Scroll Top

Faktencheck: Iwwerdriwwe Rumeuren iwwer “Frankenstein”-Kanéngercher a Sozialen Netzwierker

Faktencheck: Iwwerdriwwe Rumeuren iwwer "Frankenstein"-Kanéngercher a Sozialen Netzwierker - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Kanéngercher, déi ausgesinn, wéi wa se aus der Serie “The Last of Us” kéimen? A Colorado goufen eng Rei Déiere mat komesche schwaarze Geschwulster, déi wéi Haren ausgesinn, op hire Käpp gesinn.

An de Sozialen Netzwierker hunn dës Biller fir Opreegung gesuergt: Vill Internetnotzer hu vun engem mysteriéise “schwaarzen Tentakelvirus” geschwat a souguer dozou opgeruff, déi concernéiert Déieren ze schluechten. Experten no handelt et sech awer ëm eng bekannt Erkrankung, déi duerch e kriibserreegende Stamm ausgeléist gëtt, deen dem humane Papillomavirus änelt. Se ass net nei a stellt weder fir Mënsch nach fir aner Déieren eng Gefor duer.

Zënter Ufank August mellen Awunner vu Fort Collins am amerikanesche Bundesstaat Colorado komesch Kanéngercher, déi ronderëmlafen. Hir Käpp si mat schwaarze Geschwulster bedeckt, déi wéi “Haren” oder “Tentakelen” ausgesinn, déi aus hirer Schnëss an hirem Kranium wuessen. D’Biller goufen a Sozialen Netzwierker verbreet (1, 2) an hunn zu enger Rei Reaktioune geféiert. E puer User hunn d’Déiere mat fiktive Kreature verglach a se “Zombie-Kanéngercher” oder “Frankenstein-Kanéngercher” genannt.

“A Colorado goufe wëll Kanéngercher mat schwaarze Geschwulster um Kapp entdeckt, déi duerch eng mysteriéis Infektioun ausgeléist goufen. D’Autoritéite warnen, dass d’Krankheet duerch Kontakt op Hausdéieren iwwerdroe gi kann. Mol éierlech, wat geschitt am Joer 2025?”, huet en Internetnotzer den 13. August op der Plattform X geschriwwen.

An engem anere Message huet hie bäigefüügt: “D’Leit wëssen, dass et express ass”, an deit domat un, dass de Virus aus Expressegkeet verbreet gouf, fir d’Mënschen zu enger Impfung ze drängen.

RTL © AFP

“Wann dat Déier mutéiert an eis trëfft, ass et fir eis all eriwwer, denken ech”, sot en aneren Internetnotzer an engem Video, deen de 14. August verëffentlecht an op TikTok méi wéi 600.000 Mol gekuckt gouf.

Verschidden aner Bäiträg gi souguer esou wäit, dass si virschloen, infizéiert Déieren, deenen een an der Wildnis begéint, ze erschéissen: “Heiansdo verstinn ech, firwat d’Amerikaner all sou grouss Waffen hunn, wann ech gesinn, wat fir en Dreck si doheem hunn”, huet beispillsweis en Notzer op Reddit geschriwwen.

Experte fir d’Fauna, also Wëll Déieren, hu géintiwwer der AFP awer erkläert, dass sech d’Publikatiounen zwar op eng tatsächlech Krankheet bezéien, den Eescht vun der Krankheet awer iwwerdriwwe gëtt (Link hei archivéiert). De Virus ass net nei a stellt weeder fir de Mënsch nach fir aner Déieren eng eeschthaft Bedroung duer.

Eng bekannt Krankheet

D’Kara Van Hoose, Kommunikatiounsmanagerin fir d’nordëstlech Regioun vum Departement fir Naturressourcen am Bundesstaat Colorado (“Colorado Parks and Wildlife”), huet den 13. August géintiwwer der AFP erkläert, dass d’Fotoe warscheinlech en Ausbroch vum Papillomavirus vum Shope-Kanéngchen an der Regioun ronderëm Fort Collins weisen (Links hei an hei archivéiert).

“Mir hunn zënter der Publikatioun vun den éischte Fotoen ugefaangen, méi Signalementer iwwer concernéiert Kanéngercher am Norde vu Colorado ze kréien. Mir hu vläicht eng Dose Signalementer, awer et ass zimmlech warscheinlech, dass et sech ëm déi selwecht Déieren handelt, déi méifach gemellt goufen, an net ëm eng Dosen infizéiert Kanéngercher”, huet si bäigefüügt.

