Scroll Top

Faktencheck: Falsche Video: Israeelesch Deputéiert hunn nom Waffestëllstand mat der Hamas net gekrasch

Faktencheck: Falsche Video: Israeelesch Deputéiert hunn nom Waffestëllstand mat der Hamas net gekrasch - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

De 15. Januar 2025 gouf vu Katar an den USA e Waffestëllstand tëscht Israel an der Hamas annoncéiert, deen den 19. Januar a Kraaft getrueden ass. Dëse Waffestëllstand huet dozou geféiert, dass d’Partei “Jüddesch Stäerkt” (hebr. Otzma Jehudit) aus der israeelescher Regierung ausgetrueden ass, well d’rietsextreem Gruppéierung dëst Ofkommes als “skandaléis” ugesäit.

An dësem Zesummenhang gouf e Video, an deem Membere vum israeelesche Parlament kräischen, an d’Netz gestallt. E puer Internetnotzer hu souguer behaapt, dass dat d’Reaktioun vun den Deputéierten op d’Ofkommes wär. De Video ass awer aus dem November 2023 a weist d’Reaktioun vun Deputéierten, déi sech grad d’Biller vun de Massakeren ugekuckt haten, déi d’Hamas de 7. Oktober 2023 an Israel verüübt hat.

Mam Akraafttriede vun enger sechs Woche laanger Wafferou den 19. Januar huet en nach onséchere Prozess ugefaangen, deen de 15 Méint undauerende Krich tëscht Israel an der islamistescher Palestinenserorganisatioun Hamas op en Enn brénge soll.

E puer Deeg virdrun haten den israeelesche Minister fir national Sécherheet, den Itamar Ben Gvir, gewarnt, dass hien aus der Regierung zerécktriede géif, sollt dës d’Ofkommes fir e Waffestëllstand mat der Hamas akzeptéieren. Hien hat d’Ofkommes als “onverantwortlech” bezeechent.

An dësem Zesummenhang krut e Video a Sozialen Netzwierker groussen Zoulaf a gouf vun Internetnotzer wäitleefeg gedeelt. Dora si kräischend Membere vun der Knesset (dem israeelesche Parlament) ze gesinn.

E puer Internetnotzer gesinn doran eng Reaktioun op d’Waffestëllstandsofkommes an de Récktrëtt vum israeelesche Minister vun extrême Droite.

“De Ben Gvir trëtt aus der Regierung zeréck, Membere vun der Knesset kräische wéinst Waffestëllstandsofkommes”, heescht et an enger Rëtsch Bäiträg (1,2,3,4,5).

RTL © AFP

Dës Behaaptung gouf an enger Rei Sproochen, dorënner Englesch, Arabesch an Indoneesesch, an op diverse Plattforme gedeelt, dorënner Telegram, Facebook an TikTok.

En aus dem Kontext gerappte Video

De Video ass awer al an aus dem Kontext gerappt ginn.

Wann een d’Wuert “Parlament” op Hebräesch iwwersetzt an eng ëmgekéiert Billersich duerchféiert, fënnt een eng Rëtsch Bäiträg aus dem November 2023, manner wéi ee Mount no den Attacke vun der Hamas.

“Haut ware 56 Membere vun der Knesset invitéiert, sech e 46 Minutte laange Film unzekucken, deen den Horror vum Hamas-Massaker de 7. Oktober weist. De Video gouf mat Biller vu Go-Pro-Kamerae vun den israeeleschen Zaldoten a Polizisten a mat Biller vun Hamas-Kameraen erstallt (…) Hei sinn d’Reaktiounen op de Video”, hat eng Reporterin vun I24news den 1. November 2023 op Instagram geschriwwen, wéi si de Video, deen duerno viral goung, gedeelt hat.

Den X-Kont vum lokalen israeelesche Fernseesender “Now14Israel” hat de selwechten Dag e Reportage mat änleche Biller gedeelt.

Ënnen ass e Verglach tëscht engem virale Video, deen 2023 vun enger I24news-Reporterin op Instagram gepost gouf (lénks), an engem Reportage, deen de selwechten Dag vum lokale Fernseesender Now14Israel diffuséiert gi war (riets):

RTL © AFP

D’Online-Dageszeitung ” Time of Israel” hat an engem Artikel vum 6. November 2023 confirméiert, dass et sech ëm “eng Sëtzung à huis clos” gehandelt hat, bei där eng Rei Deputéiert “an Tréinen ausgebrach waren”, wéi si sech onverëffentlecht Material vum 7. Oktober ugekuckt haten.

“E Video, dee vun enger I24-Journalistin gepost gouf, huet eng beweegend Zeen vu sichtlech verstéierten a kräischende Legislateuren am Gank vun der Knesset gewisen, ausserhalb vum Projektiounssall”, housch et weider.

Zënter dem Ufank vum Krich huet d’AFP schonn eng Rëtsch Desinformatiounen a Falschmeldungen am Zesummenhang mat dësem Konflikt iwwerpréift (1,2,3,4).

E fragille Waffestëllstand

Och de Chef vun der israeelescher Arméi Herzi Halevi ass den 21. Januar zeréckgetrueden, um drëtten Dag vum fragille Waffestëllstand an der Gazasträif. Hien huet seng Responsabilitéit fir “d’Versoen” iwwerholl, dass d’Attacke vun der Hamas vum 7. Oktober 2023 net verhënnert gi konnten.

Am Uschloss dorun huet den Oppositiounschef Yair Lapid de Récktrëtt vum Premierminister Benjamin Netanjahu gefuerdert. “Elo ass et un der Zäit, dass Dir Är Verantwortung iwwerhuelt an zerécktriet, de Premierminister a seng komplett katastrophal Regierung.”

Nodeem den 19. Januar déi éischt Phas vun der Wafferou a Kraaft getruede war, déi zur Fräiloossung vun dräi israeelesche Geiselen an 90 palästinensesche Prisonéier geféiert hat, huet d’islamistesch Organisatioun Hamas ugekënnegt, dass si de Samschdeg drop véier weider an der Gazasträif gefaangen Israeelinne fräiloosse géif.

Wärend der éischter Phas vum Waffestëllstand sollen 33 israeelesch Geiselen am Austausch fir ronn 1.900 vun Israel inhaftéiert Palästinenser fräigelooss ginn an d’israeelesch Arméi soll sech aus engem Deel vum Gebitt zeréckzéien.

D’Wafferou, déi initial op 42 Deeg ausgeluecht ass, soll et erméiglechen, dass all Dag 600 Camione mat humanitärer Hëllef an d’Palästinensergebitt, dat vun Israel belagert gëtt, reese kënnen.

D’Attack vun der Hamas vum 7. Oktober 2023 hat op israeelescher Säit zum Doud vun 1.210 Mënsche geféiert, gréisstendeels Zivilisten, wéi eng Zielung vun der AFP op Grondlag vun offiziellen israeeleschen Donnéeën ergouf.

D’israeelesch Vergeltungsoffensiv an der Gazasträif huet den Angabe vum Hamas-geféierte Gesondheetsministère op d’mannst 46.913 Doudesaffer gefuerdert, déi meescht dovun Zivilisten. Dës Zuele gi vun de Vereenten Natiounen als zouverlässeg agestuuft.

 

Voir cette publication sur Instagram

 

Une publication partagée par Agence France-Presse (@afpfr)

Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.