Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Staamt dës Foto vu Protester aus Frankräich am Juni?

Faktencheck: Staamt dës Foto vu Protester aus Frankräich am Juni? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Eng Foto vun engem Mann ouni Hiem, deen op engem Auto steet, deen ze brenne schéngt, gouf massiv a koreanesche Bäiträg op Facebook gedeelt. Dora gouf behaapt, d’Foto wär wärend den Onrouen a Frankräich am Juni 2023 gemaach ginn.

“Sou gesinn d’Protester an engem entwéckelte Land (Frankräich) aus”, heescht et an der Bildbeschreiwung, déi den 2. Juli 2023 op Facebook gedeelt gouf.

“Wann s du protestéiere wëlls, da maach et esou.”

D’Foto weist e Mann ouni Hiem, deen op engem Auto steet, deen anscheinend brennt, d’Äerm an d’Luucht hält a vu ville Mënschen ëmginn ass.

D’Behaaptung gouf gedeelt, wéi eng Protestwell a Frankräich ausgebrach war, nodeem de 17-järegen Nahel M., vun algerescher Ofstamung, de 27. Juni an engem Viruert vu Paräis vun der Police erschoss gouf.

D’AFP hat gemellt, dass ronn 45.000 Policebeamten a Gendaarmen am ganze Land agesat goufen, fir géint d’Demonstrante virzegoen, déi Autoen a Brand gestach haten, agebrach a mat der Police unenee gerode waren (archivéierte Link).

Den Donnéeë vum franséische Justizministère no goufe bis den 3. Juli ronn 3.900 Persoune festgeholl (archivéierte Link).

RTL © AFP

Déi selwecht Foto gouf zesumme mat änleche Behaaptungen op anerer Plaz op Facebook gedeelt (hei, hei).

Trotz Schëlter an engem Gebai am Hannergrond, op deem “Canada Post” op Englesch a Franséisch steet, deiten d’Kommentaren an de Bäiträg dorop hin, dass vill Notzer gegleeft hunn, d’Foto wär a Frankräich gemaach ginn.

“Si weisen d’Manéier, mat där [d’Fransousen] hire Kinnek guillotinéiert hunn”, huet een Notzer geschriwwen.

En anere sot: “Dat ass wierklech eng Demonstratioun wéi se zu engem entwéckelte Land wéi Frankräich gehéiert.”

Awer d’Foto gouf net wärend den Onrouen a Frankräich geschoss. Tatsächlech weist se en Opstand a Kanada am Joer 2011 no der Finall vum Stanley Cup.

Ausschreidung beim Stanley Cup

Bei enger ëmgekéiert Billersich op Google huet d’AFP déi selwecht Foto an engem Artikel vun der kanadescher Zeitung “National Post” vum 16. Juni 2011 erëmfonnt (archivéierte Link).

Den Artikel weist eng Sammlung vu Fotoen, déi wärend den Ausschreidungen zu Vancouver gemaach goufen, nodeems d’Äishockeyekipp vun der Stad – d’Vancouver Canucks – vun de Boston Bruins an der Finall vum Stanley Cup geklappt goufen.

De Bericht mam Titel “Fotoen: Ausschreidungen, Feier, Zerstéierung no der Néierlag vu Vancouver” enthält méi wéi zwee Dose Fotoe vun den Ausschreidungen, woubäi déi lescht Foto am Set mat dem Bild iwwereneestëmmt, dat mat enger falscher Beschreiwung op Facebook gedeelt gouf.

Ënnen ass e Screenshot-Verglach vun der Foto, déi zesumme mat der falscher Behaaptung gedeelt gouf (lénks), an dem Bild, dat am Artikel vun der “National Post” am Juni 2011 verëffentlecht gouf (riets):

RTL © AFP

Engem Bericht no, deen am Januar 2016 vum Parquet Général vu British Columbia verëffentlecht gouf, hätten d’Ausschreidungen de 15. Juni 2011 géint 19.30 Auer virum Gebai vun der Canada Post an der West Georgia Street ugefaangen, éier se sech duerch den Zentrum vun der Stad ausgebreet hätten, wou d’Demonstrante “Gefierer a Brand gesat hunn, Geschäftsraim geplëmmt hunn a mat der Police uneneegerode waren” (archivéierte Link).

Duerch dës Beschreiwung konnt d’AFP de Video mat Hëllef vu Google Street View geolokaliséieren (archivéierte Link).

Ënnen ass e Verglach vum Bild am ierféierende Bäitrag (lénks) mat engem Screenshot vun der Strooss a Kanada, wéi se 2014 op Google Street View ze gesi war.

RTL © AFP

Déi selwecht Foto gouf och an anere Berichter iwwer d’Onrouen 2011 benotzt, dorënner och dës Bäiträg (hei; archivéiert Links hei an hei).

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.