
Rezent krute mir bei RTL e Message geschéckt, an deem behaapt gouf, datt d’Prisonéier vun hirem Patron ausgebeut ginn. Vu “moderner Sklaverei” war do rieds. Mir hu Mol nogefrot.
Ufank Februar hat sech eng Persoun bei RTL gemellt, déi sech driwwer beschwéiert huet, datt d’Detenuen am Prisong “modern Sklave” wieren. Wéi de Mann eis matgedeelt huet, verdéngen d’Prisonéier ronn 350 Euro de Mount an déi aner 1.700 Euro géif de Patron sech an d’Täsch stiechen. “Da leeft d’Firma jo gutt, gell”, esou ee vu senge Virwërf. RTL huet dat bei der Prisongsverwaltung nogefrot.
Den Detenu muss schaffen
Am Artikel 27 vum Gesetz vum 20. Juli 2018 (“Chaque condamné est tenu d’exercer le travail lui assigné par le directeur du centre pénitentiaire. Le travail assigné doit tenir compte de l’âge, du sexe, des capacités physiques et mentales, de la santé et de la personnalité du condamné. Le refus non justifié d’exercer le travail assigné peut être sanctionné disciplinairement.”) steet kloer dran, datt all Prisonéier obligéiert ass ze schaffen.
Am Prisong zu Schraasseg ginn et verschidden Atelieren, an deenen d’Prisonéier schaffe kënnen: Kichen, Garage, Atelier fir Fraen, Atelier polyvalent, Usträicher, Schlässerei, Schräinerei, Gäertnerei oder d’Spidolswäscherei. Dës Aarbechtsplaze gehéiere quasi alleguer zum Prisong selwer, mat Ausnam vun der Spidolswäscherei, déi vun enger externer Firma bedriwwe gëtt.
Am Centre pénitentiaire vu Giwenech ass d’Situatioun e bëssen anescht. Hei ginn et wuel och verschidden intern Atelieren am Prisong, wéi d’Kichen, d’Gäertnerei, d’Usträicher oder d’Schlässerei. Mä hei hunn déi Prisonéier, déi am oppene Vollzuch sinn, och d’Méiglechkeet, fir fir extern Patronen ze schaffen. Dann hu si och de Mindestloun zegutt.
Wat verdéngt een am Prisong?
De Salaire vun de Prisonéier ass vum Gesetz hier op tëscht 2,05 an 4,75 Euro d’Stonn festgeluecht. Am Verglach läit den net qualifizéierte Mindestloun awer bei ronn 15,25 Euro d’Stonn respektiv 2.637,79 Euro de Mount.
De Verdéngscht am Prisong hänkt nach vu verschiddenen Aspekter of. Esou hunn d’Prisonéier a verschiddene genau definéierte Fäll, och eng Indemnitéit zegutt, wa si krank sinn. Dobäi kënnt nach e Forfait, deen all d’Detenue kréien, ob si schaffen oder net. Dee läit bei 2,50 Euro den Dag. Eenzeg d’Prisonéier am oppene Vollzuch zu Giwenech, déi ausserhalb schaffen, kréien dës Indemnitéit net.
Vun der Prisongsverwaltung ass et dann och nach d’Prezisioun, datt d’Prisonéier all déi Suen, déi si verdéngen, och kréien a se net un iergendee mussen ofginn. Mat hirem Salaire kënnen d’Detenuen dann och maachen, wat si wëllen. Si dierfen d’Suen un hir Famill schécken, si kënne hir Affer domadder entschiedegen oder fir Fraise bei der Justiz bezuelen. Ma si hunn awer och d’Méiglechkeet, d’Suen ze notzen, fir sech supplementär Saachen am Prisong ze kafen. D’Prisongsverwaltung stellt hinne scho verschidde Produiten zu Verfügung, wéi Hygiènesartikelen oder dräi Moolzechten den Dag. Mat hire verdéngte Sue kënne si awer och nach aner oder zousätzlech Iesswuere kafen respektiv se a Hygiènesartikele vun anere Marken investéieren. Och kënnen d’Sue genotzt ginn fir ze telefonéieren.
Wat d’Präisser ugeet, esou kréien d’Prisonéier d’Artikelen, déi se kafen, fir de Präis vum Grossist, esou d’Administratioun. Sollten dann op de Produiten och Reduktiounen sinn, ginn dës un d’Detenue weiderginn. Vun de Reduktiounen ausgeschloss si just d’Zigaretten. Am CPL gëtt et e fixe Buttek, an deem d’Prisonéier akafe kënnen. Am CGP gëtt et e Liwwerservice, deen zwee Mol d’Woch kënnt.
D’Aarbecht am Prisong gëtt net bei d’Pensioun dobäigerechent
Déi Suen, déi d’Prisonéier am Prisong verdéngen, zielen net fir d’Pensioun. Och hunn d’Prisonéier, wa se op fräie Fouss kommen, kee Recht op Chômage a si kréien och net automatesch de Revis. Fir dësen ze kréien, musse si verschidden administrativ Demarche maachen an dann hänkt et nach vun der administrativer Situatioun vum Eenzelen of, op hien de Revis ka kréien, esou d’Prisongsverwaltung.
Fazit: Weder de Patron nach de Prisong verdénge Suen um Prisonéier
D’Kritik, deemno e Prisonéier schaffe geet an de Patron domadder räich gëtt, ass net richteg.
Keen Deel vum Salaire, deen de Prisonéier kritt, gëtt agezunn. Den Detenu dierf mat senge Suen, déi hie verdéngt huet, maachen, wat hie wëll. De Salaire vum Prisonéier wéi och all déi aner Indemnitéiten, déi hie kréie kann, si vum Gesetz hier fixéiert a variéieren jee no Stonnen, déi se schaffen, respektiv nom Stonneloun, dee se accordéiert kréien. Dobäi muss awer gesot ginn, datt de maximale Stonneloun, deen een am Prisong ka kréien, also 4,75 Euro d’Stonn, däitlech ënnert deem läit, wat een ausserhalb vun de Mauere verdéngt. Do läit den net qualifizéierte Mindestloun bei ronn 15,25 Euro pro Stonn. Deemno ass de maximale Verdéngscht fir e Prisonéier däitlech méi niddreg, wéi de minimale Verdéngscht fir Leit a Fräiheet.