Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: WM 2022: Firwat d’Unzuel un Doudegen op Schantercher am Katar schwéier ze bezifferen ass

Faktencheck: WM 2022: Firwat d'Unzuel un Doudegen op Schantercher am Katar schwéier ze bezifferen ass - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Am Moment leeft d’Futtball-Weltmeeschterschaft am Katar. Am Virfeld dovu goung vill Rieds vun den Aarbechtskonditiounen am arabesche Golfstaat; ënner anerem och doriwwer, wéi vill Leit bei de Bauaarbechte fir d’WM ëm d’Liewe koumen.

Katar gouf fir d’Aarbechtskonditioune vun den Aarbechter, déi fir de Bau vun der néideger Infrastruktur fir d’Futtball-Weltmeeschterschaft an d’Land komm waren, kritiséiert. D’Äntwert vu Katar op d’Kritik ass d’Ausso, dass op de Schantercher tëscht 2015 an 2021 just dräi Aarbechter bei engem Aarbechtsaccident ëm d’Liewe komm wären. Awer et gëtt eng aner Zuel, déi reegelméisseg am ëffentlechen Discours opdaucht: déi vu 6.500 Doudegen, an där awer och Doudesfäll ouni direkte Bezuch op d’Bauaarbechte vermierkt sinn. Déi genee Zuel vun agewanderten Aarbechterinnen an Aarbechter, déi bei engem Aarbechtsaccident am WM-Ëmfeld ëm d’Liewe koumen, ass ganz schwéier erauszefannen. Den Aschätzunge vu verschiddene Spezialistinnen a Spezialisten no beweegt sech d’Gréisstenuerdnung am Beräich vun “dausenden Doudegen”.

Wéi vill Gaaschtaarbechter hunn am Katar hiert Liewe verluer, zanter den Emirat viru gutt zéng Joer mam Opbau vun den néidegen Infrastrukture fir d’Futtball-Weltmeeschterschaft 2022 ugefaangen huet?

Dës wichteg Fro verfollegt de Golfstaat. Eng Rei Medien, vun den US-amerikaneschen Dageszeitunge “Washington Post” an “New York Times” iwwer déi franséisch Internetzeitung “Mediapart”, déi däitsch Dageszeitung Süddeutsche an Netregierungsorganisatioune wéi “Human Rights Watch”, hunn an de vergaangene Joren déi extrem Aarbechtskonditioune vun den Aarbechter kritiséiert, déi virun allem aus asiateschen an afrikanesche Länner stamen.

Als Konsequenz hunn déi kataresch Autoritéite mat e vehementen Dementi op dës Fro reagéiert. Dora geet Rieds vun Diffamatioun, Rassismus an der Menace vu Geriichtsaffären. De WM-Organisatiounskomitee huet betount “onermiddlech doru geschafft ze hunn, dass d’Rechter vun all Aarbechter, deen u Projete fir d’Futtball-Weltmeeschterschaft bedeelegt ass, agehale ginn” an huet verséchert, dass “bedeitend Fortschrëtter” an de Beräicher Ënnerkonft, Gesondheet a Sécherheet gemaach goufen.

Déi wichtegst Berechnungen zu dësem Thema ënnerscheede sech deels däitlech. Dat läit u feelenden Donnéeën, wat eng genee Statistik vun dëser makaberer Bilanz méi schwéiert mécht. Dat huet och de Quentin Müller géintiwwer der Noriichtenagence AFP betount. Hien ass fräie Journalist, spezialiséiert op déi arabesch Hallefinsel a Co-Auteur vun engem Buch zu deem Theema a sot: “Souguer déi International Aarbechtsorganisatioun (IAO), déi Hand an Hand mat Katar zesummeschafft, huet unerkannt, dass et schwiereg war, fundéiert Statistiken iwwer Aarbechtsaccidenter op de Schantercher ze kréien.”

