Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Temperaturen am Abrëll 2024 ware méi héich wéi an de leschte Joren

Faktencheck: Temperaturen am Abrëll 2024 ware méi héich wéi an de leschte Joren - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Den Temperaturduerchschnëtt an Däitschland louch am Abrëll 2024 bei knapp 10 Grad Celsius. Dat läit iwwer dem laangjäregen Duerchschnëtt. Wéinst den niddregen Temperaturen Enn des Mounts behaapten Internetnotzer a Sozialen Netzwierker awer, 2024 hätt et de keelsten Abrëll zënter 92 Joer ginn. Dat ass awer falsch.

“Ech weess, léif Klimajünger a Klimatattaen: Et ass d’Wieder… “, huet e User den 30. Abrëll 2024 op Facebook geschriwwen an dobäi eng Foto vun e puer Beem gedeelt, déi mat Bromee bedeckt sinn. “Doriwwer gëtt net sou gär bericht: Keelsten Abrëll an Däitschland zënter 92 Joer”, steet am Text.

An de Kommentarer hu sech Notzerinnen an Notzer rosen doriwwer gewisen: “D’Klimaaktiviste musse sech alleguer schummen. Dat ganzt ass just eng Ausbeutung vum Bierger”, huet ee geschriwwen. Och op der Plattform Reddit gëtt dës Behaaptung gedeelt.

RTL © AFP

Am rietsen ieweschten Eck vum Bäitrag ass de Schrëftzuch “Mobil in Deutschland e.V.” ze fannen. Heibäi handelt et sech ëm de Logo vun engem däitschen Automobilclub vu München, dee schonn an der Vergaangenheet Falschinformatioune verbreet huet. Eng AFP-Ufro un de Veräin iwwer déi gedeelt Behaaptung blouf bis zur Verëffentlechung vun dësem Faktencheck onbeäntwert.

Déi gedeelt Ausso ass awer falsch. Trotz den deels wanterlechen Temperaturen an der zweeter Hallschent vum Mount war den Abrëll 2024 insgesamt méi waarm wéi am laangjäregen Mëttel. D’Wieder an dësem Abrëll war villfälteg: vun Héichsummerwieder bis Spéitwantertemperaturen. Déi éischt Hallschent vum Mount war immens waarm, éier e Wiederëmschwong dat summerlecht Wieder ofgeléist huet. Géint Enn vum Mount gouf ongewéinlechen Neischnéi registréiert.

Temperaturen am Abrëll 2024 louchen iwwer de Wäerter vun de Referenzperioden

Fir d’Bewäertung vun der laangfristeger Klimaentwécklung gi sougenannt Referenzperiode genotzt. Dobäi gi Mëttelwäerter iwwer e längeren Zäitraum, meeschtens 30 Joer, forméiert. Aus engem Pressecommuniqué vum Däitsche Wiederdéngscht (DWD) vum 29. Abrëll 2024 geet ervir, dass den Temperaturduerchschnëtt an Däitschland am Abrëll 2024 mat knapp 10 Grad Celsius ëm gutt 2,6 Grad iwwer dem Wäert vun der international gëlteger Referenzperiod vun 1961 bis 1990 (7,4 Grad) louch. Am Verglach zu der aktueller a méi waarmer Referenzperiod vun 1991 bis 2020 (9,0 Grad) louch d’Ofwäichung ëmmer nach bei 1 Grad. “De Mount ass dobäi op en Neits vill ze mëll ausgefall, vum Rekord aus dem Joer 2018 mat 12,3 Grad ass en awer e gutt Stéck ewech.”

Den DWD huet am Communiqué awer ugeféiert, dass et sech ëm virleefeg Wäerter handele géif, well nach net alleguer d’Miessungen zur Verfügung stéingen. “Obwuel et sech heibäi nach net ëm déi endgülteg Auswäertung handelt, war den Abrëll 2024 trotzdeem zu 100 Prozent net de keelsten zënter 92 Joer”, huet den DWD-Spriecher Andreas Walter an engem Telefonat vum 2. Abrëll géintiwwer der AFP erkläert. “D’Ausso ass Quatsch, mat ronn 10 Grad befënnt sech d’Temperatur am ieweschte Beräich vun de gemoossenen Abrëllswäerter”, huet de Walter analyséiert. Hien huet op déi historesch Donnéeë vum DWD verwisen. Doraus geet ervir, dass de Mëttelwäert am Abrëll vum vergaangene Joer an Däitschland bei 7,5 Grad louch. Och 2022 louch d’Temperatur mat ronn 7,8 Grad ënner den aktuelle Wäerter.

