Scroll Top

Faktencheck: Pann vu Maschinn, déi beim Wielen hëlleft, léist Behaaptung iwwer Walbedruch aus

Faktencheck: Pann vu Maschinn, déi beim Wielen hëlleft, léist Behaaptung iwwer Walbedruch aus - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

Bei de Presidentewalen an den USA kommen och elektronesch Walmaschinnen an den Asaz. Am Internet gëtt awer behaapt, dass d’Walresultat duerch esou Maschinne manipuléiert gi kéint.

 Als angeebleche Beweis gëtt e Video gedeelt, an deem bei engem Apparat am Bundesstaat Kentucky den Numm “Donald Trump” net ugeklickt ka ginn an amplaz Kamala Harris automatesch ausgewielt gëtt. Den Apparat iwwermëttelt awer net de Vott, mee hëlleft just bei der Auswiel vun de Kandidaten. De President vum Walbüro Laurel County, wou de Video gedréint gouf, huet erkläert, dass et sech ëm en eemolege Feeler gehandelt huet.

“Walbedruch a Kentucky: E republikanesche Wieler huet dokumentéiert, dass sech op den elektronesche Walmaschinnen zoufälleg den Numm ‘Donald Trump’ net ausgewielt ka ginn, respektiv d’Stëmm fir d’Kamala Harris zielt”, heescht et an engem Telegram-Bäitrag vum 31. Oktober 2024. Ausserdeem ass e Video vun enger Walmaschinn ze gesinn, un där eng Persoun de republikanesche Presidentschaftskandidat Donald Trump selektionéiere wëll. Dat geléngt allerdéngs net an d’Maschinn wielt dem Trump seng Kontrahentin Kamala Harris aus.

De Video gëtt zesumme mat der Behaaptung och op Facebook an X souwéi an anere Sprooche wéi Englesch, Griichesch, Spuenesch a Portugisesch gedeelt.

RTL © AFP

De Video gouf e puer Deeg virun den amerikanesche Presidentschaftswale vun Notzer op der Plattform X am Laurel County am Bundesstaat Kentucky gepost. Bei de Walen de 5. November 2024 hate méi wéi 82 Millioune Bierger schonn am Virfeld hir Stëmm ofginn.

Maschinn hëlleft beim Ausfëlle vum Stëmmziedel

Den James Young, Expert fir Wale mat Fokus op Inklusioun vu Wielerinnen a Wieler mat Behënnerungen, huet den 1. November 2024 géintiwwer der AFP erkläert, dass “de Walprozess a Kentucky absolutt sécher ass”. De Video an de Bäiträg géif “kee Bedruch oder e ‘Stëmmenaustausch'” weisen, wéi hie weider sot. Hien huet och virdru gewarnt, dass sou Contenuen, déi Zweiwel un den US-Walen séie sollen, “fir déijéineg geféierlech sinn, déi vulnerabel fir geziilt Falschinformatioune sinn.”

De Young, deen och als President vum Walbüro an Deputy County Clerk (stellvertriedende Bezierkssekretär) fir den Jefferson/Louisville County a Kentucky souwéi als Adjoint fir de Bezierksstaatssekretär täteg war, sot och, dass d’Maschinn, déi am Video gewise gëtt, als “Ballot Marking Device” (BMD) bekannt ass. Dësen Apparat hëlleft Wielerinnen a Wieler, digital an ouni hierkëmmlecht Ukräizen hir Stëmm ofzeginn. “Et ass quasi en digitale Stëft”, huet de Young erkläert. D’Maschinn géif fir de Wieler oder d’Wielerin de Stëmmziedel ausfëllen.

Fir bis bei de Bildschierm ze kommen, deen am Video ze gesinn ass, muss e Wieler e Stëmmziedel an d’Maschinn leeën. Hien oder si gëtt dann opgefuerdert, op dem Touchscreen seng oder hir Stëmm ofzeginn, duerno de Stëmmziedel auszedrécken an en an de Scanner ze leeën. Eréischt da gëtt d’Stëmm gezielt, an net virdrun an digitaler Form um Bildschierm.

“Et ass wichteg, dat ze verstoen, well de Video den Androck opkomme léisst, dass d’Maschinn ‘Stëmme vertauscht'”, huet de Young erkläert. Den Apparat géif awer just beim Markéiere vu Stëmmziedelen hëllefen an iwwermëttelt oder zielt dës Stëmmen net selwer. Virum endgültege Vott géifen d’Wielerinnen an d’Wieler e puer mol gefrot, ob hire Choix um Apparat, deen de Young am Video als en Typp ES&S ExpressVote identifizéiert huet, korrekt wär.

D’Apparater vun dësem Hiersteller si vun der amerikanescher Walhëllefkommissioun an dem Kentucky State Board of Elections (Walkommitee vu Kentucky) zertifiéiert a ginn dem Young no a ronn 30 Countys a Kentucky reegelméisseg benotzt. Him no wäre se “net mam Internet verbonnen”. Se géife mat de Walsigele dat ganzt Joer iwwer bewaacht a just de Bezierkssekretär souwéi “forméiert Wal-Assesseuren, déi no staatlechem Recht vereedegt sinn, gräifen op dës Maschinnen zou”, huet de Young bäigefüügt.

