Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Nee, d’EU plangt kee Verbuet vun traditionellem Toilettëpabeier

Faktencheck: Nee, d'EU plangt kee Verbuet vun traditionellem Toilettëpabeier - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

D’Europäesch Unioun ergräift Mesurë fir d’Fërderung vun enger nohalteger Pabeierproduktioun, proposéiert awer net, Toilettëpabeier ze verbidden.

E Spriecher vun der Europäescher Kommissioun huet awer géintiwwer der AFP confirméiert, dass d’EU “keng Absicht huet, Toilettëpabeier ze verbidden”. D’AFP konnt keng Ukënnegung vun esou engem Verbuet fannen, an och Vertriederinnen a Vertrieder vun der Pabeierindustrie soten, si wéissten näischt vun esou enger Initiativ.

A Polen stinn de 15. Oktober 2023 Parlamentswalen un. Am Walkampf vun de politesche Parteie goufen d’Ëmweltpläng vun der EU zum Géigestand vu Kritik an Diskussiounen. Déi rietsextreem Partei Konfederacja huet an hirem Programm dozou opgeruff, “den Eko-Wansinn vun der EU ze stoppen”, wärend déi rietspopulistesch Regierungspartei PiS der EU virgeheit, d’Bewirtschaftung vum Bësch ze diktéieren.

D’EU an hir angeeblech Versich, an d’Alldagsliewe vun de Mënschen anzegräifen, sinn heefeg Theema vu Falschinformatiounen. D’AFP huet scho Behaaptunge widderluecht, no deene Bréissel e geheime Plang verfollege géif, d’Mënschen dozou ze bréngen, Insekten ze iessen, souwéi Behaaptungen iwwer d’Presidentin vun der Europäescher Kommissioun, d’Ursula von der Leyen.

Dës Kéier hunn traditionell Medien a Userinnen a User a sozialen Netzwierker déi onbegrënnt Behaaptung vun engem angeeblech geplangte Verbuet vun Toilettëpabeier verbreet.

RTL © AFP

De polneschsproochege Fernseebericht gouf de selwechten Dag als Deel vun enger längerer Noriichtesendung diffuséiert (vu Minutt 1:08 un). D’Noriichtesendung, Kurier Opolski, gouf vum Sender TVP3 Opole diffuséiert, engem regionalen Drëttsender vum ëffentlech-rechtleche polnesche Fernseesender TVP. An der nationaler Editioun vun TVP konnt d’AFP keen Hiweis op de Bericht fannen.

Am TVP3-Bericht ginn “europäesch Medien” zitéiert, déi iwwer den Toilettëpabeierersatz op Stréibasis an e méiglecht Verbuet spekuléieren. An enger Ëmfro gi Polinnen a Pole befrot, wat si vun dem angeeblechen EU-Plang halen. De Bericht hannerfreet ausserdeem d’Logik vun enger angeeblecher EU-Initiativ, Toilettëpabeier duerch Bideten ze ersetzen.

Op AFP-Ufro huet den Direkter vun TVP3 Opole de 7. September 2023 an enger E-Mail geäntwert: “TVP3 Opole gëtt zu dëser Ugeleeënheet kee Kommentar of.”

Déi ierféierend Behaaptung, d’EU wéilt Toilettëpabeier verbidden oder duerch Pabeier op Stréibasis a Bideten ersetzen, gouf a verschiddenen anere polneschsproochegen Artikele verbreet: hei, hei an hei. Vill polneschsproocheg Notzerinnen an Notzer vu sozialen Netzwierker hunn d’Behaaptung op X (fréier Twitter, hei an hei) a Facebook (hei an hei) gedeelt. E puer vun de Behaaptunge bezéie sech op spuenesch Medien als angeeblech Quell vun der Geschicht. och a slowakeschsproochege Bäiträg gouf ënner Beruffung op spuenesch Medie behaapt, dass “traditionellen Toilettëpabeier” angeeblech ofgeschaaft an duerch Pabeier aus Stréi ersat soll ginn (hei an hei).

RTL © AFP

Wéi koum et zu dëse Behaaptungen?

Eng Sich no Artikelen a verschiddene Sproochen iwwer e Verbuet vun Toilettëpabeier hat en Artikelvun der rumänescher Medienentreprise Mediafax, deen anscheinend als Witz geduecht war, als Resultat. E gouf den 1. Abrëll 2023, den Dag vum Abrëllsgeck, publizéiert. Den Datum gëtt a grousser Schrëft um Ufank  vum Artikel genannt an et ginn Zitater vun héichrangege Perséinlechkeete wéi der von der Leyen verwent, déi mat der Ausso zitéiert ginn, dass Toilettëpabeier an der gesamter EU verbueden a “japanesch Toiletten” ageféiert solle ginn.

