Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Gouf en UFO vun engem Kampffliger ofgeschoss?

Faktencheck: Gouf en UFO vun engem Kampffliger ofgeschoss? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

A sozialen Netzwierker gëtt behaapt, dass e Video en UFO weise géif, dee vun engem Kampffliger ofgeschoss gëtt. Deem ass awer net esou. De Video staamt aus engem Simulatiounskampfspill.

“En UFO gëtt ofgeschoss” steet an der Beschreiwung vun engem TikTok-Post vum 14. Februar 2023, deen iwwer 1,5 Milliounen Opriff generéiere konnt

RTL Screenshot of a TikTok post taken February 17, 2023

De Video huet sech och op Instagram, Facebook, Twitter a Rumble souwéi an Online-Artikele verbreet.

D’Bäiträg sinn eng éischt Kéier Mëtt Februar wärend der Diskussioun ronderëm d’Ofschëss vu chineeseschen Iwwerwaachungsballonen an dräi aneren onbekannten Objeten iwwer Nordamerika opkomm. D’Virfäll waren eng Inspiratioun fir eng Hellewull vu Bäiträg, déi iwwer eng méiglech Bedeelegung vun Ausserierdesche spekuléiert hunn.

Awer d’Wäisst Haus huet matgedeelt, dass et “keng Hiweiser” op ausserierdesch Aktivitéite gëtt. Ausserdeem weist de Videoclip, deen online gedeelt gouf, kee vun dësen Incidenten.

D’AFP huet eng ëmgekéiert Billersich mat der Funktioun keyframes duerchgefouert an entdeckt, dass d’Filmmaterial ursprénglech den 12. Februar 2023 op TikTok gepost gouf. Dee selwechte User huet de Clip och op YouTube verëffentlecht.

“F-22 Raptor vs Drone in DCS | Digital Combat Simulator”, steet an der Beschreiwung.

RTL Screenshot of a TikTok post taken February 17, 2023

DCS ass e gratis Simulatiouns-Kampfspill vun Eagle Dynamics, mat deem Spiller Militärgefierer steiere kënnen.

Dës Bäiträg sinn déi neist, wou Material aus Videospiller benotzt gëtt, fir reell Zeenen duerzestellen. Dëst Phenomeen ass mam russeschen Amarsch an d’Ukrain am Februar 2022 ëmmer méi opkomm.

D’AFP huet sech fir eng Stellungnam un Eagle Dynamics adresséiert, krut awer keng Äntwert.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.