
Zënter dem Ausbroch vu Covid-19 an der Aféierung vun neiaartege Vaccinen, déi gehollef hunn, d’Pandemie anzedämmen, sinn mRNA-Impfstoffer ëmmer nees Zil vun Desinformatioun. Kierzlech gouf am Internet behaapt, eng däitsch Etüd wär zur Konklusioun komm, dass d’Vaccine Kriibs souwéi Autoimmunkrankheeten ausléise kéinten.
Mee e Co-Auteur vun der besoter Etüd souwéi weider Experten hunn dat géintiwwer der AFP ofgestridden. D’Bäiträg hunn en Artikel opgegraff, dee Woche virdru vun enger Interessensgrupp géint Impfstoffer publizéiert gi war, där hire President fréier den neien amerikanesche Gesondheetsminister Robert F. Kennedy Jr. war.
Eng aktuell däitsch Etüd géif weisen, dass mRNA-Impfstoffer “d’Genetik vum Mënsch op eng Manéier” verännert hunn, “déi mat Kriibs an Autoimmunkrankheeten a Verbindung bruecht ginn”, steet am Ënnertitel vun engem Artikel am tkp-Blogg, deen zënter dem 1. Abrëll 2025 villfach op Facebook, Telegram an Xam Ëmlaf war.
D’Falschbehaaptung war och an anere Sproochen zirkuléiert, wéi zum Beispill op Schweedesch a gouf och scho vun der AFP iwwerpréift.
De Blogg mam Numm tkp ass an der Vergaangenheet méi dacks domat opgefall, Falschinformatiounen iwwer Impfungen oder d’Droe vu Schutzmasken ze verbreeden.
D’Behaaptung iwwer mRNA-Impfstoffer hat d’Interessegrupp géint Vaccine mam Numm Children’s Health Defense den 1. Abrëll 2025 an änlecher Form publizéiert. Den amerikanesche Gesondheetsminister Robert F. Kennedy Jr. war fréier President vun dëser Organisatioun.
Den Artikel vun Children’s Health Defense souwéi den tkp-Bloggartikel hunn nees e Substack-Bäitrag vum Alex Berenson zitéiert, dee virdru wéinst der Verbreedung vu falschen an ierféierende Behaaptungen iwwer Covid-Impfstoffer vun der Plattform X, deemools nach Twitter, gespaart gi war.
© AFP
Ee vun de Co-Auteure vun der Etüd huet awer géintiwwer der AFP erkläert, dass hien a seng Kolleege keen Zesummenhang tëscht mRNA-Covid-Vaccinen a Kriibs oder Autoimmunkrankheete festgestallt hätten.
D’Europäesch Medikamentenagence (EMA) gëtt un, dass Covid-Vaccine Millioune Mënscheliewe gerett hätten. Doriwwer eraus gesäit d’Agence “keng Hiweiser op eng Hausse vun den Doudesfäll am Zesummenhang mat Covid-19-Impfungen an iergendenger Altersgrupp, och net bei Kanner”.
Impfstoffer kënnen den Immunsystem stäerken
D’Etüd, déi an de Bäiträg ernimmt gëtt, gouf de 25. Mäerz 2025 an der Fachzäitschrëft “Molecular Systems Biology” publizéiert (hei archivéiert).
Wéi an engem Pressecommuniqué vun der Universität Köln – op där vill vun den Autorinnen an Auteure vun der Etüd täteg sinn – vum 25. Mäerz 2025 erkläert gëtt, huet d’Etüd erginn, dass mRNA-Covid-Vaccinen den Immunsystem laangfristeg prägen, wat dem Kierper hëllefe kéint, “op zukünfteg Infektioune méi séier a méi breet” ze reagéieren.
Messenger-RNA-Vaccinen (mRNA) – dozou gehéieren d’Covid-Vaccine vu Moderna a BioNTech/Pfizer – enthale genetesch Informatioune mat Uweisunge fir d’Kopéiere vum Spikeprotein vum Coronavirus, deen dem Virus d’Entrée an d’Zell erméiglecht. Doduerch léiert den Immunsystem, de Protein ze erkennen an am Fall vun enger Infektioun unzegräifen, wéi dat däitscht Bundesinstitut für Öffentliche Gesundheit, fréier Bundeszentrale für gesundheitliche Aufklärung, erkläert huet.