D’Krankheet gëtt duerch Insekte wéi Fléi an Zecken iwwerdroen. Se verursaacht waarzenänlech Geschwulster, déi sech meeschtens am Gesiicht oder um Hals befannen. Dës kënne sech heiansdo verlängeren a wéi Haren ausgesinn. An de meeschte Fäll lieft d’Déier normal mat dëse Läsiounen, déi spontan nees verschwanne kënnen. “Mir wäre just da besuergt, wann d’Geschwulster bis bei d’Ae géingen oder d’Kanéngchen um Friessen hënneren”, huet d’Kara Van Hoose kloergestallt.

Si huet och betount, dass et net ongewéinlech wär, infizéiert Kanéngercher ze gesinn, virun allem am Summer, wann d’Fléi an d’Zecken, déi de Virus iwwerdroen, am aktiivste sinn. De Virus ka vun engem Kanéngchen op dat anert iwwerdroe ginn, awer net op aner Aarten, Mënschen an Hausdéieren abegraff.

Den Immunsystem vun de Kanéngercher ass kapabel, de Virus ze bekämpfen, a soubal et dat mécht, verschwannen d’Geschwulster erëm, sot d’Van Hoose.

Fortgeschratt Fäll ware schonn an der Vergaangenheet dokumentéiert ginn. D’AFP konnt och eent vun de Kanéngercher op enger online gedeelter Foto identifizéieren: Et handelt sech net ëm e liewegt Déier, mee ëm en Exemplaire, dat an de Sammlunge vum Naturmusée vun der University of Kansas konservéiert gëtt. Den Hannergrond entsprécht enger Foto, déi 2015 an engem Fachblogg verëffentlecht gi war (Link hei archivéiert).

RTL © AFP

“Op historesche Beispiller vun der University of Kansas konnte mir de Virus op engem ëstleche Kanéngchen fannen, dat zënter iwwer engem Joerhonnert konservéiert gouf”, huet de Robert Timm, emeritéierte Professer vun der Universitéit, géintiwwer der AFP erkläert. Senger Meenung no weisen déi jéngst Meldunge op keng nei Bedroung hin: “De Virus ass zënter vläicht Zéngdausende vu Joren an der Ëmwelt present”, huet hien de 14. August erkläert (Link hei archivéiert).

Senger Meenung no gouf nach ni e Fall dokumentéiert, an deem de Virus op de Mënsch iwwerdroe gouf, sief et duerch Moustiquen oder Kanéngercher.

An den 1930er-Joren entdeckt

Tatsächlech sinn d’Geschwulster, déi bei de Kanéngercher observéiert goufen, net nei: Se sinn an den USA schonn zënter iwwer engem Joerhonnert dokumentéiert. D’Krankheet gouf éischtmoleg 1933 vum amerikanesche Virolog Richard Shope beschriwwen, deen dem Virus säin Numm gouf (Link hei archivéiert).

De Papillomavirus vum Shope-Kanéngchen huet souwuel d’Massekultur wéi och d’wëssenschaftlech Fuerschung gepräägt. E soll den nordamerikanesche Mythos vum “Jackalope” inspiréiert hunn, eng folkloristesch Kreatur, déi als Kanéngche mat Gewei beschriwwe gëtt. D’Erfuerschung vun dësem Virus huet och dozou bäigedroen, den Zesummenhang tëscht bestëmmte Viren an dem Entstoe vu Kriibs hierzestellen, wéi am Fall vum humane Papillomavirus (HPV), deen ënner anerem fir Gebärmutterhalskriibs responsabel ass (Link hei archivéiert).

D’lokal Autoritéiten hunn och confirméiert, dass dës Krankheet just bei Kanéngercher optrëtt. “Hausdéiere sollten net mat wëlle Kanéngercher a Kontakt kommen, awer et besteet keng Gefor fir Mënschen, Hënn a Kazen”, sot d’Kara Van Hoose vun der Organisatioun Colorado Parks and Wildlife. Hauskanéngercher kënnen awer infizéiert ginn.

D’Karen Fox, Doktesch fir Anatomie am Veterinärslabo vun der Colorado State University, erënnert och dorun, dass d’Erkrankung “bei Hauskanéngercher dacks méi schwéier verleeft wéi bei wëlle Kanéngercher”. Si recommandéiert, d’Kanéngercher am Haus ze halen, virun allem am Summer an Hierscht, wann d’Insekten, déi de Virus iwwerdroen, am aktiivste sinn (Link hei archivéiert).

Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.
EU Flag
Kooped vun der Europäescher Unioun