Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

RTL-Faktencheck: Lounen oder Kafen – Wat lount sech finanziell méi?

RTL-Faktencheck: Lounen oder Kafen - Wat lount sech finanziell méi? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg schéngt et, wéi wa jiddereen en Haus oder Appartement kafe wëll. Mat der Begrënnung “dann ass et wéinstens mäin eegent” stierze sou munch Leit sech fir 30 Joer an d’Scholden. Mä ass dat iwwerhaapt nach lukrativ?

Fréier huet et sech dacks gelount, säin Eegenheem ze kafen oder souguer bauen ze loossen. De Marché huet sech iwwert déi lescht Joerzéngten awer verännert. Laut dem Statec ass Verdeelung vu Locatairen a Proprietären zu Lëtzebuerg relativ d’selwecht. Ob een dann elo éischter kafen oder loune sollt, hänkt vun e puer Facteuren of.

Esou spillt Openthaltsdauer am Land eng Roll. Huet ee Wëlles just e puer Méint oder maximal 5 Joer zu Lëtzebuerg zu liewen, oder plangt een hei al ze ginn? A spezifesche Fäll, wou Leit vun hirem Patron gefrot ginn fir eng Zäitchen an en anert Land schaffen a wunnen ze kommen, kënne si fir de Loyer en Zouschoss vum Patron ze gutt hunn. Natierlech hänkt et och dovun of, wéi vill Budget een op der Säit huet a wéi déi familiär Situatioun ass. Eng Koppel mat zwou Paie fënnt méi séier eppes, wéi eng Famill mat dräi Kanner an Hausdéieren.

Fir déi eng ass direkt kloer, dass si eppes kafe wëllen. Anerer si gäre flexibel an tendéieren zum Lounen. Béid Wunnformen hunn hir Vir- a Nodeeler.

Méi flexibel, mee manner einfach mat Hausdéieren

Wann een en Haus oder en Appartement lount, ass de finanziellen Opwand villäicht manner grouss. Dofir muss een am Alldeegleche liewen awer mat Aschränkunge liewen. Hei e puer Vir- a Nodeeler vum Lounen.

Finanziell Sécherheet awer och gebonnen

Wann een en Haus oder en Appartement keeft, mécht een eng grouss Investitioun. Dofir huet een awer vill méi Fräiheeten. Hei e puer Vir- a Nodeeler vum Kafen.

An der Locatioun

Mä wat lount sech ënnert den aktuelle Bedéngungen finanziell méi? Den Attilio Porrini ass Courtier an Immobilien-Kreditter an huet un Hand vun engem Beispill d’Rechnung gemaach. Dës Berechnungen baséieren op de Konditioune vun Ufank August 2023.

Am Beispill gi mir vun enger Wunneng aus, déi an der Stad ass. D’Appartement huet zwou Kummeren, 80 Meter Carré, eng Parkplaz an eng Koppel vun 30 Joer ouni Kanner wäert hei wunnen. Den Duerchschnëttspräis kann een op dësem Site schätze loossen. Deemno géif de Loyer fir en Appartement mat dëse Charakteristiken an der Stad ronn 2.056 Euro ouni Chargë kaschten.

RTL

De Courtier geet vun 250 Euro de Mount fir d’Chargen aus. Fir d’Versécherung ginn nach eng Kéier 50 Euro dropgerechent. Dëst mécht zesumme mam Loyer eng Zomm vun 2.356 Euro de Mount.

Op dräi Joer wieren dat 84.816 Euro. No fënnef Joer hätt ee knapp 141.360 Euro bezuelt.

An als Proprietär?

Fir en Appartement an der Stad mat de selwechte Konditiounen, wéi an eisem Beispill uewendriwwer, bezilt ee ronn 780.000 bis 790.000 Euro, sou den Duerchschnëtt op der Immobiliëplattform AtHome.

Kafpräis 789.500 Euro
Acte d’achat 5.000 Euro
Käschte Registréierung 15.265 Euro
Acte hypothécaire 5.000 Euro
Käschte Bank 2.000 Euro
Liewensversécherung P1 eemoleg Primm
Liewensversécherung P2 eemoleg Primm
Eegekapital 66.765 Euro
Prêt 750.000 Euro
Viraussiichtlech Käschte pro Mount 3.574 Euro pro 360 Méint
mat engem Taux vu 4%

Wéi an dëser Tabell ze gesinn, kommen nieft de Käschte fir d’Appartement u sech, nach d’Käschte vun der Bank, vum Notär a vun der Registréierung dobäi. Dës belafe sech en Total op 27.265 Euro. Da kommen nach d’Käschte vun der Liewensversécherung dobäi. Dëst kascht 13.580 Euro pro Persoun, wann een d’Primm unique ze gutt huet. Dës kann een op ee Coup bezuelen, oder wéi de Prêt all Mount. Wann et als eemoleg Primm bezuelt gëtt, huet dëst steierlech Virdeeler vun ronn 3.600 Euro. Méi konkret hänkt dat dovun of, wéi ee selwer besteiert gëtt. An och bei de Niewekäschte fir d’Hypothéik an d’Bank, déi sech op ongeféier 7.000 Euro belafen, kann ee ronn 2.100 Euro Steiere spueren. Esou d’Berechnunge vum Attilio Porrini. Bei de Niewekäschten ass awer ze berécksiichtegen, dass de Präis dovun ofhänkt, wéi séier de Notaire schafft a wéi vill e berechent.

D’Zënsen, déi een op de Prêt bezilt, sinn natierlech och net fir näischt. Fir dëse Prêt bezilt een an deenen 30 Joer en Total vu 536.640 Euro. An den éischte Jore bezilt ee mat eng variabelen Taux méi wéi am Verlaf vun deenen 30 Joer. Wat een nämlech manner zeréckzebezuelen huet, wat d’Zënse manner ginn.

Am Resumé heescht dat…

De Courtier huet eis eng Kéier alles zesummegerechent.

Locataire Proprietär Präisdifferenz
Joer 1 bis 3 84.816 Euro 109.207 Euro +24.391 Euro
677 Euro de Mount
Joer 1 bis 5 141.360 Euro 162.325 Euro +20.965 Euro
349 Euro de Mount

D’Conclusioun: Zemools déi éischt Joren ass Kafen immens deier an als Locataire kann een op kuerz Zäit tëscht 349 an 677 Euro spueren. Dat ass de Moment awer just esou, well d’Zënsen esou héich sinn. Wann dës rëm géifen erof goen, wier d’Situatioun eng ganz aner.

“Eng Immobilie kafen, wäert op laang Dauer awer ëmmer méi lukrativ sinn. Esou Situatiounen wéi mir aktuell hunn, respektiv Krisen, kommen ëmmer rëm. D’Erfarung weist awer, dass et sech schlussendlech rëm stabiliséiert an ee beim Verkaf Gewënn mécht. A souguer an der aktuelle Lag mécht een als Proprietär laangfristeg Gewënn”, erkläert den Attilio Porrini.

De Christoph Krause ass Immobilienagent zu Lëtzebuerg. Hien stëmmt zou, dass sech Immobilien och a Krisenzäiten ëmmer nach verkafen. Et wier awer wichteg, dass dann de Präis stëmmt. “Die Zeit von Tagesträumern und überzogenen Preisvorstellungen sind vorbei”, sou den Agent.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.