Polizisten a Secret-Service-Agenten an den USA hunn de 15. September 2024 offensichtlech en zweet Attentat op de republikanesche Presidentschaftskandidat Donald Trump verhënnert. Trotzdeem sinn d’Behaaptungen am Internet, de fréiere President hätt no der Schéisserei an engem Bäitrag “0-2” geschriwwen, falsch.
“Et ass mir egal, wien s du bass, dat ass witzeg”, steet an engem Instagram-Bäitrag vum 15. September 2024 vum Spike Cohen, dem Vizepresidentschaftskandidat 2020 vun der libertärer Partei (engl. Libertarian Party).
De Bäitrag, deen dausende vun Interaktioune krut, weist en angeebleche Screenshot vun engem Bäitrag vum Trump senger Social-Media-Plattform “Truth Social”. An dësem Bäitrag soll den Trump “0-2” geschriwwen hunn, woumat hien angeeblech op déi net erfollegräich Attentater op sech am Juli a September hiweise wëll.
© AFP
Déi selwecht Behaaptung an dat selwecht Bild hu sech op anere Plattforme wéi Instagram, X, Facebook, Reddit, YouTube, Telegram a Gettr verbreet – an och an diverse Sproochen: Spuenesch, Portugisesch, Arabesch, Persesch a Chineesesch.
D’Procureuren hunn den 58 Joer ale Ryan Wesley Routh wéinst federalem Waffeverbriechen ugeklot, nodeem hien am Zesummenhang mat engem Komplott, den Trump op senger Golfplaz zu West Palm Beach erschéissen ze wëllen, festgeholl gi war.
Mataarbechter vum Secret Service sollen e Mann, dee spéider als de Ryan Wesley Routh identifizéiert gouf, bei enger Patrull entdeckt hunn, deen e Gewier aus enger Bamrei eraus an d’Richtung vum Trump geriicht gehat hätt. D’Agenten hunn doropshin ugefaangen, op de Mann ze schéissen, éier hie geflücht ass a spéider vun der lokaler Police verhaft gouf.
Op alle Fall huet den Trump uschléissend kee Bäitrag mat “0-2” op Truth Social ofgesat.
De Profill vum fréiere President weist keng Noriichten, déi mat den online gedeelte Screenshots iwwereneestëmmen. Et gëtt och keng archivéiert Versioune vun esou engem Post vum Dag vun oder no der Schéisserei.
Keng vun de groussen US-Medien hunn iwwer dëse Bäitrag bericht, obwuel de selwechten Dag iwwer vill aner Messagë vum fréiere President senger Truth-Social-Säit bericht gouf.
Ongeféier 10 Stonnen nodeem d’Agenten de Rough entdeckt haten, huet den Trump seng éischt wierklech Reaktioun op de Virfall ofginn a sot, hie wär den Agente dankbar dofir, dass si d’Attentat verhënnert hätten.
“DÉI GELEESCHT AARBECHT WAR ABSOLUTT FORMIDABEL. ECH SINN IMMENS HOUFREG, EN AMERIKANER ZE SINN!”, huet den Trump geschriwwen.
De vermeintleche Bäitrag, deen am Internet gedeelt gouf, entsprécht och net dem übleche Format oder der Schrëftaart vun der Plattform.
Truth Social notzt zwou Schrëftaarten: Inter a Poppins. Keng vu béide passt zu de Schrëftzich op dem gefälschte Screenshot (hei archivéiert).
E Verglach vum Bild an engem echten Truth-Social-Bäitrag, deen déi selwecht Zeeche benotzt, weist däitlech Ënnerscheeder bei der Schrëftgréisst an dem Stil. Zum Beispill ass d’0 am Fake-Bäitrag uewe méi flaach an huet manner ofgerënnt Ecker wéi am Original.
© AFP
© AFP
D’Schrëftaart vu Google fir Inter a Poppins ass och eng aner wéi déi um online gedeelte Screenshot.
D’AFP huet dem Trump seng Campagne-Ekipp an Truth Social fir e Kommentar kontaktéiert, krut awer keng Äntwert.
D’AFP huet nach aner Behaaptungen iwwer den Donald Trump widderluecht.
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.