Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Huet de Wolodymyr Selenskyj sech wärend dem Krich beräichert?

Faktencheck: Huet de Wolodymyr Selenskyj sech wärend dem Krich beräichert? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Eng gefälscht Infographik vun der BBC, déi an de sozialen Netzwierker verbreet gouf, soll d’Entwécklung vum Patrimoine vum President Wolodymyr Selenskyj a vun anere prominenten ukrainesche Politiker tëscht Februar an Dezember 2022 weisen.

D’BBC hat an enger Infographik de finanzielle Verloscht vun ukraineschen Oligarchen tëscht Februar an Dezember 2022 opgelëscht. Ënner anerem, wéi eng ukrainesch ONG fir Anti-Korruptioun erkläert huet, géif et “keng offiziell Sourcen”, d’Akommesse vum Wolodymyr Selenskyj an anere Politiker, déi op der falscher Graphik gewise ginn, ze ermëttelen, well dës obligatoresch Deklaratiounen eréischt am Ufank vum Joer duerno vun ukrainesche Beamte matgedeelt ginn.

“Dir hutt en Don fir d’Ukrain gemaach??? Dës Banditten hu sech 2022 d’Täsche voll gemaach… Kuckt, wéi hiert Verméige geklommen ass! Dës Regierung ass déi korrupst vun der Welt!!!”, “An der Ukrain gëtt ee séier räich… Dat ass magesch oder machiavellistesch”, bekloe sech Internetnotzer op Facebook (1, 2) an Twitter (3, 4) iwwer eng Infographik an englescher Sprooch, déi “d’Verméige” vu verschiddenen “ukrainesche Politiker” weise soll.

Dëst Bild mam Logo vum brittesche Fernseesender BBC, dat och op Englesch, Italieenesch, Polnesch a Japanesch am Ëmlaf ass, soll den Dollarwäert vum jeeweilege Patrimoine vum President Wolodymyr Selenskyj, dem Verdeedegungsminister Oleksij Reznikov, vum Ausseminister Dmytro Kuleba, vum Buergermeeschter vu Kiew Vitali Wolodymyr Klitschko a vum Beroder vum Selenkyj, dem Mykhailo Podoljak, weisen.

RTL Capture d'écran réalisée sur Facebook le 10 janvier 2023.

RTL Capture d'écran réalisée sur Twitter le 10 janvier 2023.

Heibäi handelt et sech awer ëm e Montage, déi déi graphesch Identitéit vun der BBC usurpéiert, wéi de brittesche Sender der AFP den 9. Januar 2023 erkläert huet: “Dës Infographik ass gefälscht. Se gräift [d’Ausgesi] vun enger Infographik op, déi an engem Artikel vu BBC News Ukraine benotzt gouf, deen déi finanziell Verloschter vun ukrainesche Milliardäre weist.

D’Originalbild ass an der ukrainescher Versioun an engem Facebook-Bäitrag vu BBC News Ukraine vum 23. Dezember 2022 an an der englescher Versioun an dësem Artikel vun der BBC ze fannen.

D’Infographik huet sech net op d’Verméige vun ukrainesche Politiker bezunn, mee op de Patrimoine vun ukrainesche Milliardären: Rinat Achmetow, Viktor Pintschuk, Wadym Nowynski, Ihor Kolomojski an de fréieren ukrainesche President Petro Poroschenko.

D’Montanten, déi an dësem Dokument, dat och op Franséisch publizéiert gouf, genannt ginn, hu sech op Estimatioune baséiert, déi Forbes de 27. Dezember 2022 a sengem Klassement vun den “20 räichsten Ukrainer am Joer 2022” matgedeelt huet.

RTL Capture d'écran réalisée sur le site de la BBC le 10 janvier 2023.

Eng ukrainesch Versioun vun der gefälschter BBC-Infographik iwwer de Wolodymyr Selenskyj an aner ukrainesch Politiker war schonn den 31. Dezember 2022 duerch en Artikel vum russesche Medium “Reporter.ru” am Ëmlaf. Den Titel war “Selenskyj an aner prominent ukrainesch Politiker goufen 2022 zu Milliardären”. Déi englesch Versioun vum Bild schéngt automatesch mat der visueller Erkennungssoftware Google Lens iwwersat ginn ze sinn, wéi an dësem Verglach ze gesinn ass.