Falsche Vott ka korrigéiert ginn

Den Tony Brown, Assesseur am Laurel County, huet den 31. Oktober 2024 op sengem Facebook-Kont dat selwecht erkläert, dass d’Maschinn am online gedeelte Video “e Ballot Marking Device” ass. “Dir leet Ären eidele Stëmmziedel an a gitt Är Stëmm jee no Walbezierk of”, huet hie geschriwwen. “Se weist Iech un, wien Dir fir all Course gewielt hutt an informéiert Iech, wann Dir an enger Course kee Choix gemaach hutt. Éier [d’Maschinn] dem Wieler oder der Wielerin erlaabt, mat der nächster Säit weiderzemaachen.”

Duerno weist d’Maschinn de komplette Choix nach eng Kéier. Uschléissend misst de Wieler oder d’Wielerin dem Brown no dëse Choix nach zwee Mol confirméieren, éier hien oder si de Stëmmziedel ausdréckt. Den Ausdrock géif et erlaben, de Choix nach eng Kéier ze iwwerpréiwen, éier de Wieler oder d’Wielerin de Stëmmziedel an de Scanner leeë géif, huet de Brown weider erkläert.

“Wann Dir e Feeler gemaach hutt, kënnt Dir de Walziedel als ongülteg markéieren an e weidere kréien”, sot de Brown weider. “D’Gesetz vu Kentucky erlaabt just zwee ongülteg Walziedelen. Soubal Dir mat Ärer Wiel zefridde mat, kënnt Dir de Stëmmziedel an de Scanner leeën an e confirméiert, dass d’Stëmm gezielt gouf.”

RTL © AFP

De Walkommitee vu Kentucky huet de Sachverhalt och an engem Statement kommentéiert an dora betount, dass et sech beim Maschinnentypp ES&S ExpressVote ëm e “Ballot Marking Device” handele géif an dass “eng Stëmm eréischt gezielt gëtt, wann de Stëmmziedel an de Scanner geluecht gouf.”

“Hirer Ausso géintiwwer dem Bezierkssekretär no war et der Wielerin méiglech, den Touchscreen korrekt ze benotzen, fir d’Feld fir Donald Trump an all aner Kandidaten, déi vun hir favoriséiert goufen, ze markéieren”, huet de Walkommitee erkläert. En hätt de Feeler zwar net selwer um Apparat nostelle kënnen, en awer trotzdeem aus dem Verkéier gezunn an de Büro vum Procureur général kontaktéiert, deen en Ermëttler an de Walbüro geschéckt huet.

“Iwwer 1700 Wielerinnen a Wieler am Laurel County hunn den 31. Oktober 2024 hir Stëmme korrekt ofginn a weeder de Walkommitee nach den Assesseur vum Laurel County goufen op dësem Dag op weider Meldunge vu Problemer mat den ExpressVote-Bildschiermer oder DS200-Walscanneren opmierksam gemaach”, huet de Walkommitee vu Kentucky matgedeelt.

Op X huet sech de Procureur général Russell Coleman geäussert. Hien huet matgedeelt, dass säin Departement of Criminal Investigations (DCI, Departement fir kriminell Ermëttlungen) “séier op d’Reklamatioun vum Laurel County reagéiert” hätt an all d’Wieler a Kentucky dorop vertraue kéinten, dass “d’Wale sécher wären an all potenziell Problemer séier beaarbecht ginn”.

De Staatssekretär vu Kentucky Michael Adams huet och op de vill gedeelte Video reagéiert an huet d’Virwërf vu Walbedruch zeréckgewisen.

Election Systems & Software, e Fournisseur vu Walmaschinnen an -déngschtleeschtungen an den USA an den Hiersteller vum Modell ES&S ExpressVote, huet géintiwwer der AFP de 4. November wësse gedoen, dass “Touchscreen-Walmaschinnen de Vott net veränneren” an dass “déi meescht vun de gemellte Fäll dorop zeréckzeféiere sinn, dass e Wieler oder eng Wielerin d’Textfeld net op der richteger Plaz beréiert huet” a versicht hätt, “op déi kleng Këscht ze drécken”.

Weider Faktenchecken iwwer d’Walen an Amerika sinn op der AFP-Internetsäit ze fannen.

Fazit: A Kentucky gouf et kee Walbedruch, et huet sech ëm en eemolege Feeler vun engem Ballot Marking Device gehandelt. Ausserdeem hëlleft d’Maschinn just beim Auswiele vun de Votten an zielt d’Stëmm net selwer. Wielerinnen a Wieler konnten do fräi hir Stëmm ofginn a waren net zur Wal vun engem bestëmmte Kandidat oder enger Kandidatin gezwongen.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.