Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

RTL-Faktencheck: Fra vu russeschem Vize-Verdeedegungsminister mat Lëtzebuerger Placken ënnerwee?

RTL-Faktencheck: Fra vu russeschem Vize-Verdeedegungsminister mat Lëtzebuerger Placken ënnerwee? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Eng Foto, déi wéi et schéngt op der franséischer Côte gemaach gouf, zirkuléiert den Ament op de soziale Reseauen.

Lëtzebuerger Placken op der franséischer Côte d‘Azur si jo keng Raritéit. Lëtzebuerger Touristen: kloer. Mä och Net-Lëtzebuerger, déi eng Residence oder eng Firma am Grand-Duché hunn, kënnen hiren Auto hei immatrikuléiere loossen. Souwäit keng Nouvelle wäert.

Aktuell zirkuléiert awer eng Foto op de soziale Reseauen, op där d’Fra vum russesche Vize-Verdeedegungsminister an engem Rolls-Royce mat giele Placke soll ze gesi sinn. Den Timur Ivanov steet op der Sanktiounslëscht vun der Europäescher Unioun.

Et handelt sech ëm eng Foto, vun där een net mat Sécherheet weess, wéini se geknipst gouf, mä déi, wéi et schéngt, op der franséischer Côte gemaach gouf.

RTL

Virun allem op Twitter liest een eng Rei kritesch Commentairen, an deenen d‘Fro opgeworf gëtt, wéi dat méiglech ass, dass d‘Fra vum Timur Ivanov, ee vun de Käpp hannert der russescher Invasioun an der Ukrain, mat Lëtzebuerger Placken ënnerwee ass. Oder war?

RTL ass der Saach nogaangen.

Wou kënnt d’Foto hir?

D‘Maria Pevchikh huet d’Foto op Twitter gepost. Zesumme mat villen anere Fotoen a Videoen, déi weisen, wéi d‘Svetlana Maniovich (respektiv Ivanova), d’Fra vum zweete Mann am russeschen Defenseministere, a Groussbritannien, Frankräich an Italien d‘Liewe genéisst. Och den däitsche Spiegel oder nach déi US-amerikanesch Chaîne CNN hate sech fir d‘Recherche vun der Aktivistin interesséiert.

D‘Maria Pevchikh schafft bei der russescher Anti-Korruptiouns-Fondatioun FBK, déi 2011 vum russeschen Oppositionellen Alexei Nawalny gegrënnt gouf. Do ass si Cheffin vum investigativen Departement. Si huet Recherchen gemaach iwwer déi onbeschwéiert Reese vun der Fra vun engem ranghéije Beamte vum Putin duerch Europa. Op engem Video, deen d‘Maria Pevchikh gepost huet, gesäit een, wéi d‘Svetlana Maniovich Party am franséische Schigebitt Courchevel gemaach huet. Virun net emol dräi Woche sollen déi Biller gemaach gi sinn. Eppes méi wéi ee Joer nom Ufank vum Krich an der Ukrain.

Wärend hire Mann, de Vice am russesche Verdeedegungsministère Krich mécht, genéisst d‘Svetlana Maniovich ganz offensichtlech e Liewen am Luxus. Am néngte vun am Ganzen 22 Bäiträg op der Plattform Twitter, erkläert d‘Maria Pevchikh, dass d‘Koppel Ivanov genuch Suen huet, fir zwee iwwer 20 Joer al Rolls-Royce: ee fir doheem zu Moskau an ee fir op der franséischer Côte ze fueren. Deen op der Riviera huet giel Placken: L-XE7878. Mir hunn Kontakt mat der Maria Pevchikh opgeholl. Si war bereet, RTL iwwer Mail e puer Explikatiounen iwwer hir Recherche ze ginn.

An deenen taucht den Auto mat de giele Placken ëmmer nees op. Sou och op enger Foto déi aus dem Summer 2018 staamt. D‘Svetlana Maniovich poséiert a Südfrankräich nieft dem Rolls-Royce.

RTL © navalny.com

2014 soll d‘Russin och am Cabrio ënnerwee gewiescht sinn. Um Steier sëtzt FBK no hire Mann.

RTL © navalny.com

Hei steet den Auto um Pont. D‘Lëtzebuerger Placken ganz däitlech ze gesinn.

RTL © navalny.com

Sinn et richteg Lëtzebuerger Placken?

RTL huet bei der Société Nationale de Circulation Automobile nogefrot, ob et déi Placken effektiv ginn. D‘SNCA confirméiert. Den Auto mat der Lëtzebuerger Plackennummer XE7878 wär allerdéngs zanter dem 27. September 2016 net méi zu Lëtzebuerg ugemellt.

Ënnert anerem wéinst der Foto aus Südfrankräich am Joer 2018, kann een dovun ausgoen, dass d‘russesch Koppel och nach mat Lëtzebuerger Placken ënnerwee war, nodeems d‘Immatrikulatioun bei der SNCA net méi erneiert gouf. An deem Fall wär den Rolls-Royce mat deem Nummereschëld illegal ënnerwee.

Kënnen d‘Lëtzebuerger Autoritéiten näischt dogéint ënnerhuelen?

