Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Jobannonce vun U-Boot-Bedreiwer gouf Jore virum Accident lancéiert

Faktencheck: Jobannonce vun U-Boot-Bedreiwer gouf Jore virum Accident lancéiert - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

A Bäiträg op de sozialen Netzwierker gouf eng Jobannonce vum Bedreiwer vum U-Boot, dat am Nordatlantik implodéiert war, esou duergestallt, wéi wa se no der Katastroph am Juni 2023 verëffentlecht gi wär.

E Screenshot vun enger Stellenausschreiwung gouf de 24. Juni vun enger Facebook-Säit, déi méi 1,8 Millioune Follower huet, gedeelt.

D’Annonce als Tauchpilot a Marinn-Techniker bei “OceanGate Expeditions”, dem Bedreiwer vum U-Boot “Titan”, dat bei engem Tauchgang bei d’Wrack vun der Titanic implodéiert war, wär “direkt disponibel”.

“Naja, et ass knapp eng Woch hier…”, ass an engem Facebook-Bäitrag, dee méi wéi 1.900 Shares krut, ze liesen – ganz offensichtlech a Bezuch op d’Katastroph, bei där fënnef Mënsche gestuerwe waren, dorënner de CEO vun OceanGate Stockton Rush (archivéierte Link).

D’Entreprise war zënterhier ëmmer méi staarker Kritik ausgesat, inklusiv Uschëllegunge vum Regisseur vum Film “Titanic” James Cameron, Sécherheetswarnungen ignoréiert ze hunn. E fräiwëllegen Industriegremium, de “Manned Underwater Vehicles Comittee”, sot och, OceanGate wär “net bereet” gewiescht, sech engem standardiséierten Zertifizéierungsprozess fir d’U-Boot Titan ze ënnerzéien (archivéierte Link).

De Guillermo Soehnlein, deen OceanGate 2009 mam Rush gegrënnt an d’Entreprise 2013 verlooss hat, sot, säi viregte Frënd wär “immens op Sécherheet beduecht” gewiescht.

RTL © AFP

D’Jobannonce gouf weltwäit op Twitter, TikTok an op Facebook-Säite propagéiert, ë.a. an den USA, de Philippinnen an Australien.

Verschidden Norichtenagencen hu och iwwer d’Stellenausschreiwung bericht, dorënner Business Insider, TMZ a Seven News in Australia. D’Berichter soten, et wär “onkloer”, wéini d’Reklamm fir d’éischt publizéiert gouf.

E puer Notzer op de sozialen Netzwierker hunn awer gegleeft, dass OceanGate d’Jobannonce kuerz no der Implosioun verëffentlecht hat.

“Wierklech eekleg, mee si mir schockéiert?!”, huet e Facebook-Notzer kommentéiert.

“Si hunn dës Plaz ausgeschriwwen, wéi si op der Sich nom vermëssten U-Boot waren”, huet een anere geschriwwen.

“Wat hutt dir gemengt, wien op de Knäppche gedréckt huet… sou vill Froen” war en anere Kommentar.

OceanGate-Operatiounen “ausgesat”

D’AFP konnt keng Spuer vun der Stellenausschreiwung op der Internetsäit vun OceanGate fannen, well se nom Tauchaccident vum Netz geholl gouf.

E Vertrieder vun der Entreprise huet der AFP den 1. Juli matgedeelt, dass een “all Exploratiouns- a kommerziell Aktivitéiten ausgesat huet”.

Den Hafe vun Everett zu Washington, wou OceanGate als Locataire täteg ass, huet den 22. Juni getwittert, dass d’Firma “op onbestëmmt Zäit zougemaach gouf, wärend d’Mataarbechter mat dem tragesche Verloscht vun hirem Equipier fäerdeg ginn”.

Eng Sich op Wayback Machine, enger Internetsäit, déi Websäiten archivéiert, huet erginn, dass d’Jobannonce schonn den 3. August 2020 op der Websäit vun OceanGate verëffentlecht gi war.

Ënne si Screenshot-Vergläicher, déi d’Stellenausschreiwung am Joer 2020 (lénks) an den ierféierende Facebook-Bäitrag am Juni 2023 (riets) weisen.

RTL © AFP

D’AFP huet op der Internetsäit vun OceanGate och Spuere vun der Annonce an de Joren 2021, 2022 a vum 22. Juni 2023 fonnt, wéi Trümmere vum U-Boot fonnt goufen.

De fréiste Facebook-Bäitrag, deen d’Stellenausschreiwung promovéiert an no der Implosioun verëffentlecht gouf, schéngt vum US-amerikanesche Komiker Nick Tigges ze stamen.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.