
Am Code de la Route steet et ganz kloer: Als Vëlosfuerer däerf ee just bis zum Alter vun 13 Joer um Trottoir fueren, duerno muss een d’Strooss oder de Vëloswee benotzen.
Ma wéi eng Reegele gëllen op “hybriden” Weeër, déi souwuel eng Plaz fir Foussgänger, wéi och fir Vëlosfuerer virgesinn? Wien ass responsabel, wann et op esou enger Streck zu engem Accident tëscht Foussgänger a Vëlosfuerer kënnt? Ass do wierklech automatesch de Vëlosfuerer am Feeler, wéi gären emol behaapt gëtt?
Ënnert anerem mat dëse Froen hu mir eis un de Mobilitéitsministere geriicht. D’Spriecherin vum Ministère, d’Kim Vo, weist dorops hin, datt hei fir d’éischt emol ze ënnerscheeden ass, ëm wéi eng Zort “hybride” Wee et sech handelt.
Wéi eng Zorte Vëlosweeër gëtt et?
Am wichtegsten ass et, bei “hybride” Weeër tëscht dem getrennte Wee fir Foussgänger a Vëlosfuerer an dem gemeinsame Wee fir Foussgänger a Vëlosfuerer ze ënnerscheeden.
Op engem getrennte Wee fir Foussgänger a Cyclisten, wéi se dacks bannent Uertschafte virkënnt, deele sech déi zwee zwar theoretesch déi nämmlecht Infrastruktur, ma de Wee ass kloer an zwee Beräicher opgedeelt. “De Vëlosfuerer däerf net um Foussgänger senger Fläch fueren an de Foussgänger net um Vëlosfuerer senger trëppelen”, heescht et aus dem Ministère. Déi zwou Fläche sollen idealerweis taktil vunenee getrennt sinn a sech och duerch verschidde Beleeg a Faarwe vuneneen ënnerscheeden. Dës Zort vu Wee ass physesch vum Autostrafic getrennt a gëtt mat engem ronnen oder quadratesche Schëld, op deem Vëlo a Foussgänger duerch ee vertikale Stréch getrennt sinn, gezeechent.
Donieft gëtt et awer och nach dee sougenannte gemeinsame Wee fir Foussgänger a Vëlosfuerer, op där béid Gruppe sech eng Fläch deele mussen. Si sinn hei gläichberechtegt a mussen een op deen aneren Uecht ginn. Fir d’Sécherheet sollen dem Ministère no hei verschidde Standarden agehale ginn: “Och wann et an der Praxis leider all ze oft net de Fall ass, sollt esou eng Infrastruktur sech faarflech oder duerch de Belag vun engem “normalen Trottoir” ënnerscheeden, eng gewëssen hindernisfräi Mindestbreet hunn, an nëmmen op Plazen ze fanne sinn, wou wéineg Foussgänger a Vëlosfuerer sinn.” Ausgeschëldert sinn dës Weeër mat engem ronnen oder quadratesche Schëld, op deem Foussgänger a Cyclisten zesummen ze gesi sinn.
E Beispill vun engem getrennte Wee fir Foussgänger a Cyclisten an der Stad. / © RTL-Archiv
E Beispill fir ee gemeinsame Wee fir Foussgänger a Vëlosfuerer. / © RTL-ArchivLes photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Aner Zorte vu Vëlosweeër sinn dann och nach déi sougenannten “Voies suggestives”, déi zwar vun Autoe befuer dierfe ginn, ma dem Cyclist mat enger gestréchelter Linn de Wee weisen, oder richteg “Voies cyclables”, déi d’Vëlosstreck mat engem duerchgezunnene Stréch vum Rescht vum Trafic trennen an déi net vun anere Gefierer dierfe benotzt ginn. “Richteg” Vëlosweeër, op deene weder Foussgänger nach de motoriséierten Trafic eppes ze sichen hunn, an an deenen d’Vëloen an E-Trottinette bi-directionnel fueren, ginn et der uechter d’Land net esou vill. Ee Beispill ass d’Vëlospist um Kierchbierg laanscht den Tram.
Weider Informatiounen zu de verschiddenen Zorte Vëlosweeër an d’Reegelen, déi hei gëllen, fannt Dir op www.veloplangen.lu.
E Beispill vun enger “Voie suggestive”. / © RTL-Archiv
E Beispill vun enger “Voie cyclable”, déi just fir de Vëlosfuerer ass. Hei op enger Plaz ënnerbrach, fir den Autoen d’Méiglechkeet ze ginn, ofzebéien. / © RTL-Archiv
E Beispill vun engem Vëloswee, deen an zwou Richtunge geet a just fir de Vëlosfuerer ass. / © RTL-ArchivLes photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Wéi eng Viraussetzunge mussen “hybrid” Weeër erfëllen?
