Eng illegal Dron ass den 9. Januar mat engem Fliger kollidéiert, deen d’Bränn zu Los Angeles bekämpft huet.
Entgéint de Behaaptungen a Sozialen Netzwierker gëtt et awer keng Berichter iwwer en Ofstuerz vun esou engem Fliger. D’dramatesch Biller, déi am Internet verbreet goufen an e Fliger, deen eroffält, weisen, goufen a Wierklechkeet am Januar 2024 a Chile agefaangen.
“E Fliger, dee beim Läsche vun engem Feier an der amerikanescher Stad Los Angeles gehollef huet, huet op eemol d’Kontroll verluer an ass ofgestierzt”, housch et an engem X-Bäitrag op Hindi, deen de Video den 11. Januar gedeelt hat.
D’Opname weisen e Fliger, deen an enger Spiral a Richtung Buedem flitt, éier e Feier fänkt an op d’Strooss knuppt.
© AFP
De Clip huet sech an änleche Bäitrag op X a Facebook verbreet, wéi grouss Bëschbränn Staddeeler vu Los Angeles vernicht an Dausende Leit zur Flucht gezwongen hunn.
D’Bränn an der zweetgréisster Stad vun Amerika hunn op d’mannst zwou Dose Leit d’Liewe kascht a grouss Deeler vun der Stad a Ruine verwandelt (archivéierte Link).
Wärend e Läschfliger no engem Zesummestouss mat enger illegaler Dron um Buedem bleift, gëtt et keng offiziell Berichter iwwer Fligeren, déi beim Kampf géint d’Feieren ofgestierzt wären (archivéierte Link).
Déidlechen Ofstuerz a Chile
Eng ëmgekéiert Billersich op Google, mat Gebrauch vu Schlësselbiller aus dem am falsche Kontext gedeelte Video, hat en änleche Clip als Resultat, deen de 17. Januar 2024 op der verifizéierter Facebook-Säit vum australesche Sender “9News” gepost gouf (archivéierte Link).
Den am falsche Kontext gedeelte Video schéngt eng gespigelt Versioun vum 9News-Clip ze sinn.
An der Bildbeschreiwung heescht et: “E Läschfliger huet eng Stroumleitung gesträift an ass op eng Haaptverkéiersachs a Chile gestierzt, woubäi de Pilot ëm d’Liewe koum a véier Leit blesséiert goufen.”
Ënne gesitt Dir e Screenshot-Verglach vum gespigelte Video, dee fälschlecherweis am Internet verbreet gouf (lénks), an de Clip vun 9News (riets):
© AFP
Verschidden Noriichtesenderen hunn d’Material a Reportagen iwwer den Ofstuerz benotzt, dorënner den tierkeschen ëffentlech-rechtleche Fernseesender “TRT World“, d’brittesch Zeitung “Telegraph” an “Al Jazeera” (hei, hei an hei archivéiert).
De Reportagen no war d’Katastroph an der Géigend vum Aerodrom Panguilemo an der chileenescher Regioun Maule de 15. Januar 2024 geschitt.
Biller op Google Street View vun engem Stroossendeel an der Géigend vum Aerodrom stëmme mat den Opname vum Ofstuerz iwwereneen (archivéierte Link).
Ënne gesitt Dir e Screenshot-Verglach vum Originalvideo (lénks) an de Biller vu Google Street View (riets), woubäi déi entspriechend Elementer vun der AFP ervirgehuewe goufen:
© AFP
D’AFP huet nach aner Falschbehaaptungen iwwer d’Bëschbränn zu Los Angeles opgedeckt (hei, hei an hei).
© AFP
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.