© AFP
Véier Joer no engem Presidentschaftswalkampf, dee vun Desinformatioun gepräägt war, gesi sech d’Amerikanerinnen an Amerikaner an de leschte Woche vum Walkampf 2024 op en Neits mat änleche Virwërf konfrontéiert. Sou wäerte warscheinlech och bei dëse Walen de 5. November 2024 Behaaptungen iwwer Onreegelméissegkeete beim Wielen a Walbedruch e grousse Sujet sinn.
Wéinst dem warscheinlech knappe Resultat tëscht der Kamala Harris an dem Donald Trump ëm d’Wäisst Haus si schonn onzieleg Konspiratiounstheorien am Ëmlaf. D’Tatsaach, dass d’Ausziele vun de Stëmmen e puer Deeg dauere wäert, wäert de Ressentimenter am Netz nach méi Opdriff ginn.
Notzerinnen an Notzer vu Sozialen Netzwierker a Bundesstaate wéi Texas gesi scho Feeler bei Walmaschinnen am Verlaf vun der fréizäiteger Wielméiglechkeet als Beweis fir Onreegelméissegkeeten. Den eemolege republikanesche President Donald Trump huet d’Demokraten ausserdeem ëmmer nees beschëllegt, Migranten an d’Land ze huelen, fir um Waldag, dem 5. November 2024, illegal fir d’Harris ze stëmmen.
Dësen Narrativ huet enormen Uklang fonnt a knäppt un déi jorelaang Beweegung vun der Walleegnung an den USA un. Dorënner zielt den Ierglawen, dass Walen an den USA duerch Walbedruch vun den Demokrate manipuléiert a geklaut géifen, zu de wäitverbreetsten. Eng onbegrënnt a falsch Behaaptung, déi a Kreesser vu Leit, déi d’Walen net unerkennen, bis haut opgestallt gëtt, ass, dass am Joer 2020 eigentlech den Donald Trump an net den Joe Biden gewonnen huet. Fir dës Behaaptung gëtt et keng Beweiser.
Enger aktueller Ëmfro vun der universitéitsiwwergräifender “Bright Line Watch”-Initiativ no sinn aacht vun zéng Persoune vun der republikanescher Partei der Meenung, dass Immigranten ouni Openthaltsgeneemegung dozou bäidroe kéinten, d’Harris an d’Wäisst Haus ze bréngen (hei archivéiert). Och dës Behaaptung gouf e puer Mol widderluecht.
“Et ass dat selwecht Schema wéi am Joer 2016, du war et 2020 och sou an elo och 2024”, sot d’Lisa Deeley, stellvertriedend Presidentin vun de Philadelphia City Commissioners am Bundesstaat Pennsylvania, déi mat enger Well vun Desinformatioun konfrontéiert goufen (hei archivéiert).
Dobäi kënnt nach eng Rei vu gefälschte Prominenten-Ënnerstëtzungen, ierféierend beaarbecht Videoe vu Walkampfveranstaltungen a Satir, déi als echt Noriichte verkaf ginn.
© AFP
Och Konspiratiounserzielungen iwwer zwee Mordversich op den Trump wärend dem Walkampf si wäit verbreet, woubäi Bright Line Watch no méi wéi een Drëttel vun den Demokrate gleewen, dass dës inzenéiert goufen.
D’Walen 2020 ware vu falsche Behaaptungen iwwer manipuléiert Walmaschinnen, d’Walbedeelegung vun Doudegen an illegal Walurne voller Walziedele gekennzeechent. Dat alles hat säin Héichpunkt am Ugrëff vun Trump-Supporteren op den US-Kapitol de 6. Januar 2021 fonnt.
Obwuel et keng Geriichter, Préiwungen oder Noerzielunge gëtt, déi Beweiser fir wäit verbreete Walbedruch liwweren, rechne Fachleit dës Kéier mat enger Well vun änlechen Onwourechten a KI-generéierte Biller souwéi virzäitegen Erklärungen, d’Wale gewonnen ze hunn.
“Eng Feelinformatioun, déi absolutt virauszegesinn ass, ass de falschen Androck, dass mir um Walowend wësse sollten, wie gewonnen huet, an dass eppes net stëmmt, wa mir et net wëssen”, sot den Justin Levitt, Professer fir Droit op der Loyola Marymount University am Bundesstaat Kalifornien (hei archivéiert). “D’Viraussoen, déi ee kritt, si wierklech just Viraussoen. A wann dës eeben e bësse méi laang daueren, ass dat keen Zeechen dofir, dass d’Wale manipuléiert goufen – et ass en Zeechen dofir, dass d’Wale funktionéieren.”
“Einfach lächerlech”
Der Cybersecurity and Infrastructure Security Agency no waren déi lescht US-Presidentschaftswalen, déi sécherst an der Geschicht vum Land (hei archivéiert).
Vun den onzielege Millioune Stëmmen, déi am Joer 2020 ofgi gi waren, a bei den Tëschewalen 2022 gouf et enger Datebank vun der konservativer “Heritage Foundation” no just e puer Dose strofrechtlech Verurteelunge wéinst Walbedruch (hei archivéiert).
Vum Brennan Center for Justice zesummegestallt Etüden, an deene Bedruchsfäll virun 2020 ënnersicht goufen, ergoufen och, dass Bedruch just seele virkënnt (hei archivéiert). US-Amerikaner, déi sou Strofdote beginn, musse mat haarde Sanktioune rechnen, wéi Geldstrofen an Héicht vun Dausende vun Dollar oder souguer Prisong.
“Bei all der genauer Préiwung vu Walen hautzedaags ass d’Virstellung, dass et zu wäit verbreetem Walbedruch komme wäert, einfach lächerlech”, sot den Charles Stewart, Chef vum Massachusetts Institute of Technology Election Lab (hei archivéiert).
Garantie vu séchere Walen
Zwar huet all Bundesstaat seng eege Walvirschrëften, mee an alle Bundesstaate gëtt et Sécherheetsmesurë bei all Schratt vum Walprozess. Am Maricopa County an Arizona, deen de Biden 2020 vun de Republikaner zeréckeruewert hat, ginn d’Ënnerschrëften op den Ziedele vun der Bréifwal streng kontrolléiert.
“Vun do un hu mir iwwerparteilech Ekippen, déi dann de Stëmmziedel aus dem Ëmschlag huelen – dat erméiglecht eis eréischt, geheim ze wielen”, sot d’stellvertriedend Walcheffin Jennifer Liewer géintiwwer der AFP (hei archivéiert). Wien am Virfeld wielt, ka säi Stëmmziedel “wärend dem gesamte Walvirgang” suivéieren.
Et gëtt streng Kontrollprozedure fir d’Stëmmziedelen, an dacks gëtt d’Auszielung och live iwwerdroen – sou och am Fulton County am Swing State Georgia.
“Mir wëlle sécherstellen, dass alles transparent ass, dass d’Ëffentlechkeet weess, wat fir si och oppegeluecht gëtt – dass si kommen a sech dat ukucke kënnen an dass dann net e Video mat falsche Behaaptunge gepost gëtt”, sot d’Nadine Williams, Cheffin vun der Registréierungs- a Walagence vum County (hei archivéiert).
Fir déijéineg, déi ëmmer nach Zweiwel um Walprozess hunn, recommandéiert d’Lisa Deeley vun de Philadelphia City Commissioners, sech méi staark ze engagéieren, andeem si sech als Walhelfer mellen. “Sou kënne si un hirer eegener Demokratie matwierken”, huet si bäigefüügt.
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.