Scroll Top

Faktencheck: Video mat ominéiser Wollekeformatioun gëtt fälschlecherweis mam Hurrikan Milton a Verbindung bruecht

Faktencheck: Video mat ominéiser Wollekeformatioun gëtt fälschlecherweis mam Hurrikan Milton a Verbindung bruecht - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Wärend den Hurrikan “Milton” als potenzielle Katastrophestuerm vun der Kategorie 5 Richtung Florida zitt, behaapten Notzer a Sozialen Netzwierker, e Video géif eng ominéis Wollekeformatioun virun der Küst vum US-Bundesstaat weisen.

Mee de Clip, deen am Internet ëmmer nees falsch duergestallt gëtt, staamt aus dem Joer 2021 a weist verschidde Wollekemusteren, wéi Meteorologen der AFP viru Kuerzem soten.

“BREAKING NEWS: Den Hurrikan Milton ass elo en Hurrikan vun der Kategorie 5 a wäert viraussiichtlech schwéier Schied a Florida uriichten”, steet an engem Bäitrag vum 7. Oktober 2024, an deem de Video op der Plattform X gedeelt gouf.

De Bäitrag staamt vun engem Social-Media-Notzer, deen d’Grupp QAnon dacks ënnerstëtzt an dee sech “Dom Lucre” nennt. Hie gouf schonn eng Kéier wéinst der Verëffentlechung vu Biller, déi d’Ausbeutung vu Kanner gewisen hunn, vun der Plattform gespaart.

Dësen Account hat scho fréierFeelinformatioune verbreet, dorënner och Konspiratiounstheorien iwwer d’Bëschbränn op Hawaii am August 2023.

RTL © AFP

Änlech Bäiträg goufen och op Instagram gedeelt an och op Spuenesch.

Den Hurrikan Milton huet de 7. Oktober déi héchst Kategorie op enger Skala vu 5 erreecht a bannent zwou Wochen eng zweet Kéier Evakuéierungsmoossnamen a Florida ausgeléist. Virdrun hat d’Helene, e Stuerm vun der Kategorie 4, de Bundesstaat heemgesicht. Et gëtt erwaart, dass de Milton den 9. Oktober an der Géigend vun Tampa Bay op Land trëfft.

D’Filmmaterial, dat am Internet am Ëmlaf ass, huet awer näischt mat dem opzéiende Stuerm ze dinn, deen op sengem Wee no Osten och d’mexikanesch Hallefinsel Yucatán gesträift huet.

Ëmgekéiert Billersichen hunn de selwechte Video an engem Artikel vum Juni 2021 iwwer apokalyptesch Himmelsphenomeener am Florida Panhandle gewisen (hei archivéiert). Den ursprénglechen Auteur vum Bäitrag hat seng Opnamen op Facebook gedeelt a gesot, hien hätt se zu Fort Walton Beach agefaangen (hei archivéiert).

Bis de 7. Oktober war fir Okaloosa County, zu deem Fort Walton Beach gehéiert, keen Evakuéierungsbefeel erausgaangen, wéi de Katastropheschutz a Florida matgedeelt huet (hei archivéiert).

Dacks falsch duergestalltent Filmmaterial

D’AFP huet schonn aner Bäiträg opgedeckt, an deenen de Video fälschlecherweis als Opnam vum Hurrikan Ian duergestallt gouf, dee Florida am September 2022 verwüüst hat.

Den Tyler Fleming, de Chef-Meteorolog beim US National Weather Service zu Tampa Bay, sot deemools géintiwwer der AFP, dass d’Konditiounen an deem Video net dem Wand vun engem Hurrikan änelen (hei archivéiert).

“De Video schéngt eng Schelfwollek mat wellefërmegen Asperatuswolleken dorënner ze weisen”, sot de Fleming an der E-Mail vum September 2022. Dës kéinte bei normalen Donnerwiederen optrieden, déi op d’Festland zoukommen, an hätte keng Mauer aus Wolleke mat engem A an der Mëtt (Eyewall).

De Clip gouf am Joer drop op en Neits verbreet, zesumme mat falsche Behaaptungen, e géif d’Auswierkunge vun engem Äerdbiewe weisen, dat Alaska am Juli 2023 un d’Wackele bruecht hat.

D’AFP huet nach weider Feelinformatiounen iwwer Hurrikanen opgedeckt.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.