Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Gefueren Zitroun hëlleft net Diabetes, Kriibs oder Iwwergewiicht ze heelen

Faktencheck: Gefueren Zitroun hëlleft net Diabetes, Kriibs oder Iwwergewiicht ze heelen - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Eng Zitroun hëlleft net, Kriibs oder Diabetes ze traitéieren. An trotzdeem gëtt dës Behaaptung iwwer Internetsäiten a Publikatiounen a sozialen Netzwierker ëmmer nees thematiséiert.

Obwuel d’Experten, déi vun der AFP befrot goufen, betounen, dass eng equilibréiert Ernierung an eng gutt Liewenshygiène dozou bäidroen, bestëmmt Gesondheetsprobleemer ze verhënneren an ze stabiliséieren, warne si virun dësem angeeblechen Heelmëttel a weisen op d’Noutwennegkeet vun enger adaptéierter medezinescher Versuergung hin.

E Bäitrag vum 2. Abrëll 2023 op Facebook, deen zënterhier e puermol an deem sozialen Netzwierk (1, 2, 3) gedeelt gouf, behaapt, dass “gefrueren Zitroun Diabetes, Tumoren an Iwwergewiicht definitiv heelt”. Verschidde Kommentare bezweifelen d’Richtegkeet vun dëser Behaaptung, anerer huele se eescht.

RTL © AFP

Gefrueren Zitroun heelt Diabetes net

Der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) no ass Diabetes (hei archivéiert) eng chronesch Kränkt, déi optrëtt, wann de Kierper net genuch Insulin produzéiert. Insulin ass dat Hormon, dat d’Glukos (Zocker) am Kierper reguléiert. Wann de Kierper net genuch Insulin produzéiert oder net an der Lag ass, et richteg ze benotzen, klëmmt den Zockerspigel. Et gëtt zwou Zorte vun Diabetes, Typ 1 an Typ 2, dee méi heefeg ass, sou d’WHO op hirem Internetsite.

De Jean-François Thébaut (Archiv), Vizepresident vun der Fédération française des diabétiques, gouf de 4. Abrëll 2023 vun der AFP kontaktéiert: “Zitroun, gefruer oder net, huet keng Wierkung op Diabetes.” Ausserdeem: “Et kann een Diabetes net heelen, et kann ee se méiglecherweis stabiliséieren oder de Bluttzockerspigel duerch eng Remissioun fir e puer Méint op ënner 6,5 Prozent (48 mmol/mol) drécken. Reegelméisseg kierperlech Beweegung an eng gesond Ernierung si besonnesch wichteg”, huet hie bäigefüügt.

RTL © AFP

Gefrueren Zitroun heelt kee Kriibs

“Kriibs ass eng Kränkt, déi sech duerch onkontrolléiert Proliferatioun vun Zellen auszeechent, woubäi d’Regulatiounsmechanismen ëmgaange ginn, déi déi harmonesch Entwécklung vun eisem Kierper assuréieren”, erënnert (Archiv) déi franséisch Ligue contre le cancer op hirem Internetsite.

Fir de Serge Hercberg (Archiv), Professer fir Epidemiologie an Ernierung op der Université Sorbonne Paris Nord, deen de 4. Abrëll 2023 vun der AFP befrot gouf, sinn déi kriibshemmend Eegenschafte vun enger gefruerener Zitroun “net wëssenschaftlech fundéiert”. Hien hält esou eng Diskussioun souguer fir “geféierlech”.

D’Ernierung kann zwar eng Roll bei der Virbeugung vu Risike fir Kriibs spillen, awer se kann den Ausbroch vun der Krankheet net mat Sécherheet verhënneren, erklären d’Dokteren.

“Keng Narung eleng ka Kriibs virbeugen oder heelen”, füügt de Professer bäi. Virun allem misst e globaalt Iessverhalen an de Vierdergrond gestallt ginn. “Méi Uebst a Geméis, planzlech Produkter zou sech huelen an ze fetteg, ze séiss, ze salzeg oder héichtransforméiert Produkter vermeiden”, betount hien.

A Bezuch op d’Kriibsbehandlung huet hien erkläert, dass “just eng medezinesch Prise en charge mat enger Operatioun, enger Stralentherapie oder enger Chimio hëllefräich ass, fir op Heelung ze hoffen”.

