
E Video, deen op der Plattform X milliounefach opgeruff gouf, gëtt vir, e Video vun der New York Times ze weisen, an deem bericht gëtt, dass den amerikaneschen Entwécklungsministère véier Milliounen Dollar un den Time Magazine bezuelt hätt, fir den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj als Persoun vum Joer 2022 op d’Titelsäit vum Magasinn ze drécken.
Den angeebleche Bericht ass awer eng Fälschung, an d’Behaaptungen, déi doranner opgestallt ginn, sinn den Angabe vun der New York Post a vum Time Magazine no net richteg.
“USAID huet dem Time Magazine véier Milliounen Dollar bezuelt, fir de Selenskyj zur Persoun vum Joer ze maachen”, heescht et an engem Bäitrag vum 26. Februar 2025 op der Plattform X, an deem de Clip gedeelt gouf. “Gëtt et Medien, déi net op der Gehaltslëscht vu USAID stinn? Et sinn net just Dollaren, et sinn d’Sue vun amerikanesche Steierzueler.”
De Bäitrag staamt vun engem Kont mam Numm “Johnny Midnight”, dee schonn an der VergaangenheetFeelinformatiounen mat senge méi wéi 440.000 Follower op X gedeelt huet.
© AFP
Am Video, an deem de Logo vun der New York Post ze gesinn ass, gëtt behaapt, d’amerikanesch Agence fir international Entwécklung (USAID) hätt den Time Magazine am Joer 2022 véier Milliounen Dollar zoukomme gelooss, fir de Medium dozou ze bréngen, de Selenskyj zur Persoun vum Joer ze ernennen.
Änlech Bäiträg hate sech op X am Virfeld vum Selenskyj senger Renconter mam Donald Trump den 28. Februar zu Washington verbreet, bei deem et zu engem verbale Sträit am Oval Office viru lafende Kamerae koum. Heibäi huet den amerikanesche President d’Beméiungen, sech als Vermëttler am Krich tëscht Russland an der Ukrain opzespillen, zeréckgeschrauft.
D’Bäiträg ënnerstëtzen och der Trump-Regierung hir Beméiungen, déi vum Milliardär Elon Musk ugefouert ginn, Mëttelen a Personal bei USAID an anere staatlechen Institutiounen ze kierzen. Speziell d’Abonnementer vun der federaler Regierung fir Medienorganisatioune wéi Politico goufe vum Musk, deen d’Aart vun de Payementer ëmmer nees falsch duergestallt huet, kritesch gesinn.
Viru Kuerzem hat de Musk e gefälschten Artikel vun “E! News” gedeelt, an deem et housch, USAID hätt Prominenten, wéi dem Schauspiller Ben Stiller, Milliounen un Dollar bezuelt, fir d’Ukrain ze besichen an dem Selenskyj seng Popularitéit an der Welt ze steigeren.
De jéngste virale Video, deen USAID mam Time Magazine an dem Selenskyj a Verbindung brénge soll, ass och erfonnt. Op der Internetsäit vun der New York Post gëtt et weder esou e Video nach esou en Artikel.
“En ass net echt”, sot d’Iva Benson, eng Spriecherin vun der New York Post, géintiwwer der AFP. E Spriecher vum Time Magazine sot der AFP, dass d’Behaaptungen am Video falsch wären.
“TIME gouf weder vu USAID nach vun enger anerer Organisatioun dofir bezuelt, de Selenskyj zur Persoun vum Joer ze wielen, déi ausschliisslech vun der TIME-Redaktioun ausgewielt gëtt”, sot de Spriecher.
Eng Sich op USAspending.gov, enger offizieller Quell fir Informatiounen iwwer Depensen op federalem Niveau, ergouf keen Hiweis op Gelder fir USAID, déi der Zäitschrëft zougeschriwwen oder ausbezuelt goufen.
Och den ukraineschen Zenter fir d’Bekämpfe vun Desinformatioun huet an engem Bäitrag vum 27. Februar op X, dass de Video “e Fake” wär (archived here).
“Dës Informatioun ass falsch, an de Video, deen an de Sozialen Netzwierker am Ëmlaf ass, ass net op den offizielle Plattforme vun der New York Post ze fannen”, huet d’Agence an engem zweete Post bäigefüügt. “Esou Versich vun Desinformatioun zilen dorop of, de President Wolodymyr Selenskyj op der internationaler Bün ze diskreditéieren.”
✅ This information is false, and the video circulating on social media is not present on New York Post’s official platforms.
❓ Such disinformation attempts aim to discredit President Volodymyr Zelenskyy on the international stage.— Center for Countering Disinformation (@CforCD) February 27, 2025
D’AFP huet nach aner Feelinformatiounen iwwer d’russesch Invasioun an der Ukrain an iwwer d’US-Politik opgedeckt.
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.