Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Geschlechtsverkéier ass a Schweden weiderhin net als offiziell Sportaart unerkannt

Faktencheck: Geschlechtsverkéier ass a Schweden weiderhin net als offiziell Sportaart unerkannt - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Schweden wier dat éischt Land gewiescht, dat Geschlechtsverkéier als Sport unerkannt hätt. Dat gëtt a sozialen Netzwierker mat virale Publikatiounen ënnerstëtzt, an deenen higewise gëtt, dass d’Land déi éischt Europameeschterschaft an dëser neier Disziplin organiséiere sollt.

“Schweden ass dat éischt Land, dat Sex offiziell als Sport enregistréiert huet. Ausserdeem wäert et den Organisateur vun der alleréischter Sex-Europameeschterschaft sinn, déi zu Göteborg ausgedroe gëtt.” Dat ass den Text, dee vun enger Rei erotesche Biller op Facebook begleet gëtt a grouss Opmierksamkeet op sech gezunn huet, well e revendiquéiert, dass Sex eng nei Sportaart a Schweden wär. A verschiddene Publikatiounen hunn d’Internetnotzer de schweedesche Fändel bäigefüügt.

RTL © AFP

Dës Geschicht, déi d’Virwëtzegkeet vun deenen engen an d’Revolt vun deenen aneren op de Plang bruecht huet, schéngt ëm d’Welt gaangen ze sinn. Se ass beispillsweis op Englesch op der Facebook-Säit vun enger Mediegrupp a Südafrika ze fannen. Se gouf och vu Bloggs an Internetsitten a Bangladesch, Pakistan, Sri Lanka, Kolumbien an Nigeria opgegraff, wou e fréiere Senateur dem Land geroden huet, sech un de Sportkodex vum Internationalen Olympesche Comité ze halen.

RTL © AFP

Eng inoffiziell Kompetitioun

Awer dës Rumeur steet am Zesummenhang mat den Aktivitéite vun enger Organisatioun, déi 2016 gegrënnt gouf. Et handelt sech ëm d’Swedish Sex Federation (SSF), déi sech selwer als “déi eenzeg Organisatioun op der Welt, déi Sex als Sport praktizéiert” bezeechent.

Si bretzt sech op hirer Internetsäit, si wär “déi éischt op der Welt, déi d’Weltmeeschterschaft fir Sex organiséiert huet”. Lokale Medien no (hei an hei) huet sech de Proprietär vun engem schweedesche Stripclub, Dragan Bratic, der SSF ugeschloss, fir beim Nationale Sportverband (Riksidrottsförbundets – RF) Member ze ginn.

D’Behaaptungen, dass Schweden Sex offiziell als Sport unerkannt hätt, hu sech e puer Deeg virun de Sex-Europameeschterschaften den 8. Juni 2023, déi vun der SSF organiséiert goufen, wéi e Laffeier verbreet.

RTL © AFP

D’Veranstaltung huet allerdéngs opgrond vun “technesche Problemer” am Zesummenhang mat “Hacker-Attacken” ëm een Dag misse verréckelt ginn, wéi an Tweets vum offizielle Kont vun der Veranstaltung ugekënnegt gouf.

Den 12. Juni 2023 schéngt d’Kompetitioun ugefaangen ze hunn, wat aus Tweets, déi zur Ofstëmmung opruffen, ervirgeet. Allerdéngs sinn d’Publikatiounen, no deenen de schweedesche Sportverband zougestëmmt huet, Sex als offizielle Sport am Land unzëerkennen, falsch.

 ‘Absurditéiten’

Am Januar 2023 huet de Björn Eriksson, President vum nationale schweedesche Sportverband, dem schweedesche Sender TV4 matgedeelt, dass d’Sportorganisatioun eng Demande op Akkreditéierung vun der SSF krut, dës awer eestëmmeg ofgeleent gouf.

“Ech hoffe just, dass dës Absurditéite verschwannen”, sot den Eriksson deemools nach zousätzlech.

RTL © AFP

An engem Communiqué vum nationale Sportverband vum 26. Abrëll 2023 huet de Gremium op en Neits confirméiert, dass eng Demande op Unerkennung vu Sex als Sport gestallt gouf. Dës Demande gouf fir onvollstänneg erkläert an “ouni Examinatioun” ofgeleent.

RTL © AFP

Soumat bleift den offizielle Standpunkt onverännert. “Am Moment ginn an e puer internationale Medie falsch Informatiounen iwwer Schweden an de schweedesche Sport verbreet – dës Informatioune sinn onbegrënnt”, sot d’Cecilia Lunell vum schweedesche Sportverband AFP Factuel.

“De schweedesche Sportverband huet dorop opmierksam gemaach, dass verschidden international Medien am Abléck berichten, dass eng Sex-Federatioun Member vum schweedesche Sportverband ginn ass”, huet si bäigefüügt.

“Et handelt sech ëm Feelinformatiounen, déi dorop zilen, de schweedesche Sport an d’Land Schweden ze beschmotzen. Am schweedesche Sportverband si keng sexuell Federatioune vertrueden”.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.