E puer Méint méi spéit waren a Polen eescht gemengt Behaaptungen am Ëmlaf, dass d’EU Toilettëpabeier aus Stréi fuerdere géif an dass eng “komplett Ofschafung vun Toilettëpabeier net ausgeschloss” wär. Dës Behaaptunge (zum Beispill hei, hei an hei) goufen den 9. August 2023 ënner Beruffung op e Bericht vum Spuenien-Korrespondent vun der Polnescher Presseagence (PAP) a Spuenien verëffentlecht. Der AFP läit eng Kopie vum PAP-Artikel vum 9. August 2023 mam Titel “Spuenien/Medien: Bréissel fërdert Toilettëpabeier aus Stréi, fir de Klimawandel ze bewältegen” vir. Den Artikel zitéiert en Text aus “El Economista”, enger spuenescher Wirtschaftszeitung, déi 2006 vun der konservativer spuenescher Dageszeitung “El Mundo” gegrënnt gouf.

Souwuel den Artikel vun “El Economista” wéi och de PAP-Bericht hunn zwar doriwwer spekuléiert, dass d’Deeg vum traditionellen Toilettëpabeier gezielt kéinte sinn, an hunn op Alternative wéi Pabeier op Stréibasis oder Bidete verwisen, hunn awer kee méiglecht Verbuet duerch d’EU ernimmt.

De PAP-Bericht schéngt sech op e Bericht vun “El Economista” vum 29. Juli 2023 ze bezéien, dee keng Donnéeën iwwer den Auteur enthält an nëmme ganz wéineg Kontext iwwer d’Ënnermauerung vu sengen Aussoen bitt. Amplaz schéngt et sech ëm e gesponserten Artikel ze handelen, deen d’Virzich vun engem Bidet nennt, dee vun enger ecuadorianescher Firma hiergestallt gëtt. Am Artikel ass och e Bäitrag op X vun der Entreprise dran, an deem se fir hir Déngschtleeschtunge Reklamm mécht.

Den eenzegen Hiweis op d’EU ass um Enn vum Artikel vun “El Economista” mat der Erwänung vun engem Artikel vun engem Artikel vun enger anerer spueneschsproocheger Internetsäit, “Libre Mercado”, ze fannen, an deem et iwwer en angeebleche Virstouss vun der EU a Richtung Toilettëpabeier aus Stréi geet.

Am Artikel vu “Libre Mercado” gëtt och kee Verbuet vun Toilettëpabeier ernimmt, obwuel en déi ierféierend Behaaptung opstellt, dass d’EU op d’Aféierung vun Toilettëpabeier aus Stréi “drängt”.

Obwuel Toilettëpabeier op Stréi-Basis vun europäesche Banke fir Investitiounen an nohalteg Entwécklungsprojete finanzéiert gëtt, schléit d’EU net vir, dass en aner Pabeierzorten ersetze sollt.

Europäesch Kommissioun huet net wëlles, Toilettëpabeier ze verbidden

Op AFP-Ufro sot e Spriecher vun der Europäescher Kommissioun zu dëser Behaaptung: “D’Europäesch Unioun huet net wëlles, Toilettëpabeier ze verbidden. An et gëtt kee Virschlag, weeder aktuell nach a Preparatioun, fir en an Zukunft ze verbidden.”

De Spriecher huet bäigefüügt, dass d’EU-Gesetzgeebung den Hiersteller vun Toilettëpabeier zwar virschreiwe géif, d’Ëmwelt schützen ze missen, andeem se sécherstellen, dass fir hir Produkter keng Materialien aus Ofholzungsgebidder verwent géifen, dëst awer net engem Verbuet vun Toilettëpabeier gläichkéim.

“Toilettëpabeier fält tatsächlech an de Geltungsberäich vun der Deforestatiounsveruerdnung. Produkter an hir Matière-premièren dierfe just dann op den EU-Maart bruecht a vun do exportéiert ginn, wa se legal hiergestallt goufen an aus deforestatiounsfräie Gebidder stamen”, huet de Spriecher géintiwwer der AFP an enger E-Mail vum 24. August 2023 matgedeelt.

An der EU-Arrêté iwwer d’Deforestatioun (hei archivéiert) heescht et, dass de Verbrauch vun Holz an anere Matière-premièrë wéi Palmueleg, Sojabounen, Kakao, Kaffi, Rand a Kautschuk zu enger “weltwäiter Deforestatioun a Schiedegung vum Bësch” féiere géif. De meeschten Toilettëpabeier gëtt aus Holzzellstoff hiergestallt.

Am Artikel 3 vum Gesetz heescht et, dass all dës Wueren net an de Verkéier bruecht, bereetgestallt oder exportéiert dierfte ginn, wa se net deforestatiounsfräi wären an de Gesetzer vum Produktiounsland entspréichen.