Den Immunsystem verfüügt iwwer zwou Immunstrategien, déi ugebuer an déi acqueréiert, housch et am Pressecommuniqué vun der Universität Köln. Den ugebueren Immunsystem géif en onspezifesche Schutz viru Krankheetserreeger bidden a misst séier reagéiere kënnen. Dat adaptiivt, also den acqueréierten Immunsystem, géif sech neien oder verännerten Erreeger upassen: “Béid Deeler schaffen enk zesummen.”
An der Etüd hunn d’Fuerscher nogewisen, dass mRNA-Covid-Vaccinen nieft der Ausléisung vun der Antikierperproduktioun och zu “laang unhalenden epigenetesche Verännerungen an Ofwierzelle vum ugebuerenen Immunsystem” féiere géifen.
Epigenetesch Verännerunge bezeechne Verännerungen, déi d’Expressioun vu Geene beaflossen, also wat fir Geenen “ageschalt” ginn, net d’DNA-Sequenz selwer, huet d’Umweltbundesamt op hirer Internetsäit erkläert.
D’AFP huet de Jan Rybniker, ee vun den Auteure vun der Etüd, gefrot, ob d’Resultater vun der Etüd d’Behaaptung an den ierféierende Bäiträg stäipen, dass mRNA-Impfstoffer laangfristeg Verännerungen an der genetescher Struktur vum Kierper ausléise kéinten, déi nees zu “Entzündungsreaktiounen, Autoimmunkrankheeten a Kriibs” féiere géifen.
“Et ass kompletten Onsënn, dës Resultater mat Kriibs oder anere Krankheeten a Verbindung ze bréngen”, sot de Rybniker de 24. Abrëll 2025 géintiwwer der AFP.
De Rybniker, deen och Chef vum Departement fir Infektiounskrankheeten am Unversitätsklinikum Köln an Haaptfuerscher am Zentrum für Molekulare Medizin Köln ass, sot: “Epigenetesch Verännerunge fannen a mënschlechen Zellen dagdeeglech als Reaktioun op Ëmweltaflëss statt.”
“No dëser Logik kéint ee geneesou gutt behaapten, dass eng Gripp Kriibs ausléist”, sot hien.
Onofhängeg dovun huet d’Malin Sund, Professesch fir Chirurgie op den Universitéiten Umeå a Schweden an Helsinki a Finnland, géintiwwer der AFP erkläert, dass d’Etüd keen Zesummenhang tëscht den Impfstoffer a Kriibs oder Autoimmunkrankheeten hierstelle géif.
“Einfach ausgedréckt, ass d’Resultat vun der Etüd, dass den mRNA-Impfstoff eng Zort permanent ‘Gediechtnesspuer’ hannerléisst, fir dass e séier op eng nei Infektioun reagéiere kann. Dës Gediechtnesspuer änelt deem, wat no enger Infektioun optrëtt”, sot d’Sund, déi och als Beroderin, Kriibsfuerscherin a Presidentin vum Fuerschungskommitee vun der schweedescher Kriibsgesellschaft Cancerfonden täteg ass.
“An anere Wierder: et handelt sech ëm e gewënschten Effekt vun der Impfung, well de Sënn vu Vaccinen dora besteet, dem Immunsystem vum Kierper bäizebréngen, op Geforen ze reagéieren”, sot si de 5. Mee 2025 géintiwwer der AFP.
Etüd ernimmt Kriibs mat kengem Wuert
D’ierféierend Behaaptunge konzentréiere sech op en angeeblechen Zesummenhang tëscht mRNA-Impfstoffer a Kriibs, mee an där vun hinnen zitéierter Etüd gouf Kriibs mat kengem Wuert ernimmt.
© AFP
De Rybniker huet erkläert, dass epigenetesch Verännerunge keng genetesch Mutatioune sinn an och keng dauerhaft Verännerunge vum Genom mat sech bréngen. Ausserdeem huet hie betount, dass se an der Reegel temporär sinn.
“Zwar kënne Kriibserkrankungen tatsächlech mat epigenetesche Verännerungen anhiergoen, mee dës triede banne vu Kriibszellen op, déi och genetesch Mutatiounen opweisen. Et gëtt absolutt keng Hiweiser dorop, dass mRNA-Impfstoffer echt genetesch Mutatiounen ausléisen, déi gesond Zellen a Kriibszelle verwandele kéinten”, sot hien.
D’Sund huet deem zougestëmmt a bäigefüügt: “Hoffentlech kann d’Etüd Afloss op déi weider Entwécklung vu Kriibsvaccinen huelen, wat eng Hoffnung fir dës Zort vu Vaccinen ass.”
