Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Si geimpfte Leit méi ufälleg fir nei Coronavarianten?

Faktencheck: Si geimpfte Leit méi ufälleg fir nei Coronavarianten? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Nach ëmmer sinn am Internet Falschinformatiounen iwwert de Coronavirus an iwwer d’Coronaschutzimpfung am Ëmlaf. Zulescht gouf a sozialen Netzwierker behaapt, déi US-amerikanesch Gesondheetsagence CDC hätt gewarnt, dass Mënschen, déi géint Covid-19 geimpft sinn, engem méi héije Risiko duerch en neie Virusstamm ausgesat wiere wéi net geimpfte Leit. Dat ass awer falsch.

“Geimpfter si méi ufälleg fir nei C19-Variant wéi Ongeimpfter! D’Gesondheetsagence huet d’Impf-Versoen elo offiziell zouginn.” Sou steet et an der Beschreiwung vun engem Video, deen op Facebook a YouTube vun zéngdausende Leit gesi gouf.

D’Behaaptunge goufe verëffentlecht, nodeem déi amerikanesch Gesondheetsagence CDC virum Optriede vun engem héich mutéierten neie Coronavirus-Stamm mat der Bezeechnung BA.2.86 gewarnt hat.

Änlech Behaaptunge goufen och an englescher Sprooch verëffentlecht.

RTL © AFP

An de Bäiträg gëtt eng Aschätzung vun der CDC vum 23. August 2023 (hei archivéiert) iwwer eng nei Coronavariant falsch duergestallt. Dës kéint den amerikanesche Gesondheetsbeamten no d’Immunitéit ëmgoen.

Am Pabeier vun der CDC steet: “BA.2.86 may be more capable of causing infection in people who have previously had COVID-19 or who have received COVID-19 vaccines.” Op Lëtzebuergesch heescht dat: “BA.2.86 ass méiglecherweis éischter capabel, eng Infektioun bei Persounen auszeléisen, déi am Virfeld u Covid-19 erkrankt waren oder déi Covid-19-Impfstoffer kruten.”

Dëse Saz beseet, dass geneesen a geimpfte Mënschen eng méi héich Warscheinlechkeet hunn, sech mat der neier Virusvariant unzestiechen, wéi et bei de fréiere Varianten de Fall war.

Am Video gëtt dës Ausso awer mëssverstanen a gesot: “Déi schreiwen tatsächlech, dass een eng méi héich Infektiounswarscheinlechkeet huet, wann een entweeder schonn eng Kéier Corona hat oder géint Corona geimpft gouf. Wann s du awer nach kee Corona has an net geimpft bass, dann ass deng Infektiounsgefor manner héich.”

Experten hunn der AFP confirméiert, dass dës Behaaptung falsch ass: “Mir si keng Donnéeë bekannt, déi dës Behaaptung stäipen”, huet den Adam Lauring, Virolog op der University of Michigan, an enger E-Mail vum 31. August 2023 erkläert. Säi Labo hat eng Persoun mat der neier Variant identifizéiert.

De Craig Wilen, ausseruerdentleche Professer fir Labomedezinn an Immunbiologie op der Yale University, huet deem zougestëmmt. “Mir si keng Donnéeë bekannt, déi dorop hindeiten, dass dat de Fall ass”, huet hien an enger E-Mail vum 30. August 2023 matgedeelt. “Oppe gesot, ass dat wäit hiergeholl a mécht biologesch absolutt kee Sënn.”

CDC: Impfstoffer schützen och virun neier Variant

An enger aktualiséierter Versioun vun der Erklärung vum 30. August 2023 (hei archivéiert) huet d’CDC geschriwwen, dass d’Immunitéit duerch Impfstoffer a fréier Infektiounen ëmmer nach e gewësse Schutz géint déi nei Variant bitt, déi fir d’éischt an Israel identifizéiert gouf, éier se sech an anere Länner verbreet huet.

Ausserdeem schreift d’Agence, dass souwisou bal déi ganz Bevëlkerung scho mat dem Virus a Kontakt komm wär: “Ongeféier 97 Prozent vun der US-amerikanescher Bevëlkerung hunn Antikierper géint SARS-CoV-2 duerch Impfung, fréier Infektiounen oder béides (hybrid Immunitéit).” En plus wär et warscheinlech, dass d’Reaktioun vum Immunsystem, déi doduerch besser wär, och “weiderhi viru schwéieren Erkrankungen duerch dës Variant schützt.”

D’CDC recommandéiert weiderhin eng Impfung. “No ablécklecher Aschätzung vun der CDC wäert den aktualiséierte Covid-19-Impfstoff, deen vu Mëtt September un ze kréie wäert sinn, warscheinlech effikass sinn, fir schwéier Erkrankungen an Hospitalisatiounen ze reduzéieren”, sou d’Agence an hirer Erklärung. An engem weideren Update vum 8. September 2023 nennt d’Agence déi jéngst Fuerschungsdaten iwwer d’Effikassitéit vun den Impfstoffer géint d’Virusvariant BA.2.86 “ermonterend”.

Déi nei Coronavariant BA.2.86 gouf dem Robert Koch-Institut no mëttlerweil och an Däitschland nogewisen. Déi Stänneg Impfkommissioun an Däitschland recommandéiert aktuell fir bestëmmt Gruppen eng Impfung mam ugepassten Impfstoff, deen an Däitschland zanter dem 18. September 2023 disponibel ass. Impfe loossen, sollte sech z.B. Mënschen iwwer 60 Joer oder Mënsche mat Viruserkrankungen.

Fazit: Déi US-amerikanesch Gesondheetsagence CDC schreift net, dass Geimpfter e méi héije Risiko hunn, sech mat der neier Coronavariant BA.2.86 ze infizéieren. D’Ausso vun der Agence bezitt sech op eng méi héich Ustiechungsgefor am Géigesaz zu anere Virusvarianten a vergläicht Geimpfter mat Ongeimpften.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.