EDMO BELUX ass en Deel vum europawäiten Netzwierk vum Europäeschen Observatoire fir Digital Medien (European Digital Media Observatory – kuerz EDMO). D’EDMO besteet aus 14 nationalen oder multinationale Plattformen, déi all déi 27 EU-Memberlänner esou wéi och Norwegen am Europäesche Wirtschaftsraum ofdecken. D’EDMOeu an d’EDMO-Plattforme forméieren en Netzwierk géint Desinformatioun, dat sech iwwert déi 27 EU-Memberlänner erstreckt.
All Plattform dreet dozou bäi,
-
Desinformatiounscampagnen z’erkennen an ze analyséieren, Contenu fir Mainstream- a lokal Medien ze erstellen esouwéi d’Autoritéite beim Opdecke vu schiedlechen Desinformatiounscampagnen ze ënnerstëtzen.
-
Aktivitéiten ze organiséieren, déi d’Mediekompetenz op nationalem an multinationalem Level stäerken
-
National Autoritéite beim Iwwerwaache vu Richtlinne vun Online-Plattformen a vum digitalen a medialen Ekosystem ze ënnerstëtzen.