RTL Bild einfügen: Arbeiter im Khalifa-Stadion in Doha am 18. November 2018. ( AFP / -)

Diametral entgéintgesat Zuelen

Déi englesch Dageszeitung “The Guardian” baséiert hir Rechnung an engem Artikel vum Februar 2021 op d’Unzuel vu Mënschen aus Indien, Nepal, Bangladesch a Sri Lanka, déi tëscht 2011 an 2020 verstuerwe sinn, an och op d’Zuel vu Leit aus Pakistan, déi tëscht 2010 an 2020 am Katar ëm d’Liewe koumen. D’Donnéeë ware vu Gesondheetsagencen am Katar souwéi vu verschiddenen Institutiounen an dëse fënnef Länner, haaptsächlech vun hiren Ambassadeuren op der Plaz, gesammelt ginn.

“D’Gesamtzuel vun den Doudegen ass vill méi héich, well dës Zuelen net d’Doudesfäll aus méi Länner ëmfaasst, déi Katar wichteg Aarbechtskräften zur Verfügung stellen, dorënner d’Philippinnen a Kenia”, heescht et am Artikel. Migrante stelle méi wéi 80 Prozent vun den 2,8 Milliounen Awunner vu Katar.

Zu dëse 6.571 Doudegen zielen all d’Staatsbierger vun Indien, Nepal, Bangladesch, Sri Lanka a Pakistan, déi an dësem Zäitraum am Katar gestuerwe sinn. Et handelt sech dobäi net ëm déi spezifesch Unzuel un Aarbechter, déi op de Schantercher gestuerwe sinn. “Dës Statistiken iwwer d’Stierflechkeet sinn allgemeng: E Sri Lankaner, deen op der Strooss vun engem Auto iwwerrannt gouf, kann och dozou zielen”, sot de Quentin Müller.

De WM-Organisatiounskomitee publizéiert sengersäits zanter 2015 all Joer e Rapport iwwer d'”Gesondheet vun den Aarbechter”. Dëser Zielung no sollen dräi Aarbechter bei Aarbechtsaccidenter op WM-Schantercher ëm d’Liewe komm sinn: Zwee beim Al-Janoub-Stadion am Oktober 2016 an August 2018 an een Drëtte beim Khalifa-Stadion am Januar 2017.

Zwar zielen d’Rapporte 37 weider Doudesfäll tëscht 2015 an Dezember 2021, mee all dës Doudesfäll ginn als “Doudesfäll ouni Relatioun mat der Schaff” kategoriséiert.

Si betreffen an der Reegel Aarbechter, déi dout an hirem Doheem opfonnt gi waren oder an der Klinick wéinst engem gesondheetleche Probleem gestuerwe waren, dee baussent den Aarbechtszäiten opgetruede war.

Dës Lëscht schléisst awer och Doudesfäll an de Stadien an, ouni se als aarbechtsbedéngt Doudesfäll ze zielen. E Beispill ass de Fall vum 27. April 2016, bei deem en “48 Joer alen Inder am Spillertunnel vun enger Anlag, déi nach net fäerdeg war, bei Stolaarbechten zesummegebrach ass”, fir duerno an der Klinick un engem “Häerzstëllstand, ausgeléist duerch schwéier Otemnout” ze stierwen.

RTL Screenshot des Berichts des WM-Organisationskomitees zur “Arbeitergesundheit” im Zeitraum Januar bis Dezember 2021 (Seite 41). Erstellt am 22. November 2022

Doudesfäll duerch “natierlech Ursaachen”

Eng Ursaach, déi an dëse Rapporten zu net aarbechtsbedéngten Doudesfäll ganz dacks erwäänt gëtt a sech als problematesch erweist, ass de Fall vum “Häerzstëllstand, ausgeléist duerch schwéier Otemnout”, wéi d’Lola Schulmann, Mënscherechtsaktivistin bei Amnesty International France betount huet: “Eisen deemolegen Observatiounen no gouf et bei 18 vun 33 erfaassten Doudesfäll keng Informatiounen iwwer d’Doudesursaach. Amplaz gouf e Probleem mat der Ootmung oder eng ‘natierlech Ursaach’ erwäänt, wat däitlech weist, dass et keng Ënnersichung gëtt, déi korrekt vun den Agencen duerchgeféiert gëtt, fir d’Doudesursaachen an domat de potenziellen Zesummenhang tëscht den Aarbechtskonditiounen an dësen Doudesfäll erauszefannen.”

