Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Video weist Protester zu Paräis vun 2022, keng Eskalatioune virun den Olympesche Spiller

Faktencheck: Video weist Protester zu Paräis vun 2022, keng Eskalatioune virun den Olympesche Spiller - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

© RTL-Grafik

Bei Demonstratiounen zu Paräis koum et an der Vergaangenheet ëmmer nees zu gewalttätegen Ausschreidungen.

Deem ass awer net esou. De Video gouf am Dezember 2022 zu Paräis opgezeechent, wéi eng Rei Mënschen no rassistesche Morden op d’Strooss goungen.

Paräis bereet sech grëndlech op Olympia vir“, heescht et an dësem X-Bäitrag vum 17. Mee 2024, dee vu bal 900 Notzerinnen an Notzer gedeelt gouf. De Video weist eng Grupp vu Mënschen, déi Gefierer ëmgeheien a Scheiwen aschloen. Weider Autoe ginn a Brand gestach. Am Hannergrond marschéiert eng Grupp vu Mënsche mat Fändelen a Schëlter duerch d’Stroosse vu Paräis.

RTL © AFP

Video staamt aus dem Joer 2022

Mä de Video ass weder am Joer 2024 entstanen, nach weist en Ausschreidungen am Virfeld vun den Olympesche Spiller. Mat Hëllef vun enger ëmgekéierter Bild– a Videosich huet d’AFP en identesche Clip fonnt (hei archivéiert), deen de franséische Journalist Remy Buisine de 24. Dezember 2022 op der Plattform X gedeelt hat. Déi dozougehéiereg Beschreiwung heescht “Chaos am Zentrum vu Paräis, Gefierer ëmgeheit an a Brand gestach. Ausenanersetzunge gi weider“.

Eng weider Sich an AFP-Archiven huet erginn, dass et op deem Dag am Joer 2022 effektiv zu Demonstratiounen am Zentrum vu Paräis koum, nodeems en 69 Joer ale Mann mat enger Pistoul op e kurdesche Kulturzenter an e Coiffeurssalon geschoss hat an dobäi dräi Mënschen ëmbruecht hat (hei archivéiert). Den Donnéeë vum Parquet no huet hien e “pathologeschen Haass” op Auslänner zouginn.

Wärend de Protester koum et zu gewalttätegen Ausschreidungen, wéi e puer Demonstrante mat der Police uneneegerode waren (hei archivéiert).

De Video, deen aktuell mat falsche Behaaptunge gedeelt gëtt, weist bei Minutt 0:22 e wäissen Auto, deen op dem Kapp läit. Déi selwecht Zeen gouf vun engem AFP-Fotograf wärend de Protester de 24. Dezember 2022 direkt virun der Place Pasdeloup zu Paräis opgeholl. Och aner Detailer a béide Biller, wéi d’Fassad vum noe Gebai oder de wäisse Poul um Buedem, stëmmen iwwereneen.

RTL © AFP

Et ass net déi éischt Kéier, dass de Video vun 2022 aus dem Kontext gerappt a mat Behaaptungen, déi net wouer sinn, verbreet gëtt. Am Mäerz 2023 gouf en op Däitsch, Englesch a Spuenesch mat der falscher Informatioun gedeelt, e géif d’Nowierkunge vu gewaltsame Protester géint d’Pensiounsreform vun der franséischer Regierung weisen. D’AFP huet dës Behaaptungen a Faktenchecke souwuel op Däitsch wéi och op Spuenesch opgedeckt.

A Frankräich kënnt et ëmmer nees zu gewalttätegen Eskalatioune bei Demonstratiounen, zum Beispill géint d’Pensiounsreform 2023, wärend dem Mouvement vun de “Gillets jaunes” am Joer 2018 oder am Kader vun de Protester géint d’Aarbechtsreform am Joer 2016. Och der traditioneller Demonstratioun vum 1. Mee 2024 koum et zu Eskalatiounen, bei deenen op d’mannst 45 Persoune festgeholl an 12 Poliziste liicht blesséiert goufen.

Am Virfeld vun den Olympesche Spiller, déi 2024 zu Paräis ausgeriicht ginn, ass d’Stad am Moment vun enger Rei Menacen, datt gestreikt soll ginn,betraff: säitens vum Personal vun der Bunn, dem Personal vun Drecksmännercher a -fraen a weidere Beruffssparten.

Fazit: De Video mat Autoen, déi bei enger Demonstratioun zu Paräis gebrannt hunn, deen aktuell a sozialen Netzwierker gedeelt gëtt, ass aus dem Kontext gerappt. E staamt vun engem kurdesche Protest am Dezember 2022 an huet näischt mat der aktueller Situatioun an der franséischer Haaptstad oder mat den Olympesche Spiller ze dinn.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.