Scroll Top

RTL-Faktencheck: Stécht de Patron d’Suen an, déi de Prisonéier verdéngt?

RTL-Faktencheck: Stécht de Patron d'Suen an, déi de Prisonéier verdéngt? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

© Céline Spithoven / RTL (Archiv)

Rezent krute mir bei RTL e Message geschéckt, an deem behaapt gouf, datt d’Prisonéier vun hirem Patron ausgebeut ginn. Vu “moderner Sklaverei” war do riets. Mir hu mol nogefrot.

Ufank Februar hat sech eng Persoun bei RTL gemellt a sech driwwer opgereegt, datt Prisonéier an enger Form vu “moderner Sklaverei” musse schaffe goen. Der Persoun no géif en Detenu just 350 Euro de Mount Pai kréien an déi aner 1.700 Euro stécht sech de Patron an d’Täsch: “Da leeft d’Firma jo gutt“, war eng vun den Uschëllegungen. Mir sinn där Saach nogaangen an hu bei der Prisongsverwaltung nogefrot.

RTL

De Prisonéier muss schaffen

Esou wéi et am Gesetz vum 20. Juli 2018 Artikel 27 virgesinn ass (“Chaque condamné est tenu d’exercer le travail lui assigné par le directeur du centre pénitentiaire. Le travail assigné doit tenir compte de l’âge, du sexe, des capacités physiques et mentales, de la santé et de la personnalité du condamné. Le refus non justifié d’exercer le travail assigné peut être sanctionné disciplinairement.“) ass all Prisonéier gesetzlech dozou verflicht, fir enger Aarbecht nozegoen.

Am Centre pénitentiaire de Luxembourg – kuerz CPL – zu Schraasseg ginn et divers Atelieren, an deenen d’Prisonéier schaffe kënnen: Kichen, Garage, Fraen-Atelieren, polyvalent Atelieren, Usträicher, Schlässerei, Schräinerei, Gäertnerei an d’Spidolswäscherei. Dës Plaze gehéiere bal all zum Prisong, eenzeg d’Spidolswäscherei ass en externe Betrib.

Am Centre pénitentiaire de Givenich – kuerz CPG – gesäit d’Saach e bëssen anescht aus. Hei ginn et wuel intern Atelieren am Prisong selwer, wéi Kichen, Landwirtschaft, Gäertnerei, Usträicher, Elektriker, Schlässerei, Heizung a Sanitär, awer den Detenu, deen am oppene Vollzuch ass, kann hei och fir extern Betriber schaffen, bei deenen hien dann och de gesetzleche Mindestloun ze gutt huet.

Wat verdéngt een am Prisong?

D’Pai vun den Detenuen ass gesetzlech festgeluecht a belafe sech op tëscht 2,05 Euro bis 4,75 Euro pro Stonn. Am Verglach läit den netqualifizéierte Mindestloun aktuell bei ronn 15,25 Euro d’Stonn respektiv 2.637,79 Euro pro Mount

De Verdéngscht hei hänkt vu verschiddenen Aspekter of. Si hunn an definéierte Fäll och eng Indemnitéit, wa si krank sinn, zegutt. Dobäi kënnt dann nach eng Pauschal, déi bal all Prisonéier, egal ob e schafft oder net, kritt. Dat sinn 2,50 Euro den Dag. Eenzeg déi Leit, déi am CPG am oppene Vollzuch extern schaffe ginn, kréien dës Indemnitéit net.

D’Prisongsverwaltung präziséiert dann nach, datt d’Detenuen hire ganze Salaire fir sech hunn an näischt dovu mussen ofginn. Si kënnen och fräi iwwer hire Salaire verfügen. Si kënnen d’Suen un d’Famill ginn, hir Affer entschiedegen oder d’Geriichtskäschte bezuelen. Si hunn awer och d’Méiglechkeet, sech zousätzlech Saachen am Prisong ze kafen. Vun der Prisongsverwaltung kréie si scho Verschiddenes, wéi verschidden Hygiènesartikelen an dräi Moolzechten den Dag gestallt. Mat hire Sue kënne si sech da weider Iesswueren oder Hygiènesproduite vu verschiddene Marke kafen. D’Sue kënnen och genotzt ginn, fir ze telefonéieren.

D’Verkafspräisser am Prisong sinn dann déi exakt Akafspräisser fir d’Grossisten, erkläert d’Verwaltung. D’Detenue kënnen esouguer vun eventuelle Remisë profitéieren, wann dës gi sinn. Ausnam hei sinn d’Zigaretten. Am CPL gëtt et e fixe Buttek an am CPG kënnt zwee Mol d’Woch e Liwwerservice, bei deem d’Prisonéier akafe kënnen.

Prisongsaarbecht zielt net fir d’Pensioun

D’Aarbechten, déi den Detenu am Prisong mécht, kritt hien net bei seng Pensioun ugerechent. Och huet een, wann een entlooss gëtt, kee Recht op Chômage an de REVIS kritt een och net automatesch. Beim REVIS hänkt vun der administrativer Situatioun of an et muss ee verschidden Demarchë maachen, fir dësen kënnen ze kréien, esou d’Prisongsverwaltung.

Fazit: De Patron oder de Prisong zéie keng Suen an

D’Kritik, datt d’Prisonéier schaffe ginn an de Patron sech beräichert, ass also net richteg. Et gëtt keen Deel vun der Pai vum Detenu agezunn, dëse ka mat senge verdéngte Sue selwer maachen, wat hie wëll. De Stonneloun vum Prisonéier an och déi aner Indemnitéite si gesetzlech festgeluecht a variéieren deemno, wéi vill Stonnen d’Persoun de Mount schafft. Natierlech sinn dës mat maximal 4,75 däitlech manner héich, wéi ausserhalb vun de Prisongsmaueren, wou den onqualifizéierte Mindestloun bei ronn 15,25 Euro pro Stonn läit.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.