Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Keng Hospitalisatiounen zu Weilheim wéinst vergëfte Koran-CDen

Faktencheck: Keng Hospitalisatiounen zu Weilheim wéinst vergëfte Koran-CDen - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Schonn 2016 hat sech an de sozialen Netzwierker eng Falschmeldung ëm vermeintlech vergëft CDe verbreet, déi och aktuell nees gedeelt gëtt.

“Et ginn Ëmschléi a Bréifkëschte verdeelt. Den Inhalt ass eng CD mat Lidder an Aussoen aus dem Koran”, heescht et op engem Bild, dat op Facebook iwwer 2.000 Mol gedeelt gouf. “D’CD ass mat cheemescher Substanz beaarbecht, déi d’Otemweeër lämen. Wannechgelift net opmaachen an direkt d’Police informéieren. Zu Weilheim si Betraffener schonn an der Klinick”, steet weider am Text.

RTL © AFP

D’Bild ass net déi éischt Kéier am Ëmlaf. Schonn 2016 goufen änlech Bäiträg mat dem Bild vun engem gielen Ëmschlag gedeelt. schonn zu där Zäit goufen déi vermeintlech Warnungen als Falschinformatioun entlarvt.

D’Police Oberbayern Süd hat am Dezember 2016 mat engem Post op Facebook virun der Falschmeldung gewarnt an dorëm gebieden, se ze läschen an net weider ze verbreeden. Och verschidde Medie wéi beispillsweis d'”Bayernwelle” haten doriwwer bericht. An anere Regioune wéi dem Rhein-Neckar-Krees war d’Noricht deemools och am Ëmlaf, wéi d’Zeitung “Hessische/Niedersächsische Allgemeine” gemellt hat. Och do wären der Police deemools keng esou Fäll bekannt gewiescht.

RTL © AFP

CD gouf vun der Stëftung Menschen für Menschen verschéckt

Op dem Ëmschlag, deen ze gesinn ass, ass de Logo vun der Stëftung “Menschen für Menschen” ze erkennen, déi sech fir besser Liewenskonditioune vu Mënschen am ländlechen Ethiopien asetzt. 2016 hat se eng Stellungnam zu de Bäiträg verëffentlecht. Deemno wär op dem Bild e Bréif mat enger CD ze gesinn, déi vun der Stëftung u Spenderinnen a Spender verschéckt gouf. “Mir sinn iwwer dës Diffamatioun an de Mëssbrauch vun eisem Chrëschtdags-Bréif extreem veriergert a wäerten eng Plainte géint Onbekannt maachen”, gouf de Comitésspriecher Sebastian Brandis doran zitéiert.

“Zënter Deeg erreechen d’Stëftung ëmmer nees Ufroe vu besuergten a veronsécherte Bierger aus dem ganze Bundesgebitt. Och eng Rei Policebüroe musste sech an de leschten Deeg mat dësen dubiéise Warnhiweiser beschäftegen an hunn méifach confirméiert, dass et sech ëm eng Falschmeldung handelt.” housch et an der Stellungnam weider.

Zënterhier ass d’Desinformatioun ëmmer nees verbreet ginn, an de vergaangene Joren hunn aner Faktencheck-Organisatioune wéi Correctiv und Mimikama, awer och d’ Deutsche Presse-Agentur Faktenchecken dozou verëffentlecht. Och d’Portal verbraucherschutz.com, dat viru Bedruch am Internet warnt, huet 2019 mat engem eegenen Artikel iwwer d’Falschinformatioun opgekläert. Se gouf anscheinend deemools als Kettebréif a WhatsApp-Norichte verschéckt.

Police, Klinick a Stëftung dementéieren och aktuell Bäiträg

Déi aktuell Bäiträg bezéie sech op d’Stad Weilheim. Op Ufro vun der AFP huet den zoustännege Policebüro Oberbayern Süd an enger E-Mail vum 23. Oktober 2023 erkläert, dass “zu Weilheim oder am aneren Zoustännegkeetsberäich keng Fäll vu vergëften CDe mat Lidder aus dem Koran bekannt” wären. Dass Patientinnen oder Patienten opgrond vum Kontakt mat esou enger CD an der Klinick zu Weilheim behandelt goufen, huet d’Petra Hunger, Spriecherin vun der Krankenhaus GmbH Landkreis Weilheim-Schongau, géintiwwer der AFP an enger E-Mail vum 25. Oktober 2023 dementéiert: “Mir hate weeder 2016 Patienten am Haus, déi Kontakt mat dëser CD haten, nach hu mir dat am Moment.”

Och eng Ufro bei der Stëftung “Menschen für Menschen” huet bestätegt, dass et sech “vun Ufank un ëm eng Falschmeldung” handelt, wéi d’Spriecherin Lisa-Martina Kerscher an enger E-Mail vum 23. Oktober 2023 matgedeelt huet. “D’Stëftung Menschen für Menschen huet 2016 eng Plainte géint Onbekannt gemaach a préift am Abléck d’Méiglechkeet vun enger weiderer Plainte”, heescht et weider.

D’Stëftung huet op en Neits betount: “Mir bieden all d’Mënschen, déi besot Falschmeldung net ze posten oder ze deelen. All weider Verbreedung schuet de Mënschen, déi dagdeeglech d’Ënnerstëtzung vun eiser Organisatioun benéidegen” huet de Comitésspriecher Sebastian Brandis erkläert.

Fazit: Am bayresche Weilheim goufe keng CDe mat cheemescher Substanz a Bréifkëschte verdeelt. D’Behaaptung ass schonn zënter 2016 am Ëmlaf an ass nach ëmmer fräi erfonnt. Ënner anerem déi zoustänneg Police huet matgedeelt, dass et sech ëm Falschinformatiounen handelt. Och déi lokal Klinick huet erkläert, dass am Moment wéi deemools keng Persounen opgrond vu Kontakt mat enger CD hospitaliséiert wären.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.