Wéi den David Bailey, Patholog a Member vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) an engem Rapport vun Amnesty International vum August 2021 ugemierkt huet, sollten esou Vermierker “op engem Doudeschäin net ouni zousätzlech Erklärung vun der Ursaach stoen, déi virläit. Jidderee stierft um Enn un Otem- oder Häerzversoen an dës Formuléierungen hunn ouni zousätzlech Informatioune guer keng Bedeitung. ‘Natierlech Ursaach’ ass keng ausräichend Erklärung”, huet hie kritesch drop higewisen.

Hien huet un de “Risiko, deen extrem Hëtzt a Fiichtegkeet fir d’Aarbechter duerstellen” erënnert. Eng Etüd vun der Fachzäitschrëft “Cardiology” aus dem Juni 2019 huet och op de staarken Zesummenhang tëschent den héijen Temperature vum Land an den Häerz-Kreeslaf-Erkrankunge vun nepaleeseschen Aarbechter higewisen, déi warscheinlech op erhiefleche Stress duerch Hëtzt zeréckginn.

Am Rapport huet Amnesty International och kritiséiert, dass Katar d’Unzuel vun Ënnersichungen net liwwere konnt, déi u Gaaschtaarbechter, déi zënter 2010 verstuerwe waren, net virgeholl goufen. Katar huet dat domat begrënnt, mat verschiddenen Hindernisser konfrontéiert gewiescht ze sinn, dorënner Widdersproch vu munche Famillje vu Vermëssten, déi sech aus “kulturelle Grënn” géint eng Autopsie decidéiert hätten. “Allerdéngs gouf kenger vun de Familljen, mat deenen Amnesty geschwat huet, eng Autopsie vun hire Familljememberen ugebueden, fir d’Doudesursaach erauszefannen”, huet d’ONG ageschränkt.

Dat bleift net ouni Konsequenze fir d’Famill, wéi d’Lola Schulmann betount huet: “An deem Moment, an deem keng Responsabilitéit festgestallt gëtt, gëtt et och keng Entschiedegung fir d’Familljen. Munch si souguer gezwongen, sech fir d’Iwwerféiere vun der Läich vum Verstuerwenen ze verschëlden.”

“Onbekannt Ursaach” an “Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen”

Dës Ongenauegkeet vun den Doudesursaache fënnt sech allgemeng an den offizielle Statistike vu Katar iwwer d’Doudesfäll, déi wärend engem Joer am Land gezielt ginn. Wärend d’Zuel vu Migranten, déi un enger “onbekannter Ursaach” gestuerwe sinn, zënter 2016 drastesch erof gaangen ass, ass parallel dozou d’Zuel vun Doudesfäll duerch “Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen” staark geklommen. Dat stellt Vital Signs, en Zesummeschloss vun ONGen, déi sech fir d’Rechter vu Migranten asetzen, an engem Rapport vum Mäerz 2022 fest.

“2015 waren 376 Net-Katarer vun all Alter ënnert den Doudesfäll mat onbekannter Ursaach opgelëscht. Dës Zuel ass 2016 op 82 erofgaangen. Am Géigesaz dozou ass d’Zuel un Doudesfäll duerch Häerz-Kreeslaf-Erkrankunge vun 221 am Joer 2015 op 464 am Joer 2016 eropgaangen”, heescht et am Dokument, fir duerno bäizefügen: “Souwäit d’Agencen am Katar hir Aart a Weis, den Doud vu Migranten ze ënnersichen, net erhieflech geännert hunn – an näischt deit dorop hin – schéngt et warscheinlech, dass d’Hausse bei der Zuel vu Gaaschtaarbechter, déi no engem Doudesfall an der Kategorie ‘Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen’ klasséiert goufen, d’Tatsaach verschleiert, dass d’Doudesursaach an de meeschte Fäll onbekannt blouf.”