RTL Capture d'écran faite le 10 janvier 2023

RTL Capture d'écran faite le 10 janvier 2023

Ukrainesch Beamte sinn ugehalen, hiert Akommes public ze maachen

“Dës Infographik implizéiert, dass dës Perséinlechkeete sech a Krichszäiten op illegalem an onmoraleschem Wee beräichert hunn. Et handelt sech ëm ukrainesch Perséinlechkeete vum ëffentleche Liewen, deenen hir berufflech Karriär et hinnen erméiglecht huet, e méi héicht Akommes ze hunn, awer déi genannt Zuele sinn onbegrënnt, well et keng Quell gëtt, bei där ee sech iwwer de Wäert vun hirem Verméigen [am Joer 2022] renseignéiere kann”, sot d’Iulia Shukan, Dozentin fir Slawistik op der Université Paris Nanterre, den 10. Januar 2023 géintiwwer der AFP.

“Zanter den Anti-Korruptiounsreformen am Joer 2016 mussen ukrainesch Staatsbeamten – Politiker, Riichter an aner Beamten – hir Steiererklärung bei der Nationaler Agence fir Korruptiounsbekämpfung Nazk areechen. […] De Sënn ass et, Korruptioun an den héchsten Etagë vun der Politik ze verhënneren an dës Staatsbeamten enger järlecher Deklaratioun ze ënnerzéien, fir ze verhënneren, dass si sech wärend der Ausféierung vum Mandat beräicheren”, huet d’Expertin weider erkläert. D’Ukrain läit am Korruptiounsrapport 2021 vun der ONG Transparency International op Plaz 122 vun 180 Länner.

Wéi eng Porte-parole vum Anti-Corruption Action Center, enger ukrainescher Anti-Korruptiouns-ONG, der AFP den 10. Januar 2023 matgedeelt huet, sinn dës Beamten zwar verflicht, hir Steiererklärungen “all Joer oder no hirem Ausscheeden aus dem Amt” anzereechen, dës sinn awer zënter dem Amarsch vu Russland an d’Ukrain net méi op der Websäit vun Nazk ofruffbar. “De 24. Februar 2022 huet d’Ukrain den Zougrëff op den digitale Regëster fir Steiererklärunge vu Beamte wéinst dem Krich mussen aschränken. Well dës Informatiounen hätte vun de Russe benotzt kënne ginn, fir Drock op Beamten auszeüben, besonnesch op lokal Beamten.”

Virun allem sinn d’Informatiounen iwwer d’Verméige vun de politesche Perséinlechkeeten, déi op dem gefälschte Bild ze gesi sinn, aus dem Joer 2022 der Ëffentlechkeet net bekannt, well dës Erklärunge vun de Beamten am Ufank vum follgende Joer gemaach musse ginn. “Dowéinst ass keng offiziell Source an der Lag, spezifesch Donnéeë fir d’Méint Februar bis Dezember 2022 ze liwweren”, sot d’Spriecherin vum Anti-Corruption Action Center géintiwwer der AFP.

Steiererklärungen aus dem Joer 2021

D’Obligatioun vun der Deklaratioun fir d’Joer 2021, déi “tëschent Januar a Mäerz 2022” ze erfëlle war, gouf ausnamsweis nom Amarsch vu Russland an d’Ukrain ausgesat, well “d’Unzuel vu Beamten, déi der Arméi bäigetruede sinn oder sech a besate Gebidder ophalen, an deenen d’Transmissioun vun der Deklaratioun wéinst feelender [Internet]Verbindung net méiglech war”.

Déi jéngst Steiererklärunge vu véier vu fënnef ukrainesche Politiker, déi op dem Bild gewise ginn, goufen dohier am Joer 2021 virgeluecht a bezéie sech op d’Joer 2020 – de Beroder vum President Mykhailo Pdoljak ass net dozou verflicht, well hie kee Beamten ass.

Verschidden ukrainesch Medien hunn iwwer d’Revenue bericht, déi dës Beamten a Politiker géintiwwer dem Nazk gemellt haten. D’Akommes vum Wolodymyr Selenskyj beleeft sech op 19 Millioune Griwna (UAH), dat entsprécht ongeféier 670.000 Dollar beim Konversiounstaux vum 31. Dezember 2020. Dat vum Oleksij Reznikov beleeft sech op bal 10,5 Milliounen UAH (zirka 368.000 Dollar), dat vum Dmytro Kuleba op 913.714 UAH (zirka 32.000 Dollar) an de Revenu vum Witali Klitschko op 1,1 Milliounen UAH (zirka 38.600 Dollar).

