Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Video stellt Witz vum Joe Biden als Geständnis vun engem Verbriechen duer

Faktencheck: Video stellt Witz vum Joe Biden als Geständnis vun engem Verbriechen duer - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

An engem Video, deen online gedeelt gëtt, schéngt den US-President Joe Biden zouzeginn, wärend engem Ronndëschgespréich am Wäissen Haus Staatsgeheimnisser verkaaft ze hunn. De Clip gouf awer esou beaarbecht, dass en ierféierend ass.

“Dem Joe Biden säi Gehier dréint duerch an hie gëtt seng Verbrieche fërmlech ëffentlech zou”, seet d’Kongressdeputéiert Marjorie Taylor Greene, eng Republikanerin aus dem US-Bundesstaat Georgia, an engem Tweet vum 26. Juni 2023.

De Bäitrag deelt e Video, deen ursprénglech vum republikaneschen Nationalcomité publizéiert gouf. De Clip weist en Treffe vum Biden an dem indesche Premierminister Narendra Modi, an deem den US-President seet: “Ech hu vill Staatsgeheimnisser a vill ganz wichteg Saache verkaaft.”

RTL © AFP

De Video huet sech op Twitter, Facebook an TikTok verbreet, och op Spuenesch.

Den 23. Juni hu sech de Biden an de Modi am Wäissen Haus mat Cheffe vun Technologieentreprisë getraff, fir d’Intensivéierung vun der Zesummenaarbecht tëscht de Vereenegte Staate an Indien ze bespriechen. Déi Renconter war Deel vum Staatsbesuch, bei deem béid Staatscheffen Ofkommessen iwwer US-Turbinne fir nei eenheemesch Kampffligere vun Indien an eng grouss Fabrick fir “Halbleiteren” erziilt hunn.

D’Filmmaterial, dat online gedeelt gëtt, weist zwar d’Ronndëschgespréich vum 23. Juni, awer et gouf beaarbecht, fir den Zesummenhang ze änneren – den offizielle Video an d’Transkriptioun vum Wäissen Haus weisen, dass de Biden direkt kloergestallt huet, dass seng Bemierkung e Witz war.

Hei, dem Protokoll no (hei archivéiert), wat den US-President beim Kick-off vum Treffe sot:

“Okay. Mir… ech wollt just Merci soen dem… op alle Fall hunn ech ouni dech ugefaangen an ech hunn eng Rei Staatsgeheimnisser verkaaft a vill ganz  Saachen, déi mir deelen. (Gelaachs)

“Elo am Eescht. Kuckt, mir schaffen zesummen, fir nei Technologien ze entwerfen an ze entwéckelen, déi d’Liewe vun eise Mënschen op der ganzer Welt verännere wäerten. A gemeinsam mobiliséiere mer privat an ëffentlech Partner, fir dat méiglech ze maachen, dozou gehéieren och nei Programmer tëscht Indien an Amerika – amerikanesch Astronauten, indesch Astronauten an Entrepreneuren, Wëssenschaftler a Studenten.”

De vollstännege Video vun der Renconter (hei archivéiert) weist och, dass de Biden e Witz erzielt huet.

D’Wäisst Haus huet et ofgeleent, dës Geschicht ze kommentéieren.

D’AFP huet an der Vergaangenheet schonn aner beaarbecht Videoe vum Joe Biden iwwerpréift (hei, hei, heihei an hei.).

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.