Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Taylor Swift an Travis Kelce goufen net beim Fale vun enger Strandklunsch gefilmt

Faktencheck: Taylor Swift an Travis Kelce goufen net beim Fale vun enger Strandklunsch gefilmt - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

D’Taylor Swift gouf mat hirem Frënd Travis Kelce an der Vakanz op de Bahamas fotograféiert, uschléissend ass an de sozialen Netzwierker e Video ëmhier gaangen, an deem behaapt gëtt, d’Koppel beim Fale vun enger Klunsch um Strand agefaangen ze hunn. Bei dem Video handelt et sech awer ëm en ale Clip aus Thailand.

“Taylor Swift an Travis Kelce fale vun der Verandaklunsch”, heescht et an der Beschreiwung vun engem Video, deen de 26. Mäerz 2024 op Facebook gedeelt gouf.

De Clip, dee méi wéi 48.000 Mol gekuckt gouf, weist zwee Mënschen, déi vun enger Klunsch op der Plage an d’Mier falen.

E gouf an enger Grupp mat méi wéi 800.000 Membere gedeelt, vun deene vill op de Philippinnen liewen.

De Bäitrag huet sech no den ausverkaafte Concerten zu Singapur vum Swift verbreet – Singapur war den eenzegen Tëschestopp a Südostasien vun hirer Blockbuster-Welttournée mam Numm Eras.

Den Zäitplang vum Star huet Kontroversen an der musekverréckter Regioun ausgeléist, woubäi Singapur beschëllegt gouf, der Swift Suen zougestach ze hunn, fir si dovun ofzehalen, op anere Plazen opzetrieden.

RTL © AFP

De selwechte Video gouf zesumme mat enger änlecher Desinformatioun op Facebook an op der Plattform X gedeelt.

Kommentaren zu de Bäiträg weisen, dass eng Rëtsch Social-Media-Notzer sech doriwwer ameséiert hunn, anerer d’Behaaptung awer gegleeft hunn.

“Schéngt echt ze sinn, se sinn elo op de Bahamas”, sot en Notzer, dee sech op Berichter bezitt, dass d’Koppel op der Karibikinsel an der Vakanz waren.

“Si wäert e Lidd doriwwer schreiwen”, huet en anere geschriwwen.

Strand an Thailand

Eng ëmgekéiert Billersich op Google no engem Keyframe aus dem Video huet zu dësem thaisproochege Facebook-Post vum 31. Oktober 2018 geféiert (archivéierte Link).

D’Bildbeschreiwung heescht op Englesch iwwersat: “Don’t know if I should feel sorry or laugh at them” (Ech weess net, ob ech Matleed empfannen oder iwwer si laache soll).

Et war och erauszefannen, dass de Video vun enger Notzerin mam Numm “Eve Wassana” opgeholl gouf, déi der AFP sot, dass d’Material an engem Beach Resort am Süde vun Thailand enregistréiert gouf.

“Dëse Video gouf virun ongeféier sechs Joer zu Koh Phangan, Thailand, virun der Covid-19-Pandemie opgeholl”, sot d’Wassana de 27. Mäerz géintiwwer der AFP.

D’Wassana huet d’Identitéit vun de Leit net präisginn, sot der AFP awer: “Si waren definitiv net d’Taylor an hiren aktuelle Frënd.”

Ënnen ass e Verglach vun de Screenshotte vum Video, deen am Moment am Ëmlaf ass (lénks), a vum Bäitrag 2018 (riets) ze gesinn:

RTL © AFP

D’Wassana huet der AFP och eng Foto vun der selwechter Plaz aus engem änleche Bléckwénkel zoukomme gelooss:

RTL © AFP

Ënnen ass e Verglach vu Screenshotte vum Video am gefälschte Bäitrag (lénks) a vun der Foto vum Wassana (riets):

RTL © AFP

De Clip passt zu de Biller op Google Maps vun enger Klunsch um Strand, déi un zwou Palmen an engem Ressort op der Südinsel Koh Phangan befestegt ass (archivéierte Link).

Ënnen ass e Screenshot vun der Location op Google Maps:

RTL © AFP

D’AFP huet an der Vergaangenheet schonn eng Rei Feelinformatiounen iwwer d’Swift an de Kelce iwwerpréift (hei an hei).

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.