D’Maria Popova, Professesch fir Politikwëssenschaften op der McGill University zu Montreal a Spezialistin fir Korruptiounsfroen, huet der AFP den 10. Januar 2023 erkläert, dass “vill Informatioune bekannt sinn” iwwer de Patrimoine vun ukrainesche Politiker an dass “den Niveau vun Transparenz an dësem Beräich deem vu westleche Länner entsprécht”.

“Säit 2014 ënnersicht den Nationalen Anti-Korruptiounsbüro (NABU) vun der Ukrain Korruptioun am ëffentleche Beräich a ka viru Geriicht goen. Eleng an de leschten Deeg goufen en Deputéierte vum Selenskyj senger Partei an e Riichter vum NABU wéinst Onreegelméissegkeeten an hirer Steiererklärung fir 2021 ugeklot a waren Deel vun enger juristescher Prozedur”, wéi d’Expertin bäifüügt.

D’Iulia Shukan betount, dass “dat ukrainescht Parlament am Hierscht 2021 e Regëster vun Oligarchen erstallt huet, déi no verschiddene Krittäre betruecht ginn: Besëtz vun Aktiven am Medieberäich, Monopol an engem Wirtschaftssecteur, Besëtz vun engem Akommes vun op d’mannst 2,2 Milliarde Griwna, Participatioun um politesche Liewe vum Land.”

“Et gëtt dovun ausgaangen, dass Persounen, déi op Decisioun vum Nationale Verdeedegungs- a Sécherheetsrot am Regëster agedroe sinn, weder d’Finanzéierung vu politesche Parteien nach d’Bedeelegung un zukünftege Verkeef vun ëffentlechem Verméigen duerch d’Regierung erlaabt ass. Wéinst dem Krich gëtt dëse Regëster bis op Weideres net applizéiert, wat d’Situatioun an d’Verméige vun den ukrainesche Geschäftsleit drastesch verännert huet. De Rinat Achmetow, dee virun 2022 de räichste Mann am Land war, huet beispillsweis enorm Aktien an der Eisen- a Stolindustrie verluer, besonnesch zu Mariupol, an huet de gesamte Medieberäich vu sengem Wirtschaftsimperium opginn. Och den Ihor Kolomoiski huet als Konsequenz vum Krich Sue verluer, awer och déi ukrainesch Staatsbiergerschaft gouf him entzunn”, wéi d’Iulia Shukan matgedeelt huet.

RTL Le président ukrainien Volodymyr Zelensky le 11 janvier 2023 à Lviv, en Ukraine ( AFP / YURIY DYACHYSHYN)

De Wolodymyr Selenskyj an d’Pandora Papers

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj, dee schonn am Summer 2022 vu verschiddene Leit am Internet beschëllegt gouf, en “Näischnotz” um Cover vun engem gefälschte Magasinn ze sinn, gouf an den Revelatioune vun de Pandora Papers, enger ëmfaassender Enquête vum International Consortium of Investigative Journalists, déi 2021 publizéiert gouf a sech op ronn 11,9 Milliounen Dokumenter vu 14 Finanzdéngschtleeschter baséiert huet, a Fro gestallt.

An der Enquête gouf him virgehäit, ab 2012 en Netzwierk vun Offshore-Firmen opgebaut ze hunn, dat ënner anerem dozou gedéngt huet, dräi Immobilien zu London ze kafen. Der selwechter Quell no huet de Selenskyj kuerz viru senger Wal zum ukrainesche President am Joer 2019 seng Undeeler un enger vun dësen Offshore-Firmen, Maltex Multicapital, u säin deemolegen Associé Sergej Chefir, dee spéider säin ieweschte Beroder gouf, verkaf.

D’Administratioun vum ukrainesche President hat deemools argumentéiert, dass de Wolodymyr Selenskyj, deen deemools e berüümte Komiker war, a seng Mataarbechter versicht hunn, sech virun den “aggressiven Aktioune” vum Regime vum deemolege pro-russesche President Viktor Janukowitsch ze “schützen”.

Schätzungen no, déi Forbes am Abrëll 2022 op Basis vun Investitiounen an anere bekannten Immobilie vum Wolodymyr Selenskyj verëffentlecht huet, wäert säi Verméigen tëscht 20 an 29 Milliounen Dollar leien.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.