Scroll Top

Faktencheck: Keen Noweis fir Zesummenhang tëscht chroneschen Ouerinfektiounen an Impfungen

Faktencheck: Keen Noweis fir Zesummenhang tëscht chroneschen Ouerinfektiounen an Impfungen - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

Gewéinlech Kannerimpfungen hu scho Millioune Liewe gerett an d’Ausbreedung vu ville Krankheete staark agedämmt. A Sozialen Netzwierker gëtt awer behaapt, dass d’Impfunge bei Kanner chronesch Ouerenentzündungen ausléise kënnen.

Fir dës Behaaptunge gëtt et awer keng Beweiser. Esou Infektioune sinn dacks d’Konsequenz vun Halswéi, Erkältungen oder anere Mikroben an den ieweschten Otemweeër.

“Ëmmer nees Ouereninfektioune bei Ärem geimpfte Kand optrieden, si keen Zoufall. Dat nennt een Otitis media an ass eng Niewewierkung vun Impfstoffer”, heescht et an engem Instagram-Post vum 27. November 2024.

Déi selwecht Behaaptung ass schonn zënter op d’mannst 2018 op Facebook am Ëmlaf, a Bäiträg, déi den Notze vu Standardimpfunge fir Kanner souwéi d’Noutwendegkeet vun Tübe fir den Traitement vu chroneschen Ouereninfektiounen a Fro stellen. Änlech Behaaptunge sinn op der Plattform X ze fannen. Kee vun de Bäiträg enthält e Link zu Fuerschungsresultater, déi d’Behaaptunge stäipe géifen.

RTL

D’Bäiträg sinn de jéngsten Ausdrock vun enger Hesitatioun géintiwwer Impfstoffer, déi dacks duerch Feelinformatiounen opkommen.

Mëttelouerentzündungen (Otitis media) ass déi heefegst Form vun Ouereninfektiounen (hei archivéiert).

D’amerikanesch National Institutes of Health (NIH) mellen, dass fënnef vu sechs Kanner bis zu hirem drëtte Liewensjoer op d’mannst eng Ouerenentzündung kréien (hei archivéiert). Et gëtt awer “keng stéchhalteg Beweiser” fir en Zesummenhang tëscht Impfungen an engem erhéichte Risiko fir Ouereninfektiounen, sou den Nathan Boonstra, Allgemengpediater am Blank Children’s Hospital (hei archivéiert).

“A Wierklechkeet ass de Géigendeel wouer”, sot hien an huet op de Succès vun der Impfung géint Haemophilus influenzae Typ b (Hib) a géint Pneumokoken duerch d’Reduzéierung vun de Bakteerie souwéi op d’järlech Impfung géint d’Gripp verwisen, déi de Risiko vu Virusinfektiounen, déi zu sekundären Ouereninfektioune féiere kënnen, reduzéiert.

“Mir hunn am Laf vun de Joerzéngte festgestallt, dass Ouereninfektioune bei klenge Kanner zeréckgaange sinn, zënter dës Impfstoffer an den Impfplang opgeholl goufen”, sou de Boonstra an enger E-Mail vum 6. Dezember.

Am Géigesaz zu der Skepsis am Internet huet eng vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) geleet Etüd aus dem Joer 2024 erginn, dass déi weltwäit Impfbeméiungen an de leschte 50 Joer schätzungsweis 154 Millioune Mënscheliewe gerett hunn – dat entsprécht bal sechs Mënscheliewe pro Minutt pro Joer” (hei archivéiert).

Doriwwer eraus ergouf eng 2011 an Däitschland duerchgeféiert Etüd, déi speziell Infektioune bei méi wéi 17.000 Kanner a Jugendlechen ënnersicht huet, dass d’Prevalenz net vum Impfstatus ofhänkt (hei archivéiert).

Wéi kënnt et zu enger Ouereninfektioun?

Ouereninfektioune ginn an der Reegel duerch d’Bakteerie Streptococcus pneumoniae ausgeléist (hei archivéiert).

Kanner si méi ufälleg fir sou Infektiounen, well sech hiert Immunsystem nach entwéckelt a well hir eustachesch Réier (fr. Trompe d’Eustache), déi d’Mëttelouer mat dem hënneschten Deel vun der Strass verbannen, nach méi kleng sinn, wat den Offloss vu Flëssegkeet aus dem Ouer méi schwéier mécht (hei an hei archivéiert).

Déi meescht Ouereninfektiounen trieden op, wann e Kand eng Otemweeerkrankung huet. “Erkältunge féieren zu engem Verstoppe vum Mëttelouer a maachen et méi probabel, dass sech Bakteerien usidelen an eng Infektioun ausléisen”, sou de Boonstra.

Den deegleche Kontakt mat Keimen an enger Crèche oder a Schoule kann de Risiko erhéijen (hei archivéiert).

Kanner, déi passivem Fëmmen ausgesat sinn, hunn och e méi héijen Infektiounsrisiko (hei archivéiert).

D’Niere mat der Fläsch am Bett gëtt och mat Ouereninfektiounen a Verbindung bruecht, wärend d’Niere mat der Broscht de Risiko an der fréier Kandheet noweislech reduzéiert (hei an hei archivéiert).

Traitement vun Ouereninfektiounen

Et gëtt wierksam Hausmëttel géint Ouereninfektiounen, zum Beispill eng waarm Kompress fir d’Péng ze reduzéieren an d’Benotze vu Knuewelekpolver, dat antimikrobiell wierkt (hei archivéiert). Wa sech d’Symptomer vum Kand no 48 Stonnen net verbesseren, kann en Dokter Antibiotiquë verschreiwen (hei archivéiert).

D’American Academy of Pediatrics recommandéiert net, prophylaktesch Antibiotiquen ze verschreiwen, fir d’Heefegkeet vu chroneschen Infektiounen ze reduzéieren (hei archivéiert). Bei chroneschen Infektiounen – dräi oder méi bannent 6 Méint – kann dem Patient en Tympanostomie-Tüb recommandéiert ginn, deen duerch eng Operatioun agesat gëtt (hei archivéiert). Dat ass déi am heefegsten duerchgefouerten Operatioun bei Kanner an de Vereenegte Staaten, mat ongeféier enger hallwer Millioun Agrëff pro Joer (hei archivéiert).

“Den Haaptgrond, fir d’Asetze vun Ouereschläich ass, d’Gehéier vum Kand ze erhalen”, sou de Boonstra. “Kanner, déi vill Ouereninfektiounen haten oder déi laang undaueren, hunn e méi héije Risiko, an de wichtege Jore vun der Sproochentwécklung Problemer mam Gehéier ze kréien.”

Déi meescht Kanner erhuele sech bannent engem Dag vun der Operatioun, an d’Ouereschläich falen am Allgemenge 6 bis 18 Méint nom Agrëff vum selwen eraus (hei archivéiert).

Weider Artikele vun der AFP iwwer Feelinformatiounen iwwer Impfstoffer fannt Dir hei.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.