Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Etüd liwwert keng Beweiser fir Laangzäitschied duerch Maskendroen

Faktencheck: Etüd liwwert keng Beweiser fir Laangzäitschied duerch Maskendroen - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Wärend der Pandemie hu sech Masken als effektiivt Mëttel, fir d’Andämme vum Coronavirus erausgestallt.

Et handelt sech iwwregens ëm en Artikel, deen aner Etüden auswäert. Fachleit souwéi eng Rei Etüde confirméieren ausserdeem, dass richteg benotzt Masken e wierksame Schutz viru Vire bidden an net schiedlech sinn.

“Nei Etüd: Laangzäitschied duerch toxesch Inhaltsstoffer beim Droe vu Masken” steet an enger Rei vu Facebook-Bäiträg vun Ufank Mee 2024. Um gedeelte Bild sinn zwou Persoune mat Gesiichtsmasken ofgebillt. Driwwer ass ënner anerem de Logo vum éisträichesche Blogg “tkp” ze gesinn. An de Kommentarer weise sech User besuergt: “Vill Kanner wäerte spéider mat Longekriibs ze kämpfen hunn”, kommentéiert zum Beispill eng Notzerin.

RTL © AFP

D’Behaaptung geet meeschtens op en Artikel vun “tkp” zeréck, dee sech mat der zitéierter Etüd ausenanersetzt. An enger Rëtsch Bäiträg gëtt direkt dorop verlinkt. Bei “tkp” handelt et sech ëm e Blogg, dee scho Falschinformatioune verbreet huet, mat deene sech d’AFP an der Vergaangenheet (z.B. hei an hei) beschäftegt huet.

Zesummefaassung vun Etüd op éisträicheschem Blogg

“Nei Etüd: Laangzäitschied duerch toxesch Inhaltsstoffer beim Droe vu Masken” ass den Titel vum tkp-Bäitrag, deen a Sozialen Netzwierker e puermol ernimmt gëtt. “Eng nei Etüd faasst d’Schuedpotenzialer zesummen”, heescht et an der Aleedung vum Artikel. Duerno gëtt déi concernéiert Etüd, där hiren Auteuren et u fachlecher Qualifikatioun feele géif, wéi Experte soen, méi no beschriwwen.

Zum Opbau vun der Etüd gëtt am tkp-Artikel gesot, dass 1003 Etüden iwwerpréift a schlussendlech 24 ausgewäert goufen, an deene Gehalt a Fräisetze vu Gëftstoffer a “631 Masken (273 chirurgesch, 228 textil an 130 N95-Masken)” ënnersicht goufen. Dat gëtt och an der Etüd esou ugefouert. Et handelt sech soumat ëm keng eegen duerchgeféiert Etüd, mee ëm Analys vun aneren Enquêten zu dësem Sujet. Dat gëtt an e puer Bäiträg a Sozialen Netzwierker och explizitt ernimmt: “Ass eng Meta-Etüd, DAT Theema vun den Auteuren an de lesche Joren – awer nach keng Peer Review”, schreift ee User hei korrekterweis.

“tkp” no hätten d’Auteure festgestallt, dass d’Bevëlkerung “duerch dat forcéiert Droe vu Maske méi wéi enger Dose vun organeschen an anorganesche Gëftstoffer ausgesat war”. Doriwwer eraus géife Masken dozou féieren, dass Mikroplastik a Mikrofaseren opgeholl ginn an an d’Long oder an de Verdauungstrakt geroden.

Am Artikel gëtt awer ëmmer just op méiglech – an net op beluecht oder festgestallt – negativ Auswierkunge vu Masken, déi an der Etüd ënnersicht goufen, verwisen. Et geet zum Beispill vu “potenzieller Toxicitéit beim Maskendréier” oder “potenziell liewensverkierzenden Auswierkunge” rieds. Ausserdeem gëtt am Artikel ernimmt, dass d’Verwendung vu Masken der Etüd no d’Belaaschtung vun Otemweeër, Longen an Organer mat cheemesche Verbindungen, Schwéiermetaller, Mikro- an Nanoplastik erhéije kéint. Dass dat festgestallt oder beluecht gouf, ass net ze liesen.

