Diabetes trëtt op, wann de Kierper net genuch Insulin produzéiere kann, fir de Bluttzockerspigel ze reguléieren. Doktere behandelen d’Krankheet mat enger Kombinatioun aus Ernierungsëmstellung, Beweegung a Medikamenter. E puer Notzer vu Sozialen Netzwierker behaapten awer fälschlecherweis, dass d’Krankheet duerch e Parasit ausgeléist géif – eng Theorie, déi op e Wëssenschaftler zeréckgeet, deen a ville Länner beschëllegt gëtt, onbewisen a geféierlech Traitementer ze promouvéieren.
“All d’Diabetiker hunn an hirer mënschlecher Bauchspeicheldrüs e gemeinsamen Egelparasit (Fr. Sangsue), bei deem et sech eigentlech ëm de Bauchspeicheldrüsenegel vu Béischten handelt”, heescht et an engem Facebook-Post vum 22. November 2024 vun engem Verkeefer vun Narungsergänzungsmëttele mat Siège am Vereenegte Kinnekräich. Dëse Post krut bal 30.000 Likes.
De Video weist e Buch aus dem Joer 1995 mam Titel “The Cure for All Diseases” (“D’Heelung vun alle Krankheeten”), geschriwwe vum Hulda Clark, enger Wëssenschaftlerin, déi fälschlecherweis behaapt hat, dass déi meescht Krankheeten, AIDS, Kriibs an Diabetes abegraff, duerch verschidde Parasitten ausgeléist géifen a mat engem elektresche “Zapper” geheelt kéinte ginn.
© AFP
Déi selwecht Behaaptung war nieftFacebook nach op Instagram, X, TikTok a Gettr am Ëmlaf.
Virun hirem Doud am Joer 2009 hat d’Clark uginn, dass si no hirem Biologiestudium op der University of Saskatchewan (Kanada, Um. v. d. Red.) en Doktertitel a Physiologie vun der University of Minnesota kritt hätt. Si war keng richteg Doktesch an hat keng formell Ausbildung an der Behandlung vun Diabetes, mee si hat sech als Naturopathin (Heelpraktikerin) ausginn.
US-amerikanesch, kanadesch a mexikanesch Autoritéite gounge souwuel viru wéi och no hirem Doud géint der Clark hiren “elektresche Zapper” an aner Beispiller vun hiren onbewisenen Traitementer vir, vun deene si behaapt hat, se kéinten “all Krankheeten heelen” (hei, hei an hei archivéiert). D’Clark gouf 1993 am US-Bundesstaat Indiana wéinst Ausübung vu medezineschen Aktivitéiten ouni Zouloossung ugeklot, d’Verfare gouf awer am Joer 2000 agestallt, well de Parquet de Prozess schleefe gelooss hat (hei archivéiert).
D’US Federal Trade Commission hat der Clark hir Fuerschungsstëftung wéinst falschen an ierféierende Behaaptungen iwwer d’Wierkung vun de “Zapper”-Apparater verklot. Am Joer 2004 hat e Bezierksriichter John R. Adams der Stëftung an hirer Féierung ënnersot, ze behaapten, dass der Clark hir Traitementer Krankheeten, dorënner Diabetes, heele kéinten (hei archivéiert).
Keng Verbindung mat Parasitten
An hirem Buch huet d’Clark behaapt, dass all d’Diabetiker e Parasit mam Numm Eurytrema pancreaticum hunn, dee sech an der Bauchspeicheldrüs reproduzéiere kann, wann en “Holzalkohol”, och bekannt als Methanol, zou sech hëlt. Si huet behaapt, dass Mënschen Holzalkohol konsuméieren, well Entreprisë fir Liewensmëttelverpackungen e fir d’Botze vu Maschinne benotzen.
Den Hudson Alves Pinto, e Parasitolog op der brasilianescher Bundesuniversitéit vu Minas Gerais, deen iwwer de Parasit geschriwwen huet (hei an hei archivéiert), huet an enger E-Mail vum 3. Dezember matgedeelt, dass Infektioune beim Mënsch mat E. pancreaticum e “seelent Phenomeen” wären a just virkéimen, wann een infizéiert Insekte wéi Heesprénger oder Grillen iesse géif. Hien huet och matgedeelt, dass him keng Fäll vu Mënschen an Nordamerika oder Europa bekannt wären, vu dass d’Consommatioun vun Insekten do onüblech ass.
© AFP
En Artikel aus dem Joer 2021 am “Brazilian Journal of Development” leet no, dass en anere Parasit änlech Verännerungen an der Bauchspeicheldrüs vu Kéi ausléise kéint, dorënner Diabetes Typ-1 an och aner Krankheeten (hei archivéiert). An dësem Artikel gouf awer net behaapt, dass et en Zesummenhang tëscht Parasitten an Diabetes gëtt, an d’Auteure schreiwen, dass weider Etüden erfuerderlech sinn, fir d’Änlechkeete weider ze ënnersichen.
