Scroll Top

Faktencheck

Faktencheck: Sex mat Kanner bleift an Däitschland strofbar an huet näischt mam Selbstbestëmmungsrecht ze dinn - Featured image

Faktencheck: Sex mat Kanner bleift an Däitschland strofbar an huet näischt mam Selbstbestëmmungsrecht ze dinn

Soubal et ëm d’Unzuel vu Geschlechter, d’Genderen oder Froen iwwer sexuell Orientéierung geet, erhëtze sech d’Gemidder. Laut engem Screenshot vun engem Artikel, deen a Sozialen Netzwierker gedeelt gëtt, wär Sex mat Kanner duerch dat däitscht Gläichstellungsgesetz geschwë stroffräi. Deem ass awer net esou.

Faktencheck: "Selwecht Schema": Falschbehaaptungen iwwer d'Wielen troubléieren US-Walkampf - Featured image

Faktencheck: “Selwecht Schema”: Falschbehaaptungen iwwer d’Wielen troubléieren US-Walkampf

Véier Joer no engem Presidentschaftswalkampf, dee vun Desinformatioun gepräägt war, gesi sech d’Amerikanerinnen an Amerikaner an de leschte Woche vum Walkampf 2024 op en Neits mat änleche Virwërf konfrontéiert. Sou wäerte warscheinlech och bei dëse Walen de 5. November 2024 Behaaptungen iwwer Onreegelméissegkeete beim Wielen a Walbedruch e grousse Sujet sinn.

Faktencheck: Klimawandel gëtt net duerch eenzel historesch Héichwaasser widderluecht - Featured image

Faktencheck: Klimawandel gëtt net duerch eenzel historesch Héichwaasser widderluecht

Am September 2024 koum et an Europa zu staarken Iwwerschwemmungen, déi Fuerscher mam Klimawandel a Verbindung setzen. A Sozialen Netzwierker war doropshin eng Lëscht vun extreemen Héichwaasser zu Köln zënter dem Joer 1784 mat der Behaaptung am Ëmlaf, dass deenen hiert Optrieden de Klimawandel widderleeë géing. Mee d’Héichwaasserdonnéeën, déi am Internet ënnerwee sinn, sinn onvollstänneg an deelweis feelerhaft.

000_36JW323-copy.jpg

Faktencheck : D’Hurrikane Milton an Helene léisen eng Desinformatiounswell an den USA aus

D’Hurrikanen, déi an de leschte Wochen de Südoste vun den USA heemgesicht hunn, hunn eng Well un Desinformatiounen ausgeléist. Politiker wéi Internetnotzer versichen am Virfeld vun de Presidentschaftswalen de 5. November dovun ze profitéieren a loosse Konspiratiounstheorien iwwer d’Manipulatioun vum Wieder nees opliewen.

Faktencheck: Mordversuch um Trump, Réckzuch vum Biden … Wéi sech Konspiratiounstherorien an Desinformatioun an der US-Gesellschaft verbreeden - Featured image

Faktencheck: Mordversuch um Trump, Réckzuch vum Biden … Wéi sech Konspiratiounstherorien an Desinformatioun an der US-Gesellschaft verbreeden

D’USA sinn haart Walkämpf gewinnt a Fakenews si keen neit Phenomeen méi. Trotzdeem ass et erstaunlech, wéi vill Falschmeldungen an Desinformatiounen de Leit am Virfeld vun den amerikanesche Presidentschaftswalen op den Ecran gespullt ginn. An d’Contenuen hunn et a sech.

Faktencheck: Ass Chimiotherapie "zu 97 %" ineffikass géint Kriibs? - Featured image

Faktencheck: Ass Chimiotherapie “zu 97 %” ineffikass géint Kriibs?

Wärend de franséischen Institut national du cancer Enn September en Iwwerbléck iwwer d’Kriibserkrankungen am Land fir d’Joer 2024 erstallt huet, behaapten Internetnotzer a Sozialen Netzwierker, dass Chimiotherapien en “Taux d’échec vu 97 %” hätten. Si stäipe sech dobäi op Aussoe vun engem amerikaneschen Naturopath (Naturheeler). Dëse Prozentsaz ass awer onbegrënnt.