Ee “Chemin mixte”, dee sech Foussgänger a Cycliste gläichberechtegt deelen, ass vun enger Mindestbreet vun zwee Meter méiglech. “Dat entsprécht der Breet, déi néideg ass, fir dass e Vëlo e Foussgänger oder en anere Vëlo kräize kann”, esou de Ministère. Geet dëse Wee direkt laanscht d’Strooss, muss nach emol eng Sécherheetssträif vun engem hallwe Meter dobäigerechent ginn. An Uertschafte sinn dowéinst generell op d’mannst 2,5 Meter fir e gemeinsame Wee fir Foussgänger a Vëlosfuerer virgesinn, op deem dann och méiglechst keng Hindernisser, wéi Luuchtepottoen, Stroumkëschten, Poubellen oder Schëlder stoe sollten.
Net iwwerall ass allerdéngs garantéiert, datt Vëlosfuerer a Foussgänger sech op dëse Strecke mat genuch Ofstand aus dem Wee goe kënnen. Dofir ginn et déi quadratesch Schëlder, déi et de Cyclisten erlaben, selwer ze decidéieren, ob si léiwer op der Strooss oder um Vëloswee fuere wëllen.
Bei engem getrennte Wee fir Foussgänger a Cycliste läit déi minimal Breet bei op d’mannst 3,5 Meter fir de bi-directionelle Vëlosverkéier (2 Meter fir de Vëlo an 1,5 Meter fir de Foussgänger) a bei 2,5 Meter fir den eesäitege Vëlosverkéier (1 Meter fir de Vëlo an 1,5 Meter fir de Foussgänger). Bei dëser Zort vu Wee ass et allerdéngs wéi gesot wichteg, datt sech de Foussgänger- an de Vëlosberäich optesch an taktil vuneneen ënnerscheeden. Wann et op enger Plat ze enk gëtt, kann de getrennte Wee fir dësen Deel och an ee Chemin mixte ëmgewandelt ginn?
Iwwert de Simulator op veloplangen.lu kënnt Dir eng Iddi kréien, ob e Vëloswee an Ärer Strooss méiglech wier. Den Outil gëtt allerdéngs just eng Indikatioun – fir d’Ëmsetzung mussen d’Konditiounen au cas par cas evaluéiert ginn.
Wien ass dann elo am Feeler, wann eppes geschitt?
Fir dës Fro ze beäntwerten, muss ee fir d’éischt emol wëssen, op wéi enger Zort Wee den Accident geschitt ass. War de Foussgänger op engem Beräich, dee fir de Vëlo reservéiert ass, war de Vëlo am Foussgängerberäich, oder war den Accident op engem Wee, dee béid Gruppe sech deele mussen oder sollen?
“En Trottoir ass per Definitioun fir de Foussgänger reservéiert”, esou Ministère. “Ausser dem Foussgänger dierfen do nëmme Kanner ënner 13 Joer an Erwuessener, déi e Kand begleeden, mam Vëlo fueren. Dat ënnert der Konditioun, dass se keen hënneren oder a Gefor bréngen.” (Art. 162bis vum Code de la Route).
Ma dat gëllt nëmme fir Flächen, déi just de Foussgänger virbehale sinn. “Wann d’ Beschëlderung awer explizit d’Fuere mam Vëlo op engem Wee erlaabt, wat een duerch eng kloer Beschëlderung erkenne kann, dann handelt et sech net méi em en Trottoir (…). An deem Fall däerf oder muss een do mam Vëlo do fueren.”
© RTL-Archiv
“D’Responsabilitéitsfro ass net esou einfach ze beäntwerten a kann nach vun enger Rei anere Facteuren ofhänken”, preziséiert de Ministère. Wann de Vëlo op enger Fläch fir d’Foussgänger ënnerwee war, wier de Cyclist am Feeler, ma d’Verhale vun anere wier och wichteg. En Accident op enger Streck, déi Vëlo a Foussgänger sech deelen, misst nach méi nuancéiert gekuckt ginn.
“En Accident ass meeschtens eng Usammlung vu verschidden Elementer. De Code de la route kennt och eng Rei aner Verhalensreegelen, déi op d’géigesäitegt Oppasse verweisen, déi soen, dass een zu all Moment bei enger Gefor muss kënne bremsen oder auswäichen, dass ee verschidde Manöver nëmmen ausféieren dierf, wann ee sech vergewëssert huet, dass ee se ausféiere kann, ouni en aneren a Gefor ze bréngen, asw.”
Fazit: De Vëlosfuerer ass zwar net onbedéngt automatesch am Feeler, en ass gehalen, op déi aner Memberen am Stroosseverkéier opzepassen. Och de Foussgänger huet do eng Responsabilitéit.
D’Konditiounen, déi ee Vëlo muss erfëlle fir stroossentauglech ze sinn, fannt Dir iwwerdeems hei. Hei fannt Dir ausserdeem och nach eng ganz Rei Recommandatioune vun der Police, fir engem Accident méiglechst aus dem Wee ze goen.
Hutt Dir Froen oder Ureegunge fir aner Themen? Da mellt Iech ënnert dëser E-Mail-Adress bei der RTL-Faktencheckredaktioun: [email protected]