
Anti-Impf-Beweegungen um Bord vun der Gesellschaft hunn d’Covid-19-Pandemie benotzt, fir Konspiratiounsmythen engem méi breede Public zougänglech ze maachen. Expertinnen an Experte warnen, dass doduerch geféierlech Feelinformatiounen iwwer Impfungen, déi Liewe rette kënnen, verbreet goufen – wat och fënnef Joer nom Ausbroch vun der Pandemie héich problematesch wär.
Skepsis virun Impfunge gouf et scho laang viru Covid, d’Pandemie huet awer “wéi e Katalysator” gewierkt an “huet dozou bäigedroen, aus enger klenger Beweegung eng aflossräich Beweegung ze maachen”, heescht et an engem Artikel aus dem Joer 2023 an der Fachzäitschrëft “The Lancet”.
Covid-19 huet och e Strategiewiessel bei den Impfgéigner ageleet, déi virdrun éischter Elteren als Zil haten, well Kanner aus Routine déi meescht Impfunge kréien. Mee wéi Impfstoffer vun der nächster Generatioun a Rekordzäit entwéckelt goufen, fir Covid ënner Kontroll ze kréien, gouf a ville Länner eng Impfflicht fir Erwuessener agefouert. Impfskepsis krut op eemol e vill méi grousse Public an huet Mënschen aus villen Deeler vum politesche Spektrum beienee bruecht.
“An dëser Zäit hu mir observéiert, wéi eng Rei Gesellschaftsgruppe mat normalerweis kloer definéierte Grenzen a Richtung Impfskepsis gedrift sinn”, sot d’Romy Sauvayre, eng franséisch Soziologin, déi sech op Impfskepsis spezialiséiert huet.
© AFP
Wärend der Pandemie hu Konspiratiounstheoretiker, Politiker a Politikerinnen a souguer eng Rëtsch Doktere souwéi Wëssenschaftler falsch Informatiounen iwwer Impfstoffer oder Covid-19 verbreet – oder dës verstäerkt.
Ee Beispill war Hydroxychloroquin, vun deem den ëmstriddene franséische Fuerscher Didier Raoult behaapt hat, et kéint Covid heelen. Dat goung aus enger deemoleger Etüd ervir, déi kierzlech awer zeréckgezu gouf. Den Donald Trump, dee bis 2021 amerikanesche President war an dat zënter dem 20. Januar 2025 nees ass, hat zu deejéinege gehéiert, déi Reklamm fir Hydroxychloroquin gemaach haten.
“Hannert dësen heiansdo zimmlech radikale Mediendoktere sti vill méi grouss Problemer vu Vertrauen an d’Gesondheetsautoritéiten”, sot de Soziolog Jeremy Ward. Hie setzt sech zënter 2020 op wëssenschaftlechem Niveau mat Impfungen a Frankräich auserneen.
Impfgéigner wenne sech anere Konspiratiounstheorien zou
Ofgesi vun de gesondheetleche Bedenken “dréint sech dës Beweegung haaptsächlech ëm d’Verdeedegung vun der individueller Fräiheet”, sot de Jocelyn Raude, Wëssenschaftler fir Gesondheetspsychologie.
Dat hat sech wärend der Pandemie gewisen, wéi et ëmmer méi zu Protester géint d’Impfflicht an Ausgangsbeschränkunge komm war. D’Anti-Impf-Beweegung war besonnesch a rietskonservative Kreesser op fruchtbare Buedem gestouss – mat e puer Unhänger, déi et bis an déi héchst Muechtpositioune gepackt hunn. Dem Trump säi Kandidat fir d’Amt vum Gesondheetsminister, de Robert F. Kennedy Jr., huet ëmmer nees Konspiratiounstheorië ronderëm Impfunge verbreet. Dorënner och d’Behaaptung, dass Covid en “ethnesch ausgeriichte” Virus wär.
© AFP
D’Meg Schaeffer, Epidemiologin um SAS Institute, sot géintiwwer der AFP, dass “Feelinformatiounen iwwer Covid” den Impftaux an den USA insgesamt op engem niddregen Niveau gehalen hunn – och bei Riedelen, wou een eigentlech der Meenung war, se schonn ausgerott ze hunn. “D’Konsequenz dovu sinn Honnerte Fäll vu Riedele bei Kanner, déi vun deenen d’Hallschent huet mussen an d’Klinick ageliwwert ginn. Dat ass eppes, wat mir an den USA nach ni gesinn hunn”, huet si bäigefüügt.
Et gëtt ëmmer méi gefaart, dass d’Vullegripp e Massenausbroch beim Mënsch ausléise kéint. Dowéinst gëtt et och Bedenken, dass d’Skepsis virun enger Impfung weltwäit dozou féiere kéint, dass eng weider Pandemie méi schlecht ofgewiert gi kann.
“Wa mir beispillsweis an noer Zukunft mat enger Pandemie konfrontéiert wären, hätte mir grouss Problemer mam Asaz vun Impfstoffer”, sot d’hollännesch Virologin Marion Koopmans géintiwwer der AFP.
Vu dass d’weltwäit Opmierksamkeet fir Covid ëmmer méi kleng gëtt, hu sech eng Rëtsch Impfgéigner anere Konspiratiounstheorien zougewannt. “Op de selwechte Profiller ginn elo Contenue gedeelt, déi prorussesch sinn oder de Klimawandel leegnen”, sot de Laurent Cordonier, Soziolog bei der Descartes Foundation. Och wann dës Sujeten op den éischte Bléck net zesummenhänken, “ass eng systemfeindlech Stëmmung déi dreiwend Kraaft”, huet hie bäigefüügt.
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.