Keng Hiweiser dorop, dass mRNA-Impfstoffer Autoimmunerkrankungen ausléisen
D’AFP huet festgestallt, dass an der Etüd och keng Autoimmunerkrankungen ernimmt ginn.
D’Karina Top, Professesch op der Fakultéit fir Medezin an Zännmedezin vun der University of Alberta a Kanada, huet den 28. Abrëll 2025 géintiwwer der AFP an dësem finnesche Faktencheck erkläert, dass hir “keng iwwerzeegend Beweiser fir en Zesummenhang tëscht Autoimmunkrankheeten a Covid bekannt sinn.”
“Et gëtt sécherlech Fallberichter”, sot si. Dat wär awer och “ze erwaarden, well bal déi gesamt Populatioun zum Beispill dee selwechte Moment geimpft gouf, wärend Covid-19 am Ëmlaf war”. Hiren Aarbechtskolleeg hätt eng Kéier gesot: “Wann ee jiddereen impft, ass all medezinescht Evenement en onerwënscht Evenement no der Impfung.” E kausalen Zesummenhang misst also net gi sinn, just well zwee Evenementer zur selwechter Zäit passéieren. D’Top ass Kannerdoktesch fir Infektiounskrankheeten a klinesch Wëssenschaftlerin an der Impfstofffuerschung.
D’Julie Bettinger, Wëssenschaftlerin fir Impfstoffsécherheet um Vaccine Evaluation Center vum BC Children’s Hospital Research Institute a Kanada, huet deem zougestëmmt.
Si huet den 28. Abrëll 2025 géintiwwer der AFP erkläert, dass mRNA-Impfstoffer den Immunsystem dorop trainéieren, friem Stoffer ze erkennen, fir eng Reaktioun géint se auszeléisen. Am Fall vu Covid-Vaccinen handelt et sech ëm Proteinne vum Sars-CoV-2-Virus. “Well d’Vaccinen eng spezifesch Reaktioun op de Sars-CoV-2-Virus fërderen, kënnt et net zum Entstoe vun Autoimmunkrankheeten”, sot si.
Eng Rëtsch Etüde sinn zur Konklusioun komm, dass mRNA-Impfstoffer zwar nach weider erfuerscht gi mussen, mee trotzdeem sécher sinn an net mat engem erhéichte Risiko fir Autoimmunkrankheete verbonne sinn.
Keng Donnéeën iwwer chronesch Entzündungen
Schlussendlech gëtt an de Behaaptungen am Bloggartikel och vun “Entzündungskrankheeten” duerch mRNA-Impfstoffer geschwat.
Am Diskussiounsdeel vun der Etüd schreiwen d’Autorinnen an d’Auteuren, dass “d’Reprogramméierung” vun den ugebuerenen Immunzelle gewëss Auswierkunge kann hunn. Dozou gehéieren zum Beispill “d’Verbesserung vun den Impfstoffreaktiounen an -designen”, “d’allgemeng Immunreaktioun” op Infektiounen, déi keng Famill mat Covid sinn, a “souguer” op d’Verständnis vu “postvaccinalen Entzündungskrankheeten”. Dës kéinte “bei enger klenger Unzuel u geimpfte Persounen” optrieden.
Dësen Abschnitt wär awer “dofir geduecht, aner Fuerscher ze inspiréieren, eis Resultater an all Richtung weider ze suivéieren”, huet de Rybinker de 6. Mee 2025 erkläert. Dozou géifen och Post-Impf-Syndromer wéi Myokarditis gehéieren, also eng Entzündung vum Häerzmuskel, déi a verschiddene Fäll mat mRNA-Impfstoffer a Verbindung kéint bruecht ginn, huet hie bäigefüügt.
D’Etüd géif keng Donnéeën enthalen, déi d’Suppositioun stäipe géifen, dass d’Vaccinen zu chroneschen Entzündunge féieren, sot hie weider.
D’AFP huet schonn eng Abberzuel Behaaptungen iwwer Covid-Vaccinen a Kriibs widderluecht, beispillsweis hei, hei an hei.
Fazit: An enger Falschbehaaptung a Sozialen Netzwierker housch et, dass eng däitsch Etüd zu der Konklusioun komm wär, dass mRNA-Vaccine Kriibs an Autoimmunkrankheeten ausléise kéinten. Dat stëmmt net, wéi e Co-Auteur vun der besoter Etüd souwéi weider Expertinnen an Experte géintiwwer der AFP erkläert hunn. An der besoter Etüd goufen dës Krankheeten ausserdeem mat kengem Wuert ernimmt.
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.