Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

RTL-Faktencheck: Verdénge Fraen ëmmer nach manner wéi Männer?

RTL-Faktencheck: Verdénge Fraen ëmmer nach manner wéi Männer? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Zënter de 70er Jore ginn et ëmmer rëm Diskussioune ronderëm den “Gender-Pay-Gap”. Heimat ass d’Differenz gemengt tëscht deem, wat Fraen a wat Männer duerchschnëttlech verdéngen. Mä ass dat haut ëmmer nach de Fall? Mir hunn de Faktencheck gemaach.

Tatsächlech verdénge Fraen duerchschnëttlech nach ëmmer manner wéi Männer. Wéi héich d’Differenz ass, ass vu Land zu Land anescht. An der EU läit den “Gender-Pay-Gap” (GPG) bei 13 Prozent, esou d’Zuele vun 2020. Vereinfacht kann ee sech dat esou virstellen: Wann de Mann 1 Euro kritt, verdéngt d’Fra just 0,87 Euro. Am héchsten ass d’Differenz a Litauen mat 22,3 Prozent. Eis däitsch a franséisch Nopere leien am Ranking och zimmlech wäit ënnen. An Däitschland huet een en “Gender-Pay-Gap” vun 18,3 Prozent, a Frankräich sinn et 15,8 Prozent. An der Belsch gesäit et da scho besser aus. Hei läit d’Differenz vum geschlechtsspezifesche Verdéngscht “just nach” bei 5,3 Prozent.

Lëtzebuerg läit bei wäitem vir an zwar op der éischter Plaz vun dësem Ranking. Den “Gender-Pay-Gap” ass bei eis bal ausgeglach. Méi genee hu mir hei am Land eng Differenz vun 0,7 Prozent.

RTL © Grafik vun Eurostat

Situatioun zu Lëtzebuerg

Wéi uewe scho geschriwwen, steet Lëtzebuerg zimmlech gutt do, wat den “Gender-Pay-Gap” ugeet. 2020 louch dëse jo bei 0,7 Prozent. Dat war awer net ëmmer sou. Am Joer 2007 louch den GPG nämlech nach bei 10 Prozent. De Statec geet dovun aus, dass d’Differenz mëttlerweil bei bal 0 läit.

Dat gëllt awer net fir all Secteuren

Wärend an deenen enge Beräicher d’Männer däitlech méi verdéngen, ginn et och Secteuren, wou de GPG souguer negativ ass. Dat heescht, dass hei d’Fraen esouguer e méi héijen duerchschnëttleche Stonneloun hu wéi d’Männer. Am Immobilien- an Assurancësecteur kommen d’Männer däitlech besser ewech. Hei verdénge Fraen am Duerchschnëtt 23 Prozent manner, sou d’Berechnunge vum Statec. Am kënschtleresche Beräich ass et ëmgekéiert. D’Frae verdéngen duerchschnëttlech bal 17 Prozent méi wéi hir männlech Aarbechtskolleegen.

“Gender-Pay-Gap” muss net bei 0 bleiwen

Dem Statec no wier et méiglech, dass den GPG an Zukunft negativ gëtt. D’Zuele vun de leschte Jore weisen nämlech eng speziell Entwécklung. Op der Grafik hei drënner gesäit een, dass besonnesch an den héijen Altersklasse Frae bal een Drëttel manner verdénge wéi Männer. Wat een an der Altersklass erofgeet, wat den “Gender-Pay-Gap” méi kleng gëtt, bis et tëscht 35 a 45 Joer dann zu engem Ëmschwong kënnt. Weiblech Salariéen ënner 39 verdéngen dann op eemol méi wéi hir männlech Kolleegen. An dësen negativen “Gender-Pay-Gap” gëtt ëmmer méi grouss. An der Altersklass 15 bis 19 Joer verdénge Frae souguer 15 Prozent méi wéi Männer. Dorausser kéint ee schléissen, dass den “Gender-Pay-Gap” an Zukunft negativ ausfält a Fraen duerchschnëttlech e méi héije Stonneloun hunn.

De ganzen Dossier vum Statec zu de Salairë kënnt Dir hei noliesen.

Wat gëtt zu Lëtzebuerg fir d’Egalitéit gemaach?

Zu Lëtzebuerg gëtt sech zënter den 90er Jore mam “Gender-Pay-Gap” auserneegesat. Et gëtt zum Beispill de Programm Actions Positives vum Ministère fir Gläichstellung tëscht Fraen a Männer. Dëse Programm ass fräiwëlleg a soll Entreprisen hëllefen, en integratiivt a gläichberechtegt Ëmfeld ze schafen. D’Entreprisë kënnen dëst dann och zertifiéiere loossen.

Weider setzt de Ministère och vill op Sensibiliséierung an Opklärung. Sou gouf zesumme mat der Chambre des Salariés e Guide d’Égalité ausgeschafft a mam Aarbechtsministère eng Ulafstell kreéiert, wou ee sech am Fall vun Inegalitéit op der Aarbecht melle kann.

Am Joer 2016 gouf dunn och e Gesetzestext ausgeschafft an am Code du Travail iwwerholl, wou eng Inegalitéit am Salaire als Infraktioun gëllt.

E puer Probleemer vum “Gender-Pay-Gap”

Den “Gender-Pay-Gap” baséiert sech op den duerchschnëttleche Stonneloun vun enger ganzer Populatioun. Dat heescht, dass eng ganz Partie Facteuren hei net mat abezu sinn. Mëttlerweil ënnerscheet een dowéinst tëscht dem berengegten GPG an dem onberengegten GPG. D’Zuele vum Statec an Eurostat ginn den onberengegten GPG un. Am berengegten GPG ginn zum Beispill de Bildungsstand wéi och d’Aarbechtszäit matagerechent.

Den “Gender-Pay-Gap” kann also och changéieren, ofhängeg dovu wéi vill Facteuren an d’Berechnung mat afléissen. Hëlt een zum Beispill de Revenu vum Joer mat de Primmen, kritt ee ganz aner Wäerter eraus an zwar en GPG vu 7,16 Prozent.

Weider misst een och de Facteur betruechten, dass Fraen hir Karriär méi dacks ënnerbrieche wéi Männer. Hei spillen de Congé maternité an de Congé parental eng Roll.

Den “Gender-Pay-Gap” gëtt also en Iwwerbléck, wéi gläichgestallt Fraen a Männer verdéngen. Et muss een awer am Hannerkapp halen, dass ze vill Facteure bei der Berechnung vum GPG net mat afléisse, fir et als exakte Spigel vun der Realitéit ze gesinn.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.