Scroll Top

Lancement vun den EDMO-Richtlinne fir effikass Mediekompetenzinitiativen

D’Richtlinnen a Prinzippie vun EDMO fir effikass Mediekompetenzinitiative sollen dozou bäidroen, d’Qualitéit vun der Mediekompetenz a ganz Europa ze verbesseren. Si goufe vun der EDMO-Aarbechtsgrupp fir Standarden a Best Practices am Beräich Mediekompetenz mat Bäiträg vun den EDMO-Plattformen esouwéi anere Fachleit an Experten am Kader vun engem Consultatiounsprozess developpéiert a sinn um Internetsite vun EDMO disponibel.

D’Richtlinne goufe fir all Persounen developpéiert, déi un der Ausaarbechtung vun Initiativen zur Promotioun vun der Mediekompetenz bedeelegt sinn, dorënner Vertrieder vun der Zivilgesellschaft, Pädagogen, Politiker a Persounen aus dem Medien- oder Technologiesecteur. An engem esou komplexen a villfältege Beräich wéi der Mediekompetenz kann et keng uniform Approche ginn, a Mediekompetenzinitiativen ënnerscheeden sech weesentlech wat Ëmfang, Gréisst, Lafzäit a Schwéierpunkt betrëfft. Dofir sinn net all Richtlinne fir all Projet relevant: Et läit ganz beim Benotzer, déi Rotschléi auszewielen, déi am beschten op seng Initiativ zoutreffen.

EDMO konzentréiert sech zwar op Desinformatioun, d’Richtlinne kënnen allerdéngs op all Mediekompetenzinitiativen applizéiert ginn. Dozou kéinte beispillsweis Initiativen zur Noriichtekompetenz gehéieren, déi sech méi op d’Valeur vun onofhängegem Journalismus am Medienekosystem konzentréieren; méi breet Initiativen zur Digitalkompetenz, déi sech dorop konzentréieren, ze erklären, wéi digital Medie funktionéieren a wéi een se benotzt; Initiativen zur Algo-Kompetenz, déi sech dorop konzentréieren, d’Roll vun Algorithmen an eisem Mediekonsum ze verstoen; oder villes méi.

D’Richtlinne sollen dobäi hëllefen, Problemer zur Diskussioun ze stellen, a baséieren op den Erfarunge vu vergaangenen Initiativen zur Mediekompetenz. D’Anhalung vun dëse Richtlinne sollt net zu engem blannen Ofhake vun To-Do-Lëschte ginn oder dozou féieren, dass d’Flexibilitéit bei der Entwécklung vun zukünftegen Initiativen ageschränkt gëtt. D’Richtlinne sinn an 12 Prinzippien an dräi Sektioune gruppéiert: Entwécklung, Ëmsetzung an Evaluatioun.

Entwécklung

Eng gutt Mediekompetenzinitiativ:

  • huet kloer definéiert Ziler a Prinzippien
  • befäegt hir Zilgrupp
  • promovéiert e kritesch Verständnis vum Medienekosystem
  • ass consultativ a relevant
  • hëlt eng evidenzbaséiert Approche
  • ass inklusiv
  • ass eethesch an accessibel

Ëmsetzung

Eng gutt Mediekompetenzinitiativ:

  • ass transparent
  • ass preparéiert
  • ass upassungsfäeg

Evaluatioun

Eng gutt Mediekompetenzinitiativ:

  • huet en nohaltegen Effet
  • reflektéiert, deelt an evaluéiert

Am vollstänneg Dokument mat de Richtlinnen (momentan op Englesch disponibel) fannt Dir Links zu méi detailléierten Erklärungen. Weider relevant Ressourcen a Best-Practice-Beispiller zu de verschiddene Prinzippie wäerten nach bäigesat ginn. Längerfristeg hu mir wëlles, Beispiller a Ressource fir d’Uwendung an nationalen a regionale Kontexter a ganz Europa matanzebegräifen.