
Wandenergie zielt zu de wichtegsten erneierbare Stroumquellen an Däitschland, gëtt awer dacks Zil vun Desinformatioun. Online ware Bäiträg am Ëmlaf, déi d’Effizienz vu Wandkraaft mat der Behaaptung, dass Wandkraaft just “3,2 Prozent vum Energiebedarf” ofdecke géif, a Fro gestallt hunn.
Experten hu géintiwwer der AFP awer erkläert, dass dës Zuel ierféierend wär a Wandkraaft an Däitschland fir op d’mannst een Drëttel vun der Stroumproduktioun genotzt géif.
Iwwer Wandenergie sinn ëmmer nees falsch oder ierféierend Informatiounen am Ëmlaf. Sou huet zënter Ufank vum Joer 2025 eng Behaaptung iwwer d’Effizienz vu Wandparken op diversen Internet-Plattformen d’Ronn gemaach. Doran heescht et: “An Däitschland decken ongeféier 30.000 Wandrieder zirka 3,2 % vum Energiebedarf of.”
Eng Abberzuel Notzer hunn dës Géintiwwerstellung op Facebook, Instagram, Threads souwéi op X gedeelt, déi beweise soll, dass Wandkraaft wéineg Notzen hätt.
© AFP
D’Notzer hu vun “3,2 Prozent vum Energiebedarf” geschwat, ouni méi no dorop anzegoen, wat si mat “Energiebedarf” gemengt hunn. D’AFP huet eng Rëtsch Experte fir fir eng Anuerdnung kontaktéiert.
Wéi moosst een den Energiebedarf vun engem Land?
Wéi vill Energie e Land insgesamt verbrauch, gëtt vun Expertinnen an Experten a vun der Industrie als “Primärenergieverbrauch” (PEV) definéiert. Eurostat, der Statistikagence vun der EU, no moosst “de Primärenergieverbrauch … de Gesamtenergiebedarf vun engem Land”. Dat däitscht Umweltbundesamt definéiert Primärenergie als de “rechneresch benotzbaren Energiegehalt vun engem natierlech virkommenden Energieträger, éier en enger Ëmwandlung zougeféiert gëtt.” Souwuel endlech Energieträger (Kuel, Äerdueleg oder Äerdgas) wéi och erneierbar Energien (Photovoltaik, Wandenergie, Waasserkraaft) zielen zu de Primärenergieträger.
Effektiv ass den Undeel vun der Wandkraaft an Däitschland um PEV net allze wäit vun der Ziffer ewech, déi an de Bäiträg genannt gëtt: Op AFP-Ufro huet d’Umweltbundesamt den 28. Abrëll 2025 matgedeelt, dass den Undeel am Joer 2024 bei 3,9 Prozent louch. D’Zuel u Wandkraaftanlagen ass och ongeféier richteg: Der Wandenergiestatistik vun der Berodungsfirma Windguard no waren an Däitschland Enn 2024 28.716 Wandkraaftanlagen am Asaz. Um Mier ware 1.639 Anlagen a Betrib. Allerdéngs soten d’Experten, déi d’AFP kontaktéiert hat, dass den Undeel vu Wandenergie um PEV als Moossstaf fir deenen hir Effizienz net gëeegent wär.
Fir de Wolf-Peter Schill, Chef vum Fuerschungsdepartement beim Deutschen Institut für Wirtschaftsforschung (DIW) mat Sëtz zu Berlin, ass de Primärenergieverbrauch “keng entscheedend Gréisst” fir den zukünftegen erneierbaren Energiesystem. An d’Behaaptung, dass 30.000 Wandrieder 3,2 Prozent vum Energiebedarf ofdecke géifen, wär “ierféierend”.
De PEV kéim “aus engem fossillen Energiesystem”, huet den Energieekonomist am Gespréich mat der AFP den 30. Abrëll erkläert.
An esou engem System géife bei der Ëmwandlung vu Primärenergie a Stroum, Fernwärme oder Carburanten – beispillsweis a Kraaftwierker oder Raffinerien – bis zu 60 Prozent vun der agesater Primärenergie duerch Wäermt, déi ofgeet, verluer goen. Esou Ëmwandlungsverloschter géife beim PEV matgerechent ginn.
