
Am Internet ass e manipuléierte Video am Ëmlaf, an deem den amerikanesche President Donald Trump ze soe schéngt, hie géif Pakistan “ausläschen”, wann et Indien attackéiere géif. Dëse Video daucht an enger Zäit op, an där sech d’Tensiounen tëscht béide rivaliséierenden Atommuechten no enger déidlecher Attack op Touristen an der indesch verwalter Regioun Kaschmir verschäerfen.
Am Originalvideo ass den Trump nämlech bei enger Ried iwwer d’amerikanesch Ekonomie am Joer 2016 ze gesinn.
“Breaking News #Trump Ech ënnerstëtzen Indien a vernichte Pakistan #IndiaPakistanWar”, steet an der Iwwerschrëft vun engem Video, deen den 2. Mee 2025 op Facebook gedeelt gouf.
De Video weist den Trump, deen hannert engem Podium schwätzt an anscheinend seet: “Ech wëll kee Krich, ech wëll Fridden, awer wa Pakistan Indien attackéiert, wäert ech Indien ënnerstëtzen, Pakistan ausläschen a China warnen. Ech hunn d’indescht Vollek gär.”
De Video ass opgedaucht, wéi de Konflikt tëscht Indien a Pakistan ëm déi ëmstridde Regioun Kaschmir eng weider Kéier eskaléiert war, nodeem den 22. Abrëll eng déidlech Attack op Touristen op der indescher Säit verüübt gouf. Dësen Tëschefall hätt bal dozou geféiert, dass e Krich tëscht béiden Natiounen ausgebrach wär, wéi d’UNO sot (archivéierte Link).
New Delhi huet Islamabad beschëllegt, d’Attack – déi déidlechst géint Zivilisten zënter Joren op der vun Indien verwalter Säit vum Territoire am Himalaya – ënnerstëtzt ze hunn, wat eng Rei vun heftege Menacen an diplomatesche Vergeltungsmoossnamen ausgeléist huet.
Pakistan weist dës Uschëllegungen zeréck, a béid Säite liwwere sech zënter dem 24. Abrëll all Nuecht Schosswiessel laanscht d’De-Facto-Grenz an der Regioun Kaschmir, enger militariséiert Kontrolllinn, wéi d’indesch Arméi matdeelt.
© AFP
Souwuel New Delhi wéi Islamabad, déi sech schonn dacks Kricher ëm déi ëmstridde Regioun Kaschmir geliwwert hunn, sinn internationale ënner Drock geroden. Den amerikanesche Vizepresident J.D. Vance huet Indien dozou opgefuerdert, op d’Attack sou ze reagéieren, “dass et net zu engem méi grousse regionale Konflikt kënnt”.
Virdrun hat den Trump seng Suerg iwwer déi zouhuelend Tensiounen tëscht Indien a Pakistan erofgespillt a gesot, de Sträit tëscht den Noperen, déi béid iwwer Atomwaffe verfügen, géif “sou oder sou geléist ginn” (archivéierte Link).
Änlech Clips, an deene sech den Trump anscheinend iwwer den eskaléierende Konflikt äussert, waren op YouTube, Facebook an X opgedaucht. Mee dëse Video gouf manipuléiert.
Bei enger ëmgekéierter Billersich op Google gouf eng méi laang Versioun vum Video fonnt, dee vu C-Span, engem ëffentlech-rechtleche Fernseesender an den USA, deen iwwer Regierungsaktivitéite bericht, de 15. September 2016 publizéiert gouf (archivéierte Link).
“De republikanesche Presidentschaftskandidat Donald Trump huet eng Ried virun dem Economic Club of New York gehalen. Hien huet säi Wirtschaftsplang erkläert a gouf vu sengem Running Mate, dem Gouverneur Mike Pence, virgestallt”, heescht et an der Iwwerschrëft.
Den Trump, deen zu dësem Zäitpunkt Presidentschaftskandidat war, huet iwwer säi Plang geschwat, Amerika zu engem Wirtschaftszentrum ze maachen a 25 Milliounen Aarbechtsplazen ze schafen. Indien oder Pakistan huet hien a senger Ried net ernimmt.
© AFP
Medienorganisatioune wéi CNBC a CNN haten de 16. September 2016 änlech Opname publizéiert (hei an hei archivéiert).
Och dem Trump säi Kënn an Hals wierken am Video onnatierlech a beweege sech, wat op eng Manipulatioun duerch KI hindeit. Trotz de rasante Fortschrëtter bei der generativer Kënschtlecher Intelligenz trieden a Contenuen, déi mat KI hiergestallt ginn, ëmmer nach Feeler op.
Den neiste Vocoder an de vun der University of Buffalo entwéckelte Modell fir d’Erkenne vu Lëpsesynchronitéit hunn de Video als manipuléiert agestuuft.
D’AFP huet schonn aner Feelinformatiounen am Zesummenhang mat den Attacke vu Pahalgam opgedeckt (hei, hei an hei).
© AFP
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.