook-Bäitrag mat der Desinformatioun.

Fazit: Den Design vun den neien Trikote vun der däitscher Futtball-Nationalekipp huet fir Kritik gesuergt, well d’Réckennummer 44 un déi verbueden SS-Run aus dem Nationalsozialismus erënnere géif. Den DFB huet d’Nummer doropshin a senge Fanshops aus dem Verkaf geholl. Trikote mer der Nummer 18 goufen awer net ofgeschaaft. Heibäi handelt et sech ëm eng Desinformatioun, déi ursprénglech mat engem Hiweis op Satir gedeelt gouf.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.