“Bei Wandenergie gëtt et esou Verloschter net, an de Wand fir d’Stroumproduktioun ass gratis”, sot de Schill. Dowéinst wär de PEV als Kennzuel fir d’Effizienz vun erneierbaren Energiequellen “ongëeegent”, huet de Schill duergeluecht.
Wandkraaft aktuell wichtegst ekologesch Stroumquell
D’Wandenergie um Land an um Mier huet am Joer 2024 mat engem Ertrag vun 138,9 Milliarde Kilowattstonnen (kWh) de gréisste Bäitrag zur Stroumproduktioun aus erneierbaren Energië bäigedroen, wéi d’Umweltbundesamt opgewisen huet. Dat entsprécht knapp 27 Prozent vum gesamten däitsche Bruttostroumverbrauch am Joer 2024, also där Stroumquantitéit, déi an Däitschland am Joer verbraucht gëtt.
Insgesamt goufen am ofgelafe Joer 2024 der däitscher Bundesnetzagentur (Stand Januar 2025) no 431,7 Terrawattstonne (TWh) Stroum produzéiert. Gemooss un der Gesamtproduktioun koumen 254,9 TWh – oder ongeféier 59 Prozent – vun erneierbaren Energieträger. Onshore-Wandanlagen (um Land) hunn zu 25,9 Prozent an Offshore-Wandanlagen (um Mier) zu 5,9 Prozent zur gesamter Stroumproduktioun bäigedroen, sou d’Bundesnetzagentur.
© AFP
Änlech Zuelen huet och d’Statistische Bundesamt ausgerechent : Den Undeel u Wandkraaft bei der Stroumproduktioun louch am Joer 2024 bei 31,5 Prozent, wéi d’Amt den 12. Mäerz 2025 matgedeelt huet. Domat wär “d’Wandkraaft déi wichtegst Energiequell an der bannenzeger Stroumproduktioun”.
Wéi e Wandrad zur Stroumproduktioun bäidréit
Eng Wandkraaftanlag wandelt Wand an erneierbar Stroumenergie ëm. Wéi dat funktionéiert, weist Iech d’AFP an dësem Video.
Gemooss um Primärenergieverbrauch wär “am Fong de Stroumsecteur relativ kleng”, huet de Schill erkläert. Sou louch den Undeel vum Bruttostroumverbrauch um Primärenergieverbrauch am Joer 2023 bei knapp 18 Prozent. En klimafrëndlechen Energiesystem géif “op enger héijer Elektrifizéierung” berouen.
Eng besser Vergläichsgréisst ass den Undeel vun erneierbaren Energien um Endenergieverbrauch, wou sech den Energieekonomist Schill an e Spriecher vum Umweltbundesamt eens sinn. Dat ass déi Energie, déi d’Industrie oder Privatstéit aus dem Energiesystem verbrauchen. Am Joer 2024 haten erneierbar Energien en Undeel vun 22,4 Prozent um Bruttoenergieverbrauch, wann een no den Zuele vun der Aarbechtsgrupp Erneuerbare Energie-Statistik (AGEE-Stat) geet. Dovun huet Onshore-Wandenergie 4,9 Prozent ausgemaach. De Klimaziler vun der EU no soll den erneierbaren Undeel bis 2030 op 30 Prozent klammen.
Stëmmung géint d’erneierbar Energiequell hunn an der Vergaangenheet virun allem rietspopulistesch Gruppéierunge gemaach. D’aktuell Behaaptung gouf den 11. Abrëll 2025 vun der Alternative für Deutschland (AfD) am Landkreess Mayen-Koblenz gedeelt. Am Nopeschland Éisträich stellt sech beispillsweis d’Schwësterpartei FPÖ géint Wandkraaft. Am südlechste Bundesland Kärnten huet si Ufank 2025 géint den Ausbau vu Wandparke gestëmmt, wéi d’AFP gemellt hat.
Weider Faktenchecken zum Sujet Wandenergie fannt Dir op der AFP-Internetsäit.
Fazit: Eng am Internet wäit verbreet Ausso, dass Wandkraaft just “3,2 Prozent vum Energiebedarf” ofdecke géif, ass der Aschätzung vun Experten no ierféierend. Wandenergie koum an Däitschland am Joer 2024 fir e knappen Drëttel vun der Stroumproduktioun op.
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.