De “Guardian” huet sengersäits festgestallt, dass 69 Prozent vun den Doudesfäll vun Inder, Nepaleesen a Bangladescher, déi a senger Enquête opgelëscht waren, op eng natierlech Ursaach zeréckzeféiere sinn.

RTL Bauarbeiter auf einem Gerüst des Khalifa-Stadions in Doha am 18. November 2018. ( AFP / -)

50 Doudeger a 500 schwéier Aarbechtsaccidenter am Joer 2020, seet d’IAO

Déi International Aarbechtsorganisatioun huet am Joer 2021 e Bilan verëffentlecht, dee fir d’Joer 2020 50 Doudesfäll a 500 schwéier Blessure vun Aarbechter am Kader vun der Aarbecht erfaasst. D’Majoritéit vun den Affer kéim “aus Bangladesch, Indien an Nepal” an huet haaptsächlech am Bausecteur geschafft, wou “Chutten aus grousser Héicht an Accidenter am Stroosseverkéier d’Haaptursaache fir schwéier Blessure sinn, op Plaz zwee komme Géigestänn op Schantercher, déi erofgefall sinn.”

Dës Zuele relativéiert d’IAO selwer an hirem Rapport a weist op d'”Lücke bei der Erhiewung vun dësen Donnéeën an Ënnerscheeder an der Manéier, wéi d’Ministèren an Institutiounen aarbechtsbedéngt Verletzungen an Doudesfäll kategoriséieren” hin. Dohier wär et “ëmmer nach net méiglech, eng kloer Zuel vun déidlechen Aarbechtsaccidenter am Land ze presentéieren”. Zum Héichpunkt vun de Bauaarbechte geet d’IAO vu ronn 32.000 Aarbechter aus, wat manner wéi zwee Prozent vun der gesamter Main d’oeuvre vum Land entsprieche géif. Dës Argumentatioun deelen och déi kataresch Agencen, deenen hir Statistike sech op d’Aarbechter konzentréieren, déi an den aacht WM-Stadien agesat goufen. Siwe goufen aus dem Näischt opgeriicht, en aacht gouf fir d’Weltmeeschterschaft renovéiert.

Et gëtt allerdéngs och aner Berechnungsusätz. D’IAO nennt d’Méiglechkeet, d’Zuele vun allen Infrastrukturprojeten anzebezéien, déi a Verbindung mat der WM stinn. Dat géif e méi kloert Gesamtbild erginn, huet de Quentin Müller gemengt: “D’Stadie si längst net déi eenzeg Schantercher, déi wéinst der WM entstane sinn. Et kann een och den Ausbau vum Fluchhafen oder d’Konstruktioun vun enger Metro nennen.”

RTL Eine Straße in Doha, der Hauptstadt Katars, am 3. September 2019. ( AFP / -)

Schwiereg Aarbechtskonditiounen

“Mir mussen ophalen, dovun auszegoen, dass d’Metro, Hoteller a sou weider net fir d’WM gebaut goufen, sou wéi Katar et mécht”, sot d’Marie-Laure Guislain géintiwwer der AFP. Si huet 2015 an 2018 mat der Vereenegung Sherpa u Kloe géint d’Vinci-Grupp geschafft, déi grouss Deeler vun der Infrastruktur fir d’Futtball-Weltmeeschterschaft gebaut huet.

Den 9. November 2022 hat déi franséisch Justiz eng Enquête géint eng Duechterentreprise vun der franséischer Grupp BTP Vinci lancéiert. Grondlag war eng Ënnersichung vun den Aarbechtskonditiounen op bestëmmte Schantercher, déi mat der WM am Katar am Zesummenhang stinn.

