© RTL-Grafik
A Sozialen Netzwierker ass déi falsch Info am Ëmlaf, am US-Bundesstaat Illinois wär e “mat Kanner gefëllte Coca-Cola-Truck” wéinst illegalem Mënschenhandel ugehale ginn. D’angeeblech Videoopnam dovu weist a Wierklechkeet eng Spendenaktioun fir Spillgezei. Dës gouf vun engem Policedepartement aus dem Nopeschstaat Iowa ënnerstëtzt.
“Coca-Cola-Camion voll mat Kanner fonnt ginn!”, heescht et an engem engleschsproochegen Instagram-Post vum 16. Dezember 2024, dee mëttlerweil méi wéi 200.000 Likes krut.
An dësem Bäitrag behaapt den Notzer, de Video wär zu Cicero am US-Bundesstaat Illinois opgeholl ginn a géif weisen, wéi d’lokal Police e Camion raume géif, an deem Kanner illegal transportéiert gi wären.
© AFP
De selwechte Video mat der selwechter falscher Behaaptung op Englesch gouf och op Instagram, X, Threads, Tiktok, Bluesky, Youtube, Rumble a Gettr verbreet. Op Däitsch gouf de Video mat der falscher Behaaptung ënner anerem op Facebook an op X gedeelt. Och op Spuenesch a Franséisch gouf dës falsch Behaaptung verbreet.
Den Instagram-Notzer, deen de Video op Englesch de 16. Dezember 2024 gepost hat, huet och en TikTok-Kanal mam Numm “FamousCooleyCarter”. Een Dag méi spéit huet hie geschriwwen, dass d’ursprénglech Behaaptung iwwer Kannerhandel falsch wären. Hien huet awer betount, dass d’Police zwee Kanner an engem verloossene Camion vun enger Fra zu Decatur am Bundesstaat Illinois fonnt hätt. Ma och dës Behaaptung ass falsch.
An engem Deel vum Video ass hannert dem Camion vu Coca-Cola an dem Policewon eng Filial vum amerikanesche Pneue-Produzent Firestone ze gesinn. Duerch eng Stéchwierder-Sich no “Firestone” a “Coca-Cola Truck” op Englesch konnt d’AFP en Artikel vun enger lokaler Zeitung iwwer eng Spendenaktioun fir Spillgezei vum 14. Dezember 2024 fannen. Dës gouf vum lokale Policekommissariat zu Davenport am Bundesstaat Iowa duerchgefouert. D’Bewunner vun Davenport goufe gebieden, Kaddoe fir bedierfteg Kanner a Familljen ze spenden.
D’Veranstaltung war um Parking vum Shoppingzenter NorthPark Mall an der Géigend vun enger Filial vu Firestone an der Eenzelhandelsentreprise JC Penney zu Davenport.
Den Owen Farrell, e Spriecher vum Policekommissariat vun Davenport, sot, de Video wär wärend der Spendenaktioun fir Spillgezei vum Bundesstaat Iowa den 18. Dezember 2024 gedréit ginn. Hien huet bäigefüügt, dass et keng strofrechtlech Ermëttlungen op der Plaz ginn hätt. Behaaptungen, d’Filmmaterial géif Mënschenhandel oder d’Aussetze vu Kanner weisen, wäre ganz einfach falsch a Fakenews. De Farrell huet ausserdeem erkläert, dass dës Spendenaktioun zënter 22 Joer um selwechte Parking vum Akafszenter géing stattfannen.
D’Police huet wärend an no der Veranstaltung eng Rei Fotoen op der Facebook-Säit vun hirem Departement verëffentlecht. Dës weisen de Coca-Cola-Camion vun engem lokalen Depositär – deen d’Aktioun sponsert – a Policegefierer op der selwechter Plaz.
© AFP
Biller vu Google Street View, aus dem Juni 2022 an der Géigend vun der Firestone-Agence zu Davenport, weisen och déi selwecht Gebaier, Rout Luuchten an Infrastruktur wéi de Video, deen a Sozialen Netzwierker verëffentlecht gouf (hei archivéiert):
D’deeglech Bulletine vun der Police vun Decatur am US-Bundesstaat Illinois dokumentéieren och keng Verhaftunge wéinst Aussetze vun engem Kand, dem A-Gefor-Brénge vun engem Kand oder änlechen Ukloen tëscht dem 14. an 18. Dezember 2024 um 19.30 Auer Londoner Zäit (GMT) (hei archivéiert). D’AFP huet d’Policekommissariat vun Decatur kontaktéiert, de Büro huet eng Stellungnam awer ofgeleent.
D’AFP huet schonn eng Rëtsch falsch Behaaptungen iwwer Mënschenhandel op Englesch widderluecht.
Fazit: E Video, deen a Sozialen Netzwierker mat der falscher Behaaptung an Ëmlaf ass a behaapt, et wiere verdeckt Ermëttlunge wéinst Mënschenhandel ze gesinn, staamt a Wierklechkeet vun enger Spendenaktioun fir Spillgezei. Dës Veranstaltung gëtt et schonn zënter 22 Joer am US-Bundesstaat Iowa.
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.