Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

RTL-Faktencheck: Brutale Video: Goufen dës Biller an engem Lëtzebuerger Lycée gefilmt?

RTL-Faktencheck: Brutale Video: Goufen dës Biller an engem Lëtzebuerger Lycée gefilmt? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

© RTL-Grafik

An de leschte Wochen ass an de soziale Medien ee Video zirkuléiert, dee sech just schwéier ukucke léisst. E Jugendleche gëtt an engem Lëtzebuerger Lycée vun zwee Matschüler zerklappt, wärend een aneren d’Kamera drop hält. Mee wat ass un dem Video drun?

Aus deontologesche Grënn a fir de Jugendlechen hir Identitéit ze schützen, hu mir decidéiert, de Video net integral ze weisen. Aus dësem Grond sinn hei just Screenshotten ze gesinn, an deenen d’Gesiichter vun de Ugräifer an dem Affer onkenntlech gemaach goufen.

Ass et eng Lëtzebuerger Geschicht?

Definitiv: Jo. De Video ass 44 Sekonne laang a gouf an de vergaangene Wochen an de soziale Medien hei am Land verbreet. Mee wat sinn d’Hannergrënn a wou gouf de Video gedréint?

Fakt ass, dass de Video an engem Lëtzebuerger Lycée am Weste vum Land den 1. Juni enregistréiert gouf, dat an der Paus vun 9.30 Auer Moies. Am Video spillt an enger vun de Jongen-Toilette an der Schoul. Zwee jonk Schüler, ee vun der 6ème an ee vun der 5ème, schloe mat Féiss a Fäischt brutal op een drëtte Schüler vun der 6ème an.

RTL Fir d’Identitéit vum Affer ze schützen, hu mir d’Gesiicht verpixelt. / © Screenshot aus dem Video

E jonkt Meedche leeft kuerz duerch d’Bild. Eng fënneft Persoun, déi een net gesäit,  filmt dat Ganzt den héije Wee mat engem Handy. Um Schluss vum Video steet d’Affer erëm op. Ob de Biller ass net ze gesinn, wéi schwéier hie blesséiert ass.

“D’Affer war ni a Gefor…”

…seet den Direkter vum concernéierte Lycée, dee mir kontaktéiert hunn. Hie weist sech geschockt vun der Gewalt an dem Video a schwätzt vu groussem Gléck, dass de Jong, deen am Video zesummegeschloe gouf, net méi schlëmm blesséiert gouf. Him geet et gutt, esou den Direkter. Hien huet dann och nach präziséiert, dass ee vun den Täter eréischt viru kuerzem an dëse Lycée koum, well en aus engem Stater Lycée aus disziplinaresche Grënn a wéinst aneren Affäre suspendéiert gouf.

Op d’Fro hin, wat mat de béiden “Kläpper”, 14 a 15 Joer, beim Conseil de Discipline de 14. Juni beschwat gouf, gouf ons just präziséiert, dass déi zwee net méi an dem betraffene Lycée sinn. Géint déi zwee aner Matschëlleg – d’Meedchen, dat duerch Bild leeft, an de Jong, dee filmt – sinn och wéinst “Non-assistance à personnes en danger” Sanktioune vum Lycée gesprach ginn.

D’Direktioun vum Lycée gouf e puer Deeg no de Faiten iwwert de Video a Kenntnis gesat. Nach den nämmlechten Dag huet Direktioun all déi néideg Moossnamen an d’Weeër geleet: d’Eltere goufe kontaktéiert an och de Parquet gouf informéiert.

“Enquête en cours…”

Op Nofro bei der Police a beim Parquet hin krute mir matgedeelt, dass eng Enquête um Lafen ass. Aus deem Grond kéinte si eis fir den Ament och keng weider Informatiounen dozou ginn.

De Minister Claude Meisch hëlt an der Emissioun “Background am Gespréich” um 18. Juni eng éischte Kéier ëffentlech Positioun zum Video: “Intern thematiséiere mir dat. Mir wëssen datt dee Phenomen amgaangen ass, sech ze developpéieren. Dat mécht eis och grouss Suergen.”

Suittë fir Schüler

Déi zwee Schüler, déi am Video zougeschloen hunn, koumen dënschdes de 14. Juni virun de Conseil de Discipline. Alle béid goufe si vum Lycée suspendéiert. Well déi zwee Schüler nach schoulflichteg sinn, si si an en anere Lycée transferéiert ginn.

RTL-Informatiounen no wären déi concernéiert Jugendlech vun der Police Judiciaire kontaktéiert ginn, fir weider Aussoen ze maachen. Ob d’Enquête sech exklusiv iwwer dëse Video dréint oder ob villäicht eng méi organiséiert Struktur vu “Banden” oder “Gangen” an dësem Virfall involvéiert ass, krute mir net confirméiert.

RTL © Screenshot aus dem Video

D’Banaliséiere vun der Gewalt

Op Nofro seet eis BEE Secure, datt si bis ewell weder iwwert hir Helpline zum Video kontaktéiert goufen, nach gouf dëse bei hirer Stopline gemellt. An der Vergaangenheet hätten et esou Videoen, déi ënnert den Iwwerbegrëff Cyber-Mobbing falen, awer scho méi dacks ginn.

Och wier BEE Secure scho vun eenzele Schoule kontaktéiert ginn, an deene gewalttäteg Videoen d’Ronn gemaach hunn. Deen Ament kéinte si dann zum Beispill aschreiden, a mat de betraffene Klasse schwätzen. “Et hält net um Schoulhaff op, mee esou Videoe kënnen d’Ronn maachen, bis dat ganzt Land se gesinn huet”, esou de Jeff Kaufmann vu BEE Secure. Dëst géif et och fir d’Affer méi schwéier maachen, well si och no nom Schouldag nach weider kënne mat Mobbing konfrontéiert ginn. “D’Konsequenze kënne erhieflech sinn.” Fir d’Affer wier et wichteg ze wëssen, datt si net eleng sinn an datt si sech kënnen hëllefe loossen.

Mat Bléck op d’Täter kéint ee gesinn, datt si sech mat esou Videoen an de soziale Medie méiglechst effektiv an Zeen setze wéilten. Si kéinte sech esou bretzen an unhand vu Likes quantitativ moossen, wéi gutt hire Video ukënnt. Et ass dowéinst vu BEE Secure och den Appell un d’Zeie vun esou Zeenen: Sidd solidaresch mat den Affer!

Auslännesch Medien a Spezialisten no schéngt dës Zort vu Gewaltbereetschaft an dësen Zäiten ëmmer méi zouzehuelen. Et gëtt spezialiséiert Konten an de soziale Medien, déi sou Gewaltvideoe verbreeden. Verschiddener sinn och inzenéiert a gestallt. Dat heiansdo esou gutt, dass Zweiwel un der Echtheet bestinn. Dem Direkter vum betraffene Lycée no schéngt dat an dësem Video allerdéngs net de Fall ze sinn.

Hutt Dir Froen oder Ureegunge fir aner Themen, mëllt Iech ënner [email protected]

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.