Scroll Top

Faktencheck: Mexiko huet keng Douanestaxen op US-Wuere virum Amtsuntrëtt vum Trump verhaangen

Faktencheck: Mexiko huet keng Douanestaxen op US-Wuere virum Amtsuntrëtt vum Trump verhaangen - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Mexiko bereet sech op en Handelskrich mat de Vereenegte Staate vir, nodeem den designéierte President Donald Trump mat Taxe gedreet huet. Mee a Sozialen Netzwierker gouf d’Behaaptung verbreet, d’Land hätt am Dezember 2024 selwer Taxen op Wueren, déi an den USA hiergestallt ginn, gefrot. Deem ass awer net sou.

E Video, deen als Beweis gedeelt gouf, weist, wéi d’Presidentin Claudia Sheinbaum eng Moossnam fir de Schutz vun der mexikanescher Textilindustrie ënnerschreift – eng Moossnam, déi d’nordamerikanesch Handelspartner (USA a Kanada, Um. v. d. Red.) ausschléisst.

“D’mexikanesch Presidentin huet en offiziellt Dokument ënnerschriwwen, an deem si Douanestaxen op Produkter, déi an de Vereenegte Staaten hiergestallt goufen, ordonéiert. Weess si, wat d’Konsequenze sinn?”, heescht et an engem TikTok-Video vum 23. Dezember 2024.

De selwechte Video gouf och op anere Plattforme wéi X, Facebook a Gettr gedeelt. An de Kommentare gouf ugedeit, dass d’Sheinbaum e preventive Schratt ënnerholl hätt, nodeem den Trump am November annoncéiert hat, Taxen an Héicht vu 25 Prozent op Wueren aus Mexiko a Kanada ze erhiewen, fir d’Nopere vun den USA ënner Drock ze setzen, d’illegal Awanderung an den Drogenhandel anzedämmen.

Dës Behaaptung gouf och op Spuenesch a Chineesesch verbreet.

RTL © AFP

RTL © AFP

D’Sheinbaum sot, hir Regierung géif op nei amerikanesch Taxe reagéieren, huet dem Trump seng Behaaptung awer zeréckgewisen, Mexiko géif seng Grenzen zoumaachen.

An d’Behaaptungen, dass Mexiko preventiv Taxe géint d’USA erhiewe géif, si falsch.

Unhand vum Waasserzeechen am Clip huet d’AFP erausfonnt, dass den TikTok-Video eng éischt Kéier den 19. Dezember vun der spueneschsproocheger Norichtesäit “Latin US” publizéiert gouf (hei archivéiert), mat der Bildbeschreiwung op Spuenesch: “Claudia Sheinbaum firma decreto para incrementar los aranceles a la importación de textiles” (D’Claudia Sheinbaum ënnerschreift eng Direktiv, fir d’Taxen op Textilimporter eropzesetzen).

Dëse Moment gouf och um YouTube-Kont vun der mexikanescher Regierung iwwerdroen.

D’Regierung huet e Pressecommuniqué iwwer déi nei Moossname publizéiert, an d’AFP an aner Noriichtenagencen hunn iwwer dës Ukënnegung bericht, an där dorop higewise gouf, dass d’Handelspartner vum Land, dorënner d’Vereenegt Staaten a Kanada, vun den Douanestaxen ausgeholl wären.

D’Nordamerikanescht Fräihandelsofkommes (North American Free Trade Agreement) besteet zënter 1992 a gouf ënnert der éischter Trump-Regierung duerch d’USA-Mexiko-Kanada-Ofkommes (United States-Mexico-Canada Agreement) ersat, dat den 1. Juli 2020 a Kraaft getrueden ass.

Mexikanesch Beamten hunn erkläert, déi nei Taxe géifen net bestëmmte Länner viséieren, mee a Berichter gouf d’Suerg geäussert, dass Bëllegimporter aus China op den nordamerikanesche Maart komme kéinten.

Den Trump huet zwar just e puer Eenzelheeten iwwer déi vun him proposéiert Taxe fir déi wichtegst Handelspartner genannt, mee Analysten no kéinten dës tatsächlech Vergeltungsmoossname vu Mexiko a Kanada no sech zéien an dat trilateraalt Handelsofkommes a Gefor bréngen.

Den Donald Trump wäert den 20. Januar 2025 als neien US-President vereedegt ginn.

D’AFP huet nach aner Behaaptungen iwwer dem Trump seng geplangt Taxen iwwerpréift.

Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.