En Untersuchungsriichter zu Nanterre hat géint Vinci Constructions Grands Projets (VCGP) Uklo erhuewen. D’Grupp gëtt follgende Saache beschëllegt: Aarbechtskonditiounen an Ënnerdaach, déi net mat der Dignitéit vum Mënsch am Aklang stinn, Acquisitioun vun Déngschtleeschtunge vun enger Persoun an enger schutzbedierfteger oder ofhängeger Situatioun mat engem net verhältnesméissege Salaire an Deconsideratioun a Servitude.

Am Kader vun hirer Ënnersichung am Katar am Joer 2014 war et der Guislain méiglech, d’Schantercher kucken ze goen an Aussoe vun Aarbechter anzehuelen. Do huet si sech och enger Delegatioun vum Gewerkschaftsbond Bau- und Holzarbeiter Internationale (BHI) ugeschloss. D’Marie-Laure Guislain huet vun hiren Entrevuen erzielt: “Mir ware bei Ambassadeuren, déi eis – ouni et esou ze formuléieren – gesot hunn, dass et hinne wéi deet, quasi zu Doudegriewer ze ginn. Well si d’Läiche vu jonke Mënschen an hir Heemechtslänner zeréckféiere mussen.”

Weider sot d’Guislain: “Ech hunn Aarbechter gesinn, déi hiert Moiesiessen an der Sonn zou sech geholl hunn. Si waren all Dag dräi Stonne vun hirem Ënnerdaach op d’Schantercher ënnerwee, stounge moies um 4.30 Auer op a koumen no 19 Auer nees zeréck.” Dobäi kéime Konditiounen, déi et bal onméiglech gemaach hunn, sech auszerouen: Si wären dacks zu aacht an engem Zëmmer gewiescht, op Etagenbetter an ënner Konditiounen, déi net am Aklang mat Dignitéit an de kataresche Standarde gewiescht wären. “D’Aarbechter hunn eis uvertraut, dass si Angscht hätten, sou wéi hir Kolleegen ze endegen, déi ‘ronderëm si ëmgefall sinn’ an net woussten, firwat”, sot si weider.

D’Marie-Laure Guislain huet rappelléiert, dass Moossname fir d’Sécherheet vun den Aarbechter ergraff hätte kënne ginn: “De Minimum wäre Pausen am Schiet. En Dispositif, dee Schiet mécht, fir dass d’Aarbechter net an der praller Sonn schaffen. Anstänneg Ënnerdiech, déi net annerhallef Stonne vum Schantje fort sinn an déi den Numm verdéngen. Genuch Zougang zu Waasser an Dokteren. D’Méiglechkeet, sech bei den Entreprisen ze beschwéieren. A grondleeënd Fräiheetsrechter, déi agehale ginn.”

Netberécksiichtege vun Doudesfäll an den Hierkonftslänner vun den Aarbechter

Fir de Quentin Müller huet déi vum “Guardian” genannt Zuel vu 6.500 Doudegen zwar “de Verdéngscht, e Bewosstsinn ze schafen”, si bleift awer a sengen Aen wäit hannert der tatsächlecher Zuel. Zousätzlech Donnéeë géifen doran net berécksiichtegt, besonnesch d’Doudesfäll vun den Aarbechter nom Retour an d’Heemecht. Besonnesch an Nepal hu vill Leit un Nierenerkrankunge gelidden.

An engem Artikel vum amerikaneschen Noriichtemagasinn “Times Magazine” schätzt den Nierespezialist Rishi Kumar Kafle vum Nationalen Nieren-Zenter a Kathmandu, der Haaptstad vun Nepal, dass Aarbechter, déi an d’Golfstaaten ausgewandert waren, 10 Prozent vu senge Patienten zum Moment vum Interview ausgemaach hunn.