Keng Beleeg an zitéierter Etüd

Déi zitéiert Etüd gouf de 15. Abrëll 2024 mat der englescher Headline “Wearing face masks as a potential source for inhalation and oral uptake of inanimate toxins – a scoping review” verëffentlecht. Dës hëlt soumat just Bezuch op Masken als “potenziell” Quell fir d’Ophuele vu Gëftstoffer. De Blogg “tkp” huet am Fléisstext korrekterweis mat “D’Droe vu Gesiichtsmasken als potenziell Quell fir Inhalatioun an oral Opnam vun net liewegen Toxinnen – eng Iwwersiicht iwwer den Ëmfang” iwwersat.

An der zitéierter Etüd selwer gi keng Beweiser ugefouert, dass Maske laangfristeg Gesondheetsproblemer ausléise géifen – anescht wéi déi gedeelt Bäiträg et suggeréieren. Nogewise Laangzäitschied duerch d’Droe vu Maske ginn an der Etüd net ernimmt. Och “tkp” bezitt sech just am Titel vum Artikel dorop.

Déi zitéiert Etüd enthält zwar tatsächlech Warnunge virum Droe vu Masken. Et ginn allerdéngs just méiglech negativ Auswierkunge genannt, awer keng eendeiteg Konklusioune gezunn: “Natierlech filtere Maske gréisser Knascht- a Konschtstoffpartikele souwéi -faseren aus der Otemloft, awer eisen Donnéeën no enthale se och de Risiko, dass Mikroplastik- an Nanoplastikpartikelen a potenziell toxesch Substanzen, déi aus dem Maskematerial selwer stamen, ageotemt ginn.” D’Virdeeler a Risike vum Benotze missten dohier suergfälteg ofgewie ginn. E puer vun den onmëttelbare Konsequenze beim Droe vu Maske wéi Kappwéi, dréchenen Houscht, Schnapp oder Hautreizunge “kéinte” mat de “potenzielle kuerz- a laangfristegen negativen Auswierkunge” vu Toxinnen a Maske mat gesondheetsschiedlechen a kriibserreegenden Eegenschaften zesummenhänken, heescht et weider.

 

RTL © AFP

Fachleit gesi keng Gefor bei Masken

Fachleit kënnen de Warnunge virum Droe vu Masken awer wéineg ofgewannen. Op AFP-Ufro huet den Oliver Licht, Toxikolog um Fraunhofer-Institut für Toxikologie und Experimentelle Medizin an Ëffentlechkeetsbeoptraagte vun der Deutschen Gesellschaft für Toxikologie (GT), den 13. Mee 2024 geäntwert, dass der GT “keng Erkenntnisser” zu méiglecherweis gesondheetsschiedlechen Inhaltsstoffer an FFP2-Maske virléichen. Vu Maske fräigesat Fasere géing ausserdeem “keng oder eng vergläichsweis geréng Gesondheetsgefor” aus. D’Verréngerung vun de Risike vun enger Infektioun géif bei wäitem iwwerweien. “Vu Beruffstätegen, déi deeglech Otemmasken droen, si keng besonnesch Gesondheetsgefore bekannt”, huet et weider geheescht. Fir gewëss Maskentyppe gëtt et awer medezinesch begrënnt Maximaldrozäite souwéi Pausenzäiten.

Op AFP-Ufro zu der gedeelter Behaaptung huet d’Deutsche Gesellschaft für Hygiene und Mikrobiologie (DGHM) an enger Noriicht vum 10. Mee 2024 geschriwwen, dass wärend der Pandemie eng Villzuel vu cheemesch ënnerschiddleche Masken op de Maart koumen, déi hisiichtlech der medezinescher Onbedenklechkeet am Sënn vun engem allgemenge Schutz fir d’Bevëlkerung “net grëndlech iwwerpréift” gi waren. Uerdentlech gepréift Maske vu fiabelen Hiersteller fir den Aarbechtsschutz ginn awer zënter Joerzéngte benotzt, “ouni dass et erkennbar zu pertinente cheemesch ausgeléiste Schied am Sënn vun Intoxikatiounen oder d’Entstoe vun Tumeure bei den Exponéierte weltwäit komm ass”, huet d’Nicole von Maltzahn vun der DGHM geschriwwen.