D‘SNCA äntwert op Nofro hin, dass si u sech net informéiert gëtt, wann en Auto schonn esou laang net méi ugemellt ass. Et sief dann, et géing eng grav Infraktioun virleien. Da géif d‘Coopération policière kontaktéiert ginn. Warscheinlech misst et dann en Echange tëscht der Lëtzebuerger an der auslännescher Police ginn. Wann den Auto mat deenen ale Placken a Frankräich géing kontrolléiert ginn, géif de Chauffer awer protokolléiert ginn. Méi wäit géif et héchstens goen, wann de Rolls-Royce op Lëtzebuerger Territoire géif ugehale ginn.

Den Timur Ivanov steet op der Lëscht vun den EU-Sanktioune géint Russland. An huet awer en Auto mat Lëtzebuerger Placken?

Generell ass et jo esou, dass jiddereen, dee seng Residenz oder seng Firma zu Lëtzebuerg ugemellt huet, och een Auto hei kann immatrikuléiere loossen. FBK wëll a senge Recherchen och op d‘gro Kaart vum Rolls-Royce gestouss sinn.

RTL © navalny.com

Beim Auto handelt et sech ëm e Rolls-Royce Corniche. D‘Koppel soll den Auto 2011 kaaft hunn an en bei hirer Lëtzebuerger Gesellschaft registréiert hunn: Elenco S.A mat Sëtz op 54, Avenue de la Liberté an der Stad.

RTL-Informatiounen no existéiert déi Firma zanter 2017 net méi.

2014 huet Russland d‘ukrainesch Hallefinsel Krim mat Gewalt annexéiert an domat sëllege vëlkerrechtlech Verträg violéiert. Den Timur Ivanov war deemools Vice-Premier vun der Oblast Moskau.

An tëscht ass hie Stellvertrieder vum russesche Verdeedegungsminister Sergei Schoigu a steet wéinst senger Bedeelegung un der russescher Invasioun an der Ukrain op der EU-Sanktiounslëscht.

Haut kéint hie sou einfach keen Auto méi zu Lëtzebuerg immatrikuléiere loossen. Mä de besote Rolls-Royce krut 2011 seng Placken: dräi Joer virun der russescher Annexioun vun der Krim, an nach vill méi laang virum Krich an der Ukrain.

Et misst een den Auto scho mat eegenen Aen a Südfrankräich gesinn, fir iwwerpréiwen ze kënnen, ob d‘Svetlana Maniovich nach ëmmer mam Youngtimer mat de Lëtzebuerger Placken um Stroosseverkéier deel hëlt oder net. Déi lescht Foto vum Auto, déi een datéiere kann, ass déi vun 2018. Op der Foto, déi d‘Russin selwer op der Plattform Instagram gedeelt huet, gesäit een d‘Placken net. Deemools wären d‘Placken awer schonn ofgelaf gewiescht. Am Abrëll 2020 huet d‘Svetlana Maniovich déi lescht Foto op hirem Instagram-Profil gepost.

Wéi ass et iwwerhaapt méiglech, dass d‘Svetlana Maniovich hir Frankophilie sou fräi ausliewe kann?

Ëmmerhi huet d‘Europäesch Unioun zejoert och Sanktioune géint den Timur Ivanov decidéiert.

D‘Koppel huet wuel getrickst: der Recherche vun der Anti-Korruptiouns-Fondatioun no huet d‘Svetlana Maniovich sech vum Ivanov scheede gelooss, fir d‘Sanktiounen z‘evitéieren. FBK, déi 8.000 Noriichten aus der Maniovich hirer Mailbox analyséiert huet, geet dovun aus, dass d‘Koppel nach zesummen ass.

D‘Stëftung vum emprisonéierten Putin-Géigner Nawalny wëll och erausfonnt hunn, dass d‘Koppel Ivanov sech dat Luxusliewen nëmmen duerch Korruptioun leeschte kann. A sengem offiziellen Amt géif den Ivanov ëmgerechent ronn 280.000 Euro am Joer verdéngen. En zolitte Salaire, mä geet dat duer, fir e Luxus-Liewen mat Villen, Yachten, mat Luxus ouni Enn tout court? Eleng an enger Paräisser Bijouterie soll seng (Ex-)Fra iwwer 100.000 Euro ausginn hunn. A Reparature fir de Rolls-Royce mat de Lëtzebuerger Placke solle sech op 75.000 Euro chiffréiert hunn. Op d’mannst schéngt d‘Koppel den Auto gutt ze versuergen.

Fir komplett ze sinn: de Grënner vun der Anti-Korruptiouns-Fondatioun FBK Alexei Nawalny souz an Russland scho 14 Mol isoléiert am Prisong. Ëmmer nees gi seng Prisongsstrofe verlängert. Rezent gouf gemellt, hie géif op en neits wéinst Extremismus ugeklot ginn. De Kreml wëll den Oppositionelle fir bis zu 30 Joer aspären. Och d‘Personal vun FKB si Regimmgéigner. Hir Recherche si gutt dokumentéiert. Onofhängeg iwwerpréiwe loossen all d‘Faite sech net.

 

Sieh dir diesen Beitrag auf Instagram an

 

Ein Beitrag geteilt von Maria Pevchikh (@maria_pevchikh)

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.