Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Video vun Explosioun beim Kachowka-Staudamm ass vereelzt

Faktencheck: Video vun Explosioun beim Kachowka-Staudamm ass vereelzt - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

De fréien Dënschdeg, de 6. Juni 2023, gouf am Süde vun der Ukrain e risege Staudamm zerstéiert. Bei den uschléissenden déidlechen Iwwerschwemmunge gouf e grousst Gebitt iwwerschwemmt an d’Ëmgéigend verwüüst. An de sozialen Netzwierker gouf séier e Video vun enger Explosioun gedeelt, vun deem behaapt gouf, e géif d’Zerstéierung vum Damm weisen. Deem ass awer net esou.

An engem Schwaarz-Wäiss-Video, deen op Facebook gedeelt gouf, ass eng Bréck ze gesinn, déi vun enger Explosioun getraff gëtt. An der Beschreiwung zum Video heescht et, “Russen hunn Damm gesprengt”, an de Bäitrag beschreift de Virfall als aktuell. Onmëttelbar no de Schwaarz-Wäiss-Biller si Loftopnamen ze gesinn, déi Iwwerschwemmunge weisen.

RTL © AFP

De Kachowka-Staudamm ass am Süde vun der Ukrain am Ënnerlaf vum Dnepr, dem gréisste Floss vum Land, ze fannen. En ass vu strateegescher Bedeitung a versuergt déi vu Russland annektéiert Hallefinsel Krim mat Waasser. An de fréie Mueresstonne vum 6. Juni 2023 gouf en zerstéiert. Dausende vu Leit hunn hir Haiser verloosse missen.

D’Ukrain huet de russeschen Zaldoten, déi d’Gebitt ronderëm den 3,3 Kilometer laange Staudamm an d’Waasserkraaftwierk, dat dozougehéiert, kontrolléieren, virgehäit, den Damm gesprengt ze hunn. Dogéint huet Russland d’Ukrain beschëllegt, den Damm mat Artillerie beschoss ze hunn. Béid Säiten hunn iwwereneestëmmend erkläert, den Broch vum Damm wär duerch eng Explosioun ausgeléist ginn. De Bedreiwer vum Kachowka-Staudamm, Ukrhydroenergo, huet matgedeelt, den Damm wär héchstwarscheinlech vu banne verminnt ginn. Engem héichrangege Beamte vun der US-Regierung ënner dem President Joe Biden no gouf kuerz virum Broch vum Damm eng Explosioun festgestallt. Et ass awer ëmmer nach onkloer, wat genee geschitt ass.

RTL © AFP

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet e Freideg, den 9. Juni 2023, erkläert, dass “Honnertdausende” vu Mënschen an de vum Héichwaasser betraffene Gebidder just nach begrenzten Zougang zu Drénkwaasser hunn. De selwechten Dag huet hien och Loftopname vum zerstéierte Bauwierk verëffentlecht, déi Deel vum Video sinn, deen am Moment an de sozialen Netzwierker verbreet gëtt.

Opnam weist Kachowka…

Wéi eng Préiwung vun den ëffentlech zougängleche geologeschen Date weist, ass d’Explosioun am Video effektiv beim Kachowka-Damm geschitt. Op Biller vu  Google-Street-View, déi am Juli 2015 op der Strooss vum Damm opgeholl goufen, sinn e Stroummast an e Kran ze erkennen, déi och am Video, deen an de sozialen Netzwierker zirkuléiert, ze gesi sinn.

RTL © AFP

… awer am November 2022

De Video ass allerdéngs net rezent. E weist net den aktuelle Virfall beim Staudamm, mee eng Explosioun am November 2022, déi och beim Kachowka-Staudamm geschitt ass.

Bei enger ëmgekéierter Sich no Ausschnëtter vum aktuell gedeelte Video geneesou wéi enger Stéchwierdersich ass d’AFP op Artikelen aus dem November 2022 gestouss, an deenen de Video schonn dra war, deen elo als vermeintlech aktuell am Ëmlaf ass (hei, hei). Och international Medien hunn de Video fir d’Berichterstattung iwwer den Damm genotzt (hei, hei, hei).

Russesch Medien hunn de Video den 12. November 2022 verëffentlecht (hei, hei). Doran ass ze gesinn, wéi eng Explosioun de strateegesch wichtege Staudamm a Beweegung bréngt. Geneesou wéi am aktuell gedeelte Video sinn am Hannergrond och weider Explosioune siichtbar.

Am Hierscht 2022 haten déi russesch Autoritéiten d’Zivilbevëlkerung opgeruff, d’Regioun Cherson aus Angscht virun ukraineschen Attacken ze evakuéieren. Der russescher Noriichtenagence TASS no gouf den Damm de 6. November beschiedegt. Russesch Berichter no gouf den Damm vun ukraineschen Zaldote mat sechs Himas-Rakéite beschoss. Op Satellittebiller vun der Firma MAXAR vum 11. November ware grouss Schied um Damm ze gesinn.

Fazit: De Video, deen aktuell gedeelt gëtt, ass scho vereelzt. E weist zwar de Kachowka-Staudamm, awer d’Filmmaterial staamt vum November 2022 an net vum aktuelle Virfall am Juni 2023.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.