Den Departement Presse vum Robert-Koch-Institut (RKI) huet an enger Noriicht un d’AFP vum 8. Mee 2024 op eng Stellungnam vun der DGHM a vun der Deutschen Gesellschaft für Krankenhaushygiene (DGKH) aus dem Joer 2020 verwisen, déi weiderhin “nëtzlech” wär. Dora schwätze sech béid Gesellschafte grondsätzlech fir d’Droe vu Masken aus a betruechten dës als onbedenklech, souwäit se uerdnungsgemäss benotzt ginn.

Allgemeng bekannt Auteure vun der Etüd

Der Madamm von Maltzahn vun der DGHM no gouf de gedeelte Pabeier och vun Auteure verfaasst, déi “majoritär keng wëssenschaftlech Qualifikatioun opweisen”. Als Haaptauteur vun der Publikatioun gëtt de Medezinner a Chirurg Kai Kisielinski genannt. Hie war schonn an der Vergaangenheet u Publikatioune bedeelegt, déi sech kritesch zu Maske geäussert hunn. Deenen hir Valeur gouf awer schonn e puermol widderluecht (z.B. hei an hei).

De Co-Auteur an Immunolog Stefan Hockertz zielt Medieberichter no zu de prominentste Kritiker un de Moossnamen, déi fir d’Andämmung vun der Pandemie an Däitschland agesat goufen. Hien huet scho Falschaussoen an dësem Zesummenhang gemaach, déi zum Beispill vu Faktenchecken iwwerpréift goufen (z.B. hei an hei).

Etüde beleeë Schutz duerch Masken

An der zitéierter Etüd gëtt schlussendlech gesot, dass et “keng empiresch Beleeg fir d’Wierksamkeet vu Maske beim Andämme vun der Verbreedung vu Vire” géif. Am Hibléck op déi zuelräich toxesch Inhaltsstoffer vu Gesiichtsmaske wieren zum Beispill weider Opschaffen a Fuerschungen “dréngend néideg”.

D’Schutzwierkung vu richteg benotzte Masken ass awer duerch eng Villzuel vu wëssenschaftlechen Artikelen an Etüde beluecht. Den RKI weist op senger Internetsäit dorop hin, dass korrekt gedroe medezinesch Masken a Phasen, an deene sech Vire staark verbreeden, a Banneraim zousätzlech virun Infektioune schütze kënnen. Aus enger Etüd vum Max-Planck-Institut geet ervir, dass medezinesch Masken de Risiko vun enger Corona-Infektioun däitlech erofdrécken. Doran ass ze liesen: “Mir stelle fest, dass den Infektiounsrisiko ganz geréng ass, wa jiddereen eng Gesiichtsmask dréit, och wa se net perfekt um Gesiicht sëtzt.”

D’AFP huet schonn an der Vergaangenheet Aussoe widderluecht, Maske géife geféierlech Gëftstoffer enthalen, géifen de Kriibsrisiko erhéijen oder géifen zu Sauerstoffmangel bei Kanner féieren. Och d’Behaaptung, FFP2-Maske géife kee Schutz viru Vire bidden, huet d’AFP schonn e puer Mol widderluecht (z.B. heihei oder hei).

Fazit: User a Sozialen Netzwierker deelen d’Behaaptung, eng nei Etüd géif angeeblech Laangzäitschied duerch toxesch Inhaltsstoffer beim Droe vu Maske beweisen. Dat ass ierféierend. Déi zitéiert Etüd liwwert keng Beweiser dofir, dass Maske laangfristeg Gesondheetsproblemer ausléisen. Et handelt sech ëm en Artikel, dee just aner Etüden auswäert. Fachleit confirméieren ausserdeem, dass korrekt gedroe Masken net schiedlech sinn a viru Vire schützen.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.