RTL © AFP

D’Gesetz gesäit kee Verbuet vun Toilettëpabeier aus Zellstoff oder Toilettëpabeier am Allgemenge vir.

D’AFP konnt op der Internetsäit vun der EU keen Hiweis op e Verbuet vun Toilettëpabeierproduite vun all Zort oder eng ëffentlech Ukënnegung vun esou enger Initiativ fannen.

Keng Pläng, Toilettëpabeier op Stréibasis an der gesamter EU anzeféieren

D’Europäesch Investitiounsbank (EIB), d’Finanzéierungsinstitutioun vun der EU, an aner Finanzinstituter an Europa hunn enger Entreprise, déi ëmweltfrëndlechen Toilettëpabeier entwéckelt, Finanzmëttel zur Verfügung gestallt. Dat ass awer just ee vu ville Projete vun der Kreeslafwirtschaft, déi op dës Manéier ënnerstëtzt goufen. Entgéint sëllegen Online-Meldungen huet Bréissel kee Verbuet fir d’Verwende vun aneren Toilettëpabeierzorte proposéiert.

De schweedesche Konzern Essity produzéiert Toilettëpabeier aus Stréi an enger vu senge Fabricken zu Mannheim, Däitschland, wéi en 2019 bekanntgouf. An engem Pressecommuniqué vun der EIB (hei archivéiert) aus dem Juli 2023 gëtt Essity als eng vun den Entreprisen ernimmt, déi vun enger Grupp vu Banken an Institutiounen am Kader vun der Joint Initiative on Circular Economy (JICE), där och d’EIB ugehéiert, ënnerstëtzt goufen.

Essity wëll an enger Fabrick zu Mannheim Toilettëpabeier hierstellen. D’JICE-Finanzéierung fir de Projet staamt, den Informatioune vun der EIB an Essity no, vun der däitscher Bank Kreditanstalt für Wiederaufbau (KfW) (hei archivéiert). Onofhängeg dovun hat d’EIB am Dezember 2021 en Emprunt vun 300 Millounen Euro fir “Fuerschung, Entwécklung an Innovatioun” un Essity ugekënnegt (hei archivéiert).

D’Vanessa Paul, Spriecherin vun der EIB, huet den 31. August géintiwwer der AFP ze verstoe ginn, dass den Emprunt an Héicht vun 300 Milliounen Euro fir ronn 115 Fuerschungs-, Entwécklungs- an Innovatiounsprojete virgesi wär, vun deene kee mat engem angeebleche Verbuet vun Toilettëpabeier a Verbindung stéing.

Essity huet an engem Pressecommuniqué matgedeelt, dass den Emprunt dozou geduecht wär, “innovativ Produkter an Innovatiounen an eng nohalteg Entwécklung an alle Geschäftsberäicher a Produktsegmenter bis 2024” ze ënnerstëtzen.

Den Essity-Spriecher Karl Stoltz huet der AFP an enger E-Mail vum 1. September 2023 matgedeelt, dass en Deel vun de Mëttel fir d’Entwécklung vun der Produktioun vu Pabeierproduiten op Stréi- oder alternativer Faserbasis verwent géif.

Grupp vun der Pabeierindustrie: nohalteg Pabeierproduite bleiwe fräiwëlleg

Den europäesche Verband vun der Pabeierindustrie (Cepi) huet géintiwwer der AFP erkläert, dass him “kee Verbuet oder Projet fir e Verbuet oder fir d’Ofschafung vun Toilettëpabeier” bekannt wär.

“Keng Rechtsvirschrëft, déi scho gestëmmt oder bevirsteet, ënner dem Daach vum ‘EU-Green Deal‘ (Fit-for-55, EU-Deforestatiounsarrêté, etc.) enthält sou e Grondsaz”, huet d’Margherita Miceli, Forest Policy Manager vu Cepi, den 23. August 2023 an enger E-Mail un d’AFP erkläert.

“Bei dem ernimmte Projet, deen am EIB-Pressecommuniqué ernimmt gouf, geet et effektiv ëm d’Fërderung vu Projete vun der Kreeslafwirtschaft, dorënner och d’Verwendung vu sekundäre Produiten a Reschtstoffer als Matière-premièren, awer d’Participatioun u sou Projeten ass fräiwëlleg”, huet si matgedeelt.

Fazit: D’EU plangt kee Verbuet vun Toilettëpabeier an huet och net wëlles, traditionellen Toilettëpabeier duerch Imitater aus Stréi ze ersetzen. Dat hu souwuel Spriecherinnen a Spriecher vun der Europäescher Kommissioun wéi och vun der Pabeierindustrie confirméiert. Toilettëpabeier aus Stréi amplaz vun Zellstoff ass mëttlerweil um Maart.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.