Dass et sech 2024 net ëm de keelsten Abrëll zënter 92 Joer handelt, geet och aus dësem Bäitrag vum 26. Abrëll 2024 vu “Kachelmannwetter.com” ervir. “Abrëll trotz aktueller Keelt ze waarm”, steet an der Iwwerschrëft.

Den Äerdobservatiounsprogramm vun der Europäescher Unioun Copernicus huet bis zur Verëffentlechung vun dësem Faktencheck nach keng Donnéeë fir Abrëll 2024 publizéiert. Op AFP-Ufro huet e Spriecher an enger Noricht vum 2. Mee 2024 op d’Ausféierunge vum DWD verwisen.

Bäitrag gouf schonn an der Vergaangenheet gedeelt

Genee de selwechte Bäitrag wéi deen, deen am Moment verbreet gëtt, war schonn am Joer 2021 an de Sozialen Netzwierker am Ëmlaf. Tatsächlech huet et sech am Abrëll 2021 ëm e relativ kale Mount gehandelt, wéi aus den Donnéeë vum DWD ervirgeet.

Eng Rei Medien (z.B. hei an hei) haten an der drëtter Abrëllswoch 2021 en Duerchschnëttswäert vu bis dohi 4,5 Grad gemooss. De Bilan vum DWD huet spéider e Wäert vu ronn 6 Grad am Abrëll 2021 gewisen, wat en net zum keelsten Abrëll zënter 92 Joer gemaach huet. Och do virdru gouf et ëmmer nees méi niddereg Wäerter am Abrëll. De Gesamttrend vun der Temperatur geet awer no uewen. Zum Verglach: Am Abrëll 1929 louch d’Mëtteltemperatur bei 4,5 Grad, am selwechte Mount vum Joer 1938 bei 5,0.

RTL © AFP

D’Behaaptung, et hätt sech ëm de keelsten Abrëll an Däitschland zënter 92 Joer gehandelt, war och schonn 2023 op Facebook am Ëmlaf – allerdéngs hunn d’Bäiträg optesch anescht ausgesinn. D’Faktencheck-Ekipp vun der dpa hat sech hei ugekuckt, firwat d’Behaaptung och fir de vergaangenen Abrëll falsch war.

Klimawandel ass real – a vum Mënsch gemaach

Wéinst den niddregen Temperature stelle Userinnen a User ëmmer nees de vum Mënsch gemaache Klimawandel a Fro. Dat ass falsch. De Stefan Rahmstorf, Klimafuerscher um Potsdam-Institut für Klimafolgenforschung gouf vun der AFP fir en anere Faktencheck kontaktéiert. Hien hat den 12. Abrëll 2024 geschriwwen, dass déi vum Mënsch gemaach Klimaerwiermung unhand vun engem eenzele Wiederphenomeen net widderluecht kéint ginn: “Se ass eng zënter Joerzéngte geséchert Tatsaach.”

Notzer gesinn d’Ursaach fir d’Äerderwiermung beispillsweis fälschlech a Sonnenzyklen oder sinn der Meenung, Temperaturverännerunge wären villméi natierlech Wiederphenomeener. Och d’Wieder am Mäerz gouf scho fälschlech dofir benotzt, fir d’Äerderwiermung a Fro ze stellen. All d’Faktenchecken zum Theema Klima sammelt d’AFP hei.

Fazit: Wéinst den niddregen Temperaturen Enn Abrëll 2024 behaapte User a Sozialen Netzwierker fälschlecherweis, den Abrëll 2024 wär de keelsten zënter 92 Joer gewiescht. Den Abrëll 2024 louch dem DWD no awer am Duerchschnëtt bei ongeféier 10 Grad Celsius. Dat ass méi waarm wéi den Duerchschnëttswäert vun 9,0 Grad aus de leschten 30 Joer. Eenzel Wiederphenomeener si jiddefalls kee Beweis géint eng Klimaerwiermung.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.