Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Äusserunge vum Wäissen Haus iwwer Hitler a Stalin si gefaked

Faktencheck: Äusserunge vum Wäissen Haus iwwer Hitler a Stalin si gefaked - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

E Video, deen online am Ëmlaf ass, weist d’Spriecherin vum Wäissen Haus, d’Karine Jean-Pierre, wéi si engem Journalist erzielt, dass d’USA an d’Ukrain zesumme fir de Stuerz vum Adolf Hitler sengem Regimm a vum Josef Stalin an der Sowjetunioun responsabel gewiescht wären. De Clip gouf awer beaarbecht, wéi Reporter aus dem Wäissen Haus géintiwwer der AFP soten.

RTL © AFP

De Video soll den Andrew Feinberg, Korrespondent am Wäissen Haus fir déi englesch Zeitung “The Independent”, weisen. Hie soll gesot hunn, d’Ukrain hätt “gemëscht Usiichten” iwwer d’Nazi-Ideologie a géif d’Jean-Pierre froen: “Firwat verurteele mir net ukrainesch Manifestatiounen iwwer Nazismus an ënnerstëtze si weiderhin?”

D’Pressespriecherin schéngt ze äntweren: “Virun 79 Joer hu sech déi Vereenegt Staaten an eis ukrainesch Alliéiert zesummegedoen, fir déi repressiv Regimmer vum Hitler a vum Stalin ze bekämpfen. Wärend Berlin elo en Alliéierten ass, bleift d’Menace aus dem Oste bestoen. Dowéinst si mir entschloss, un der Säit vun der Ukrain ze stoen an eis voll Ënnerstëtzung unzebidden, wou ëmmer mir kënnen.”

De Clip, deen e russeschen Ënnertitel huet, schéngt iwwer russeschsproocheg Telegram-Kaneelgaangen ze sinn, éier en op Englesch a Spuenesch op X an op anere Plattformen, dorënner och Facebook, opgedaucht ass.

De Video verbreet un d’Erzielung, déi vu Moskau promouvéiert gëtt, dass déi ukrainesch Leaderen “Nazie” wären, wat d’Grondbasis vun der Desinformatioun iwwer de Krich ass, déi zënter dem Ufank vun der russescher Invasioun an de Sozialen Netzwierker am Ëmlaf sinn. De Video versicht och d’Pressespriecherin Jean-Pierre als onwëssend iwwer d’Geschicht vum Zweete Weltkrich duerzestellen, wéi sech d’USA an d’Sowjetunioun géint Nazi-Däitschland zesummegedoen haten.

Awer de Video ass manipuléiert, an zwar mat engem net authenteschen Toun a Schnëppele vun enger Pressekonferenz, déi uneneegereit goufen.

Den Hany Farid, en Expert fir digital Forensik op der University of California zu Berkley, huet der AFP en Trainingsmodell genannt, wéi een tëscht echten a falsche Stëmmen ënnerscheede kann an dass d’Stëmme vu béide Spriecher vun enger kënschtlecher Intelligenz generéiert goufen (hei archivéiert).

E weideren Tool, deen d’Synchronisatioun tëscht de Lëpsebeweegungen an der Sprooch moosst, huet de Video och als eng Fälschung bewäert, sot de Farid. Hie sot och, dass et “kloer visuell Hiweiser” op Manipulatioun géif ginn.

“Ech sinn zouversiichtlech, dass dëst en Deepfake vun enger Lëpsesynchronisatoun ass, dee vun enger KI-Stëmm koum”, huet de Farid an enger E-Mail vum 9. Mee matgedeelt.

Audio geännert

Eng ëmgekéiert Billersich huet erginn, dass d’Filmmaterial der Pressekonferenz vun der Jean-Pierre vum 7. Mee entsprécht (hei archivéiert).

RTL © AFP

RTL © AFP

Bei der Geleeënheet, d’Wuert ze ergräifen, huet de Feinberg d’Hongersnout an der Gazasträif an d’Zoumaache vun de Kontrollpunkte fir humanitär Hëllef zu Kerem Shalom a Rafah am Süde vun Israel ernimmt.

“Huet d’Wäisst Haus iergende Plang, fir Israel ze iwwerzeegen, ze iwwerrieden an Drock auszeüben, fir de stännege Floss vun Hëllefsgidder an d’Gazasträif zouzeloossen, amplaz ëmmer just léif ze froen?” ware seng Wierder.

Als Äntwert huet d’Jean-Pierre Donnéeën iwwer déi kommerziell an humanitär Camionen zitéiert, déi an de leschte Wochen zu Gaza agetraff sinn, a sot, Kerem Shalom a Rafah wären “net déi zwee eenzeg” Grenziwwergäng, awer d’Hëllef wär ëmmer nach wichteg an “et ass inakzeptabel, dass dës zwee Grenziwwergäng  zou sinn.”

Separaten Austausch

D’Bild vun der Jean-Pierre, dat am verännerte Clip ze gesinn ass, staamt aus engem aneren Deel vun der Pressekonferenz, wéi si eng Fro zur Féierung vun der NATO beäntwert huet.

Hir Haltung um Podium an hir Handgesten entspriechen deenen aus der manipuléierter Versioun, déi online gedeelt gëtt.

RTL © AFP

RTL © AFP

D’Pressespriecherin huet weeder den Hitler nach de Stalin wärend dem Hin an Hier mam Feinberg ernimmt, och net bei der Äntwert iwwer d’NATO oder zu engem anere Moment wärend dem Briefing.

“Dësen Austausch huet net stattfonnt”, huet den Andrew Bates, stellvertriedende Pressespriecher vum Wäissen Haus, an enger E-Mail wësse gelooss.

De Feinberg huet bäigefüügt, dass de Clip “komplett fake” wär.

D’AFP huet schonn aner Falschmeldungen iwwer de Krich an der Ukrain opgedeckt.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.