
Zënter Joerzéngten ass eng wäit verbreet Feelinformatioun, déi Autismus mat Impfungen a Verbindung bréngt, am Ëmlaf. Déi jéngst Versioun dovun, déi sech am Internet verbreet, gëtt fälschlecherweis eng wëssenschaftlech Aarbecht als Beweis dofir un, dass Covid-19-Impfungen dës liewensgeféierlech Erkrankung ausléisen.
De Bericht, deen an der medezinescher Fachzäitschrëft “The Lancet” publizéiert gouf, ernimmt awer keng Impfstoffer an huet sech a Wierklechkeet mat der Prevalenz an der gesondheetlecher Belaaschtung duerch Autismus befaasst.
“D’Fuerschung huet gewisen, dass Impfstoffer d’Ursaach fir Autismus sinn“, housch et an engem Facebook-Bäitrag op Englesch a Malaysesch, deen de 26. Dezember 2024 gedeelt gouf.
“D’Etüd vu Global Burden of Disease (GBD) huet erausfonnt, dass a Länner mat héijem Impftaux eng staark Hausse vun Diagnose mat Autismus-Spektrum-Stéierungen (ASD) ze verzeechnen ass“, housch et weider.
“Fuerscher hunn erausfonnt, dass dës spronghaft Hausse un ASD-Fäll am Joer 2021 ugefaangen huet, nodeem ‘d’Impfstoffer’ fir den ëffentleche Gebrauch zougelooss goufen.“
Malaysia hat seng Covid-19-Impfcampagne fir Erwuessener am Februar 2021 gestart a se spéider op Kanner ab 5 Joer erweidert (archivéierte Link).
An dësem Facebook-Post ass en Artikel vun der malaysescher Noriichtenagence “Kosmo” ze gesinn, mat der Iwwerschrëft: “Taux vu Gebuerte vun autistesche Kanner hëlt a Malaysia a weltwäit zou”.
© AFP
Autismus ass eng liewenslaang Entwécklungsstéierung, déi zu Schwieregkeeten an der Kommunikatioun a sozialen Interaktioune féiere kann. Et geet een dovun aus, dass se duerch geneetesch an ëmweltbedéngt Facteure beaflosst gëtt, obwuel d’Wëssenschaftler net alleguer d’Ursaache vollstänneg verstoe kënnen (archivéierte Link).
Feelinformatiounen, déi eng Verbindung tëscht Impfungen an Autismus hierstellen, sinn zënter Joerzéngten am Ëmlaf a ginn op eng gréisstendeels widderluecht Etüd aus dem Joer 1998 zeréck, an där en Zesummenhang tëscht der Krankheet an der Impfung fir Riedelen, Mumps a Risele (RMR) vermutt gouf.
De Facebook-Bäitrag – an eng Rëtsch änlech Bäitrag – war opgedaucht, nodeem Malaysia gemellt hat, dass een tëscht 2013 a September 2024 eng Hausse vun 815 Prozent u Kanner mat der Diagnos Autismus festgestallt hätt (archivéierte Link).
De malaysesche Ministère fir Fraen, Famill a kommunal Entwécklung, deen d’Zuele publizéiert hat, huet sech net zu de Grënn fir d’Hausse geäussert, awer Wëssenschaftler hunn op verbessert Screeningen an d’Erweiderung vun den Diagnoskrittären am Laf vun de Joer als méiglech Erklärung higewisen.
“Aner Facteuren, wéi prenatal a perinatal Komplikatiounen, d’Expositioun mat bestëmmten Ëmweltgëfter wärend der Schwangerschaft, goufen och als méiglech Facteure fir d’Entwécklung vun Autismus ënnersicht”, sou den an den USA usässegen Drake Institute of Neurophysical Medicine (archivéierte Link)
Iwwerhaapt keng Verbindung ze fannen
Eng Stéchwierdersich op Google huet de Bericht vum “The Lancet”, deen op Facebook falsch duergestallt gouf, fonnt.
D’medezinesch Fachzäitschrëft hat den 11-säitege Pabeier den 19. Dezember 2024 mam Titel “”The global epidemiology and health burden of the autism spectrum: findings from the Global Burden of Disease Study 2021” publizéiert (archivéierte Link).
De Bericht faasst d’Resultater iwwer déi weltwäit Prevalenz vun Autismus an d’Belaaschtung vun de Gesondheetssystemer zesummen a betount d’Noutwendegkeet vun enger Fréierkennung a liewenslaangen ënnerstëtzende Servicer fir déi Betraffen. Covid-19 oder aner Impfstoffer goufen doran net ernimmt.
D’Doktesch Norazlin Kamal Nor, de Chef-Kannerdokter vun der Medezinescher Fakultéit vun der Universiti Kebangsaan Malaysia – deen net un der Etüd vun “The Lancet” bedeelegt war – sot, dass d’Etüd “keng Verbindung oder Associatioun tëscht dem Impfstoff fir Covid-19 an Autismus-Spektrum-Stéierungen hierstellt” (archivéierte Link).
De Bericht géif weisen, dass d’Prevalenz vum Autismus-Spektrum mat 788,3 pro 100.000 concernéierte Leit héich wär an dass Autismus zu héije Käschte fir d’Krankekeess féiere géif.
“Dës Informatioune sollen dozou bäidroen, d’Allocatioun vu Gesondheetsservicer fir Autisten ze verbesseren”, sot si géintiwwer der AFP.
Ausserdeem huet de Kosmo-Artikel, deen a Facebook-Bäiträg gedeelt gouf, weder Covid-19 nach Impfstoffer ernimmt (archivéierte Link).
Am Artikel vum 10. Mee 2024 hate Fachleit fir Gesondheet iwwer d’Diagnos vun Autismus geschwat an doriwwer, wéi Eltere concernéiert Kanner hëllefe kéinten.
Den Angabe vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) no sinn eeschthaft oder laang unhalend Niewewierkunge vun der Covid-19-Impfung zimmlech seelen.
Zu den typeschen Niewewierkunge gehéiere Péng op der Injektiounsplaz, Féiwer, Middegkeet, Kappwéi, Muskelwéi, Schüttelfrost a an Duerchfall, wéi et heescht.
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.