“Dës jonk Männer leide weder un Diabetis nach u Blutthéichdrock. Si si bei gudder Gesondheet. An dann entwéckele si stënterlech en Niereversoen, wat bedeit, dass et an deene Länner eppes gëtt, dat verschidde vun dëse jonke Männer krank mécht”, sot de Fachdokter an huet dobäi zuelräich méiglech Ursaache genannt, dorënner stänneg Deshydratatioun, iwwerméissege Konsum vu Medikamenter oder och Hëtzt.

De Journalist Quentin Müller ass dohier der Usiicht, dass déi representativ Zuel vu Gaaschtaarbechter, déi am Katar gestuerwe sinn, éischter an de Statistike vun “asiatesche Mataarbechter, déi all Joer an de Golfstaate verschwannen” ze sichen ass.

D’ONG-Allianz Vital Signs schätzt an hirem Rapport vum Mäerz 2022, dass “bis zu 10.000 Gaaschtaarbechter aus Südasien a Südostasien” all Joer an dëser Regioun vum Planéit stierwen an d’Doudesursaach a méi wéi all zweetem Fall “ongekläert bleift”.

RTL Das Khalifa-Stadion in Doha, 18. November 2018 ( AFP / -)

En neit Gesetz, dat “net wäit genuch geet”

“Tëschent den offiziellen Zuelen aus Katar an deem, wat mir bei eisen Enquêten op der Plaz an eise Recherchë festgestallt hunn, leie Welten”, huet d’Lola Schulmann vun Amnesty International France gemengt, déi hirersäits vun enger Gréisstenuerdnung vun “Dausende vun Doudege” schwätzt.

E Regierungsspriecher aus Katar huet géintiwwer der AFP déi “breet Palette u Moossnamen”, déi ergraff goufen, fir “d’Liewe vun allen Aarbechter am Land ze verbesseren”, verdeedegt. Hien huet gemengt, dass “kee mat Recht bestreide kann, dass d’Weltmeeschterschaft de Fortschrëtt an eisem Land beschleunegt huet”, och wann “nach vill Aarbecht ze maache” wär.

Amnesty International erkennt zwar, wéi d’IAO, d’Fortschrëtter un, déi Katar kierzlech am Beräich vum Aarbechtsrecht gemaach huet: Schluss mam System, an deem Salariéen d’Erlabnis vum Employeur froe mussten, fir hir Aarbechtsplaz ze wiesselen souwéi d’Aféiere vu Moossnamen, fir d’Aarbechtszäit am Summer ze kierzen, an eng Temperaturgrenz, déi all Aarbecht verbitt. An awer hält d’Mënscherechtsorganisatioun dës Fortschrëtter nach net fir genuch.

“No eisem Ermiesse geet dat neit Gesetz iwwer Aarbecht bei grousser Hëtzt net wäit genuch, virun allem bei der Fro vun den néidege Pausen. Nach ass et un den Aarbechter, hir Virgesetzter no enger Paus ze froen, obwuel d’Paus obligatoresch sollt sinn an net zu Laaschte vun de Salariéë goen däerf”, sou d’Lola Schulmann vun Amnesty.

D’IAO ënnersträicht: “Vill Salariéë stousse weiderhin op Schwieregkeeten, wa si hir Aarbechtsplaz verloossen an eng nei Aarbecht fanne wëllen. Dozou gehéiere Vergeltungsmoossname vum Employeur, dee beispillsweis d’Openthaltsgeneemegung ophiewen oder falsch Uschëllegunge wéinst ‘Flucht’ géint si virbrénge kann.”

“Dat katarescht Recht muss fir d’Mënscherechtsverletzunge vun den Entreprisen hierhalen. Si sinn déi éischt, déi vun dësem moderne Sklavereisystem profitéieren. Wann d’Gesetzer sou ugepasst géifen, dass d’Multinationalen och am Ausland d’Mënscherechter anhale missten an domat Prezedenzurteeler gesprach géifen, kéint een en neien Desaster fir Mënsch an Ëmwelt verhënneren”, sot d’Marie-Laure Guislain um Enn vum Gespréich.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.