RTL © AFP

Gefrueren Zitroun huet keng direkt Wierkung op Gewiichtsreduzéierung

Dem Internetsite vum INSERM (Archiv) no schwätzt ee vun Iwwergewiicht, wann de Body-Mass-Index (BMI) iwwer 25 läit a vun Adipositas, wann en iwwer 30 läit. Den Institut erkläert, dass d’Ursaache vu Fettleiwegkeet komplex sinn: “Se resultéiert aus dem Zesummespill vun enger Rei Facteuren – Ernierung, Geneetik, Epigeneetik an Ëmwelt -, déi un der Entwécklung an der Progressioun vun dëser chronescher Kränkt bedeelegt sinn”. Se betrëfft 17 Prozent vun den Erwuessenen a Frankräich an 13 Prozent weltwäit. An engem Rapport (Archiv), deen am Mee 2022 publizéiert gouf, äussert sech d’WHO besuergt iwwer eng “Epidemie” vun Iwwergewiicht an Obesitéit mat iwwer 1,2 Milliounen Doudesfäll pro Joer an Europa.

Fir Gewiicht ze verléieren, setze sech Mënsche mat Iwwergewiicht op Regimm, déi dacks eng Gefor fir hir Gesondheet sinn, wéi eng Rei Gesondheetsorganisatioune warnen. Schonn 2011 huet déi franséisch ANSES (Agence nationale de sécurité sanitaire de l’alimentation, de l’environnement et du travail) an engem Avis virun de Gesondheetsrisike gewarnt, déi mat Iessgewunnechten, fir Gewiicht ze verléieren, verbonne sinn, dozou hunn och d’Entgëfte vum Kierper mat Zitrounejus gehéiert, woubäi grouss Quantitéiten Zitrounejus konsuméiert an d’Zouféiere vu Kalorië reduzéiert gëtt. “All Schratt zur Gewiichtsreduzéierung erfuerdert eng speziell medezinesch Betreiung”, rappelléiert d’Agence.

D’AFP huet schonn an engem Artikel vum 5. Oktober 2021 op d’Risiken higewisen, déi mat esou enger restriktiver Diät verbonne sinn, besonnesch op de Konsum vun enger Zitroun-Kaffi-Mëschung fir d’Gewiicht ze reduzéieren, an huet sech dobäi d’Professesch Béatrice Dubern (Archiv), Kanner-Ernierungswëssenschaftlerin an der Armand-Trousseau-Klinick, bezunn. “Wann eng normal Ernierung duerch dës Mëschung ersat gëtt, féiert dat zu enger Reduzéierung vu Kalorien, an déi ass da responsabel fir de Gewiichtsverloscht”, wéi si der AFP erkläert hat.

Och wann d’Konsuméiere vun Zitroune bei munche Mënschen d’Verdauung duerch d’Bäifüüge vu Mosaier beschleunege kann, “gëtt et physiologesch keen Effekt vu Fettverbrennung”, huet de Pierre Azam (Archiv), Dokter fir Endokrinologie an Ernierungswëssenschaftler, der AFP de 5. Abrëll 2023 erkläert.

“D’Afréiere vu Liewensmëttel no der Recolte hëlleft, hir Närwäerter wéi Saier, Antioxidanten a Vitaminn C ze conservéieren”, huet hien erkläert. “Awer dat hëlleft net direkt bei der Gewiichtsreduzéierung”. Och hie betount éischter d’Wierksamkeet vun enger allgemeng ekilibréierter Ernierung bei der Reduzéierung vum Gewiicht. “Dat Wichtegst ass eng konsequent Ernierung”, déi een eenzelt Liewensmëttel, gefruer oder net, net ersetze kann.

D’Zitroun gouf am Gesondheetsberäich schonn dacks mat falschen Informatiounen a Verbindung bruecht. E puer dovun huet d’AFP iwwerpréift, wéi am Februar 2023 oder am Dezember 2020.

Déi selwecht Behaaptungen, déi och vun enger Rei Internetsitte partagéiert goufen an déi therapeutesch Wierksamkeet vu gefruerenen Zitrounen ervirhiewen (hei an hei), ware scho vu Le Monde an CheckNews iwwerpréift ginn.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.