De Robert Screaton, Professer fir Biochemie op der University of Toronto (hei archivéiert), sot, dass et zwar e puer Ënnersichungen doriwwer gëtt, ob Mënsche mat Diabetes méi ufälleg fir Parasitteninfektioune sinn, dass et awer keen dokumentéierten Zesummenhang tëscht Diabetes an iergendenger Zort vu Parasitte gëtt.
“Et gëtt keng Beweiser dofir, dass et e kausalen Zesummenhang tëscht engem Parasittebefall an der Diagnos vun Diabetes Typ 1 oder Typ 2 gëtt”, sot hien den 3. Dezember.
Holzalkohol dogéint ass eng gëfteg Flëssegkeet, déi fir d’Hierstelle vu Fraschtschutzmëttelen, Pestiziden, Faarfverdënner an anere Produite benotzt gëtt (hei archivéiert). D’amerikanesch Liewensmëttelagence (FDA) hat d’Ëffentlechkeet virun enger Rëtsch Desinfektiounsmëttele fir d’Hänn gewarnt, déi wärend der Covid-19-Pandemie mat Holzalkohol verknascht waren. An amerikanesche Bundesgesetzer ass gereegelt, wéi mat Produkter mat héijem Methanolgehalt ëmzegoen ass (hei an hei archivéiert).
Méiglecherweis “liewensgeféierlech”
Et gëtt dräi Haapttyppe vun Diabetes – Typ 1, Typ 2 a Schwangerschaftsdiabetes -, déi alleguer duerch en héije Bluttzockerspigel ausgeléist ginn, well de Kierper Schwieregkeeten huet, genuch Insulin ze produzéieren, en Hormon, dat d’Quantitéit vu Glukos am Blutt reguléiert (hei archivéiert).
Typ-1-Diabetes trëtt op, wann den Immunsystem vun engem Mënsch seng insulinproduzéierend Zellen ugräift, Typ-2-Diabetes gëtt dacks mat Obesitéit a Verbindung bruecht an trëtt op, wann de Kierper net genuch Insulin fir d’Kontroll vum Bluttzockerspigel produzéiere kann. A Schwangerschaftsdiabetes ass eng manner heefeg Konsequenz vun enger Schwangerschaft.
Jee no Diabetestyp vun engem Patient recommandéieren Dokteren ënnerschiddlech Traitementer. D’American Diabetes Association gëtt un, dass Mënsche mat Typ-1-Diabetes reegelméisseg Insulin brauchen, wärend Mënsche mat Typ 2 oder Schwangerschaftsdiabetes hir Krankheet duerch d’Verännere vun hirem Liewensstil, orale Medikamenter, net insulinhaltegen Injektiounsmëttelen oder wann néideg Insulin behandele kënnen.
D’Associatioun seet och, dass Dokteren hire Patiente recommandéiere kënnen, hiert Gewiicht ze reduzéieren, kierperlech méi aktiv ze ginn, hir Ernierung ëmzestellen an de Konsum vu schiedleche Substanzen ze reduzéieren.
© AFP
Den Dokter Screaton vun der University of Toronto sot, dass et fir Diabetiker “geféierlech” oder “liewensgeféierlech” kéint sinn, op eng unerkannt medezinnesch Behandlung zu Gonschte vu Mëttelen ze verzichten, déi angeeblech Parasitten ofstierwe loossen.
“Et stellt sech also d’Fro: Souguer wann et wouer wier, wéi géif een dëse Mënschen hëllefen an de recommandéierten Traitement op der Grondlag vun dëser Informatioun änneren, déi warscheinlech komplett falsch sinn”, sot hien.
Den John Buse, Professer op der University of North Carolina School of Medecine (hei archivéiert), sot, dass et zënter Laangem d’Theorie gëtt, dass eng Infektioun mat bestëmmte Virussen eng Reaktioun vum mënschlechen Immunsystem ausléise kéint, déi zu Typ-1-Diabetes féiert, dass awer keen Zesummenhang tëscht enger parasitärer Infektioun an iergendenger Zort vun Diabetes hiergestallt gouf. Hie sot och, dass et kee Beweis dofir gëtt, dass Methanol – e Gëft – eng aner Wierkung op eng Persoun mat Diabetes huet wéi op eng Persoun ouni héije Bluttzocker.
De Buse sot weider, dass et am Moment keng “Heelung” fir Diabetes gëtt, awer nei a sech entwéckelend Technologien, automatesch Insulinpompelen a potenziell Stammzellentraitementer abegraff, hunn d’Liewe mat der Krankheet méi einfach gemaach.
“Bal jidderengem sollt et méiglech sinn, seng Diabetes am Grëff ze halen”, sot hien den 3. Dezember.
D’AFP huet schonn aner falsch Behaaptungen iwwer den Traitement vun